Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Speed Foto Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1880)


Geschrieben von gilbycoyote am 14.04.2012 um 10:16:

Lampe Speed Foto Concours

Ech hun eng idee fir een concours an ech weilt gären wessen vun den leit ob et interessen get esou eppes iwerhaapt matzemaachen.
Den concours as eng oofleedung vum HotShots cours deen den Kevin Meredith an england leed.

Geknipst get op Film.
Jidfereen deen matmescht krit eng Lomo LC-A mat engem X-Pro 100 film.
Selweschten fotoapparat an film fir jidfereen, dann geet et drem an engem zeitraum vun 90minuten 60 fotoen ze knipsen. Des Fotoen gin dann entweckelt an vun enger onoofhängeger Jury bewert.

Deen deen deelhuelen weilt misst eben just den Film an d entweckelen bezuelen (15€ bis elo, mee do keint een nach en deal mat engem Photograf angoen)Ech wees et as schweier leit ze motiveieren fir eppes wou een muss bezuelen dofir

Ech weilt am virfeld just emol wessen ob bei den Leit hei um Photogen en interessen do wier bei esou eppes deelzehuelen, an deemno wei keint dat jo och en offiziellen Photogen Concours gin?

Sot mer wat der dovun halt

An rappt mech net an stecker wann et ierch net gefällt smile



Geschrieben von Metalbambi am 15.04.2012 um 11:39:

 

Klengt cool, also ech wier derbäi wann et zäitlech méiglech ass. Lomo ass ëmmer gäil, an ass interessant et mol just op d'Fotoen ze reduzéieren.



Geschrieben von chrisykris am 16.04.2012 um 19:17:

 

Kléngt ganz interessant!
Bréicht een dann fir d'Léinen vun der Lomo näicht ze bezuelen? Vu wem kritt een déi dann?
Ech wier interesséiert, a gespaant méi Detailer gewuer ze ginn, falls et sech konkretiséiert.

MbG
Christophe smile



Geschrieben von BlackPanther am 27.04.2012 um 13:21:

 

Salut gilbycoyote! fröhlich

Fannen deng Iddi TOP, an et giff mech wierklech freen wann mer soueppes organiseiert kriiten!
vue dass ech mech op photogen.lu em Events an Concoursen an sou kemmeren wier et flott wanns de dech einfach mat mir an Verbindung kiins setzen soubaals de prett fir ze starten bas, an dann maachen mer daat iwwer dPlattform! Augenzwinkern

Giff mech freen vun dir ze heiren smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH