Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Roulot'ographe Workshop (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1842)


Geschrieben von gloda am 25.01.2011 um 18:09:

  Roulot'ographe

Déi Roulotte déi ausgesäit wéi e Fotoapparat ass mer elo op Gizmodo an op PeatPixel begéint. Ech ginn awer net aus hirem Site schlau.
http://www.roulotographe.lu/
Entweder de Site ass schlecht gemaach oder et gëtt néirens anstänneg erklärt wat den Duerchschnëttsfotograf hei zu Lëtzebuerg vun deem Truc huet. Kennt een dat, wat geschitt do, ass et derwäert?



Geschrieben von JADE am 25.01.2011 um 18:22:

 

ech huelen jo un du hues op "information" geklickt großes Grinsen
--> http://ascholtus.free.fr/info_roulot%27ographe.pdf

hun zwar elo nêt alles gelies, mee daa twaert fir Leit wéi ech sin Augen rollen
oder fir Schoulen déi esou een atelier matt den Kanner/Schûler besichen wêllen/kennen

ah, du wolls vun flash007 schwaetzen? ass effektivzilech vill Onrou dran unglücklich



Geschrieben von xaph32 am 25.01.2011 um 18:38:

  RE: Roulot'ographe

@gloda: ech kennen een vun denen, wanns de wëlls kann ech der den kontakt vermëttelen?

ciao
xav



Geschrieben von gloda am 25.01.2011 um 18:54:

 

Merci, mä ech wollt amfong just wëssen em wat et do geet. Den PDF schwätzt net wierklech dovun u ween sech dat riicht. Wann et fir Schoulklassen ass wier méng Fro jo scho beäntwert.



Geschrieben von xaph32 am 25.01.2011 um 19:01:

 

Zitat:
Original von gloda
Merci, mä ech wollt amfong just wëssen em wat et do geet. Den PDF schwätzt net wierklech dovun u ween sech dat riicht. Wann et fir Schoulklassen ass wier méng Fro jo scho beäntwert.


ech froen dat no



Geschrieben von MarcGerard am 22.11.2011 um 16:44:

Daumen hoch! Roulot'ographe Workshop

ech wollt emol wësse wéi grouss den undrang wier falls mer näcsht joer e RV mam neckel scholtus a mat sénger roulotte man....
also: ween as dobäi

INFO

ech si gespant smile



Geschrieben von BlackPanther am 22.11.2011 um 18:15:

Daumen hoch!

yay! es lebt!! großes Grinsen

sen derbai, as een spannenden Projet! Augenzwinkern



Geschrieben von Charel_L am 09.05.2012 um 17:13:

 

Salut.
Sorry wann ech hei en aalen Thread opgruewe ginn...

Ech wollt amfongeholl dese Samsten mat op Bilsdorf goen, mee ech wees nach net op et fier mech meiglech ass, vu dass ech kuerz fiedrun zwee Bakenzänn gerappt krein.


Kann ech net einfach op der Plaz selwer bezuelen?



Geschrieben von BlackPanther am 10.05.2012 um 14:11:

 

Salut Charel!
den Thread as genau den richtegen - ech wollt den haut och ausgruewen...

Eisen ganz konkreten Problem as neemlech dass sech bis lo JUST ZWEE Lait ungemellt hun, an mir domat wait vun der Mindestzuel wesch sinn - an den Workshop NET organiseiren wärten wann net méi Lait derbai sinn!

Et as am Prinzip keen Problem op der Platz ze bezuelen - mir mussen just SECHER sinn dass dLait kommen, dofir den System - an engem eenzelen Fall maachen mir eng Ausnahm, ech geiff der awer rooden am Aan ze halen op den Workshop och wierklech statt fent.


Fro un all dei aner:
Waat hällt iech dervun oof matzemaachen? den Thema? den Praiss? dPlatz?

Mir wieren WIERKLECH frou bessi Feedback zum Thema ze kreien,
an et giff eis immens freen wann mer nach eng Halef Dozen mei Aschreiwungen hätten - wanns de also dInvitatioun enzuech kanns hinschecken, ONBEDINGT nach puer Lait froen!!! Augenzwinkern



Geschrieben von wuff am 10.05.2012 um 19:29:

 

Salut!
Ech hun mech ungemellt an och bezuelt awer nach emmer keng Confirmatioun kritt dass ech ungeholl sin. Sinn ech dann elo deen zweeten deen sech ungemellt huet oder as bei der Iwwerweisung eppes schiif gelaaf?



Geschrieben von Johny am 10.05.2012 um 20:21:

 

Ech hun domat gewaard well et eben net fest ass dass mer en iwwerhaapt kënne maachen, well de Minimum am fong bei 6 Leit läit...



Geschrieben von wuff am 10.05.2012 um 20:49:

 

Ok Merci



Geschrieben von Charel_L am 11.05.2012 um 14:37:

 

Ech ging definitiv matman (ausser lo vlt dese Weekend)!
Ech fannen et eng ganz gudd Saach, haaptsächlech well et vlt mei jonke Leit beibrenkt wou d'Fotographie hierkennt an dass et och mol eng Keier mei war wei nemmen mam iPod oder iPhone ze knippsen.

Ech froen nach puer Leit, vlt krein mer der jo 6 zesummen.

Dei Preis ass e besse vill, mee akzeptabel (mier si jo zu Letzebuerg...). Den Ennerscheed zwechen dem Preis fier Membren and net-Membren ass just fraglech grouss.



Geschrieben von Johny am 11.05.2012 um 14:45:

 

Ass gutt dass de mol nofrees smile

Also och bei anere Workshopen déi mer schonn ugebueden hunn war emmer eng Differenz tëscht Member an Net-member, dat wärt och ëmmer esou bleiwen. Dass Differenz hei sou grouss ass erklärt sech sou ongeféier: Dëst kascht eis och net wéineg, an fir eis Memberen si mer Bereed ze soen mer huelen en Deel vun de Käschten op eis, fir Net-memberen ass dat awer net de Fall. Dofir dësen Ënnerscheed smile



Geschrieben von BlackPanther am 14.05.2012 um 16:52:

 

Dem Johny sain Kommentar zum Praissennerscheed erklärt et ganz gudd!

mee kuk: et kann een jo nach emmer séier Member ginn, wann daat den Problem wier, wier en domat einfach geléisst, an et béid Saiten kéimen gudd derbai wesch! Zunge raus


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH