Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Aal Meetings uweisen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1812)


Geschrieben von gloda am 03.09.2011 um 20:29:

  Aal Meetings uweisen

Esou wäit ech dat gesinn, ginn al Meetings geläscht wann se bis eriwwer sinn. Ech géif et flott fannen wann se amplaz weider iwwer d'Rubrik Meetings opruffbar bleiwe géifen.
Zum engen weist dat eventuellen zukünftegen Memberen dass am Club an parallel zum Site eppes lass ass. Zum aneren ass et eng flott Referenz wann een wëll vun senger Foto zréck bei den Event linken fir der Foto e Kontext ze ginn oder wann ee fir en neie Meeting kucke wëll wéi eppes bei engem Meeting virdrun organiséiert war z.B. eng Auerzäit).
Weider hunn d'Leit nom Meeting nach emol eng Méiglechkeet sech iwwert den Event ze ënnerhalen.



Geschrieben von BlackPanther am 03.09.2011 um 20:39:

 

stemmt, wier flott wann dei aal giffen erhaalen bleiwen... Augenzwinkern
Johny? fröhlich



Geschrieben von Johny am 03.09.2011 um 21:21:

 

Hat am Fong geduecht fir et sou ze maachen dass no engem Meeting jiddereen kann dozou Fotoen erop lueden, d.h. dass en och logescherweis nach ugewise gëtt. Awer wéi ëmmer: D'Zäit déi dermat verbonnen ass, an de Recht vun der todo wou mol nach muss/soll gemaach ginn :/



Geschrieben von gloda am 03.09.2011 um 23:27:

 

Et seet jo keen dass dat elo Top Priority ass smile Ech posten d'Iddien sou wéi se mer an de Kapp kommen, du decidéiers wat s de domat méchs.



Geschrieben von Johny am 04.09.2011 um 11:34:

 

smile



Geschrieben von gogo am 06.09.2011 um 10:05:

 

jo ech sin och dofier!

an d'iddi fier daat ze erweideren (fier fotoen dozou ropzelueden etc..)
dei fannen ech och ganz gudd.



Geschrieben von Mika am 06.09.2011 um 14:01:

 

Fannen ech och gudd! Eischtens fir d'Fotoen vun de Meetinger mei "konzentréiert" ze hunn an zweetens fir neien Leit ze weisen, waat sou leeft bei PG. Mee Johny, gut Ding will Weil haben ;-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH