Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Workshop Concertsphotographie (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1817)
Geschrieben von Schluck am 23.09.2011 um 09:33:
Workshop Concertsphotographie
Salut alleguerten,
ech wollt eventuell eng kéier een Workshop mam Thema "Concertsphotographie" organiséieren. Ech hun do ee puer Idéen wéi an wou een sou eppes kéint machen an wollt dofir mol froen ob ët iwwerhaapt Léit ginn déi dat géif interesséeieren.
Geschrieben von Abacab am 23.09.2011 um 10:07:
RE: Workshop Concertsphotographie
Salut Schluck,
Jo da ging mech wierklech interesséieren!
Bescht Gréiss
-Marc-
Geschrieben von aladin am 23.09.2011 um 15:51:
RE: Workshop Concertsphotographie
Salut Schluck ,
Den Workshop geif mech och interesseieren
Matt frëndleche Greiss
Geschrieben von Mexx am 23.09.2011 um 18:10:
sou wait ech am Land sin, sine ch och dobai.
Mee dat hat ech jo schon eng keier ugekennegt
Geschrieben von Pit am 23.09.2011 um 21:50:
RE: Workshop Concertsphotographie
Jo, wär interessant
Geschrieben von DarkRoom am 24.09.2011 um 09:02:
Majo ech géif do och derbäi sin wann ech däerf (an et zäitlech passt)
Geschrieben von Jean-Jos am 24.09.2011 um 18:52:
Dat géing mech nawell och intresséieren, wann et zäitlech méiglech ass. Eng flott Initiativ!
Geschrieben von Schluck am 24.09.2011 um 19:33:
Cool, freet mech dass Interessi do ass ... ech probéieren dat dann demnaechst eng keier ze organiséieren. Muss nach mat ee puer Léit schwaetzen, mais ech sin mer zimmlech sécher dass dat klappt.
Soubal ech eppes konkretes wees soën ech héi am Thread beescheet.
Geschrieben von VeloBen am 25.09.2011 um 11:24:
Klengt interessant.
Wann den Datum passt, wier ech interesséiert.
Geschrieben von Fennec am 27.09.2011 um 15:24:
Salut Schluck,
Wei, wou, weini? wann daat kloer as sin ech gaeren dobei.
Klengt spannend.
bis dann
Patrick
Geschrieben von gogo am 28.09.2011 um 08:13:
Flott Initiativ,
wann et bei mier organisatoresch dranner ass, dann kommen ech och.
Geschrieben von Schluck am 24.10.2011 um 16:41:
Salut alleguerten,
ech hun elo mat den Responsabelën aus der Rockhal geschwaat an ech kann den Workshop do organiséieren. Ech hun och verschiddenen Bands gefroot fir sou eppes ze machen an ech mengen am beschten géif ët bei der
CD-Release vun "We knew John Doe" goen.
Dat ass dann den
Samsteg, 10. Dezember 2011 an der
Rockhal. Et spillen:
20:30 - Rude Revelation
21:30 - Miles to Perdition
22:30 - We knew John Doe
Den Offlaaf vum Workshop hunn ech mer sou virgestallt:
- Treffen um 18:30-18:45 virun der Rockhal
- Theoretesch Einführung (Akkreditierung, Regeln, Technik usw.) beim Iessen niewendrun am Shoppingcenter.
- Prakteschen Deel um Concert (3 Songs, no flash fir all Band)
- Kuerz Analyse vun den Biller
Wenn interesséiert ass matzemaachen w.e.g. een E-mail schreiwen un
schluck@heavymetal.lu wou een sech kuerz virstellt, ob een schon Concertën fotographéiert huet an wéi een Matérial een huet.
Geschrieben von Schlimpitz am 24.10.2011 um 16:43:
bon ech sinn dobei
öhmm jo deen een oder anneren Concert hunn ech schon geknipst looool
Geschrieben von Schluck am 24.10.2011 um 17:02:
Zitat: |
bon ech sinn dobei |
Wann's de mer hëllefs ... gaeren
Zitat: |
öhmm jo deen een oder anneren Concert hunn ech schon geknipst looool |
misst dann sou Nr. 2000 sinn oder sou aenlech
Geschrieben von Schlimpitz am 24.10.2011 um 17:07:
Hellefen? ptain, muss ech och lo nach schaffen?
2000? net grad awer weit dovunn sinn ech net
Geschrieben von DarkRoom am 24.10.2011 um 23:57:
weivill Leit hues de dann welles matzehuelen, bzw kannst de mathuelen ?
wann nach Plaatz, ... sin och gären derbäi
Geschrieben von Schlimpitz am 25.10.2011 um 09:35:
Schluck, vergiess net en uerdentlechen Lightjockey mat ze buchen
))
Geschrieben von DarkRoom am 25.10.2011 um 10:38:
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Schluck, vergiess net en uerdentlechen Lightjockey mat ze buchen
)) |
& d'Niwwelmaschinnen gin mer hinnen virdrun verstoppen
Geschrieben von Schlimpitz am 25.10.2011 um 10:56:
daat ass nach egal, ausser et get eppes wei Sisters of Mercy
et meisst een hinnen mol all dei rout/rosa faarwen verstoppen an den strobo knäppchen
Geschrieben von Fennec am 25.10.2011 um 21:34:
ech gin och mat, hat gemengt et wier Donneschdes, mee dat hei geet och.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH