Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Waat ass mat menger Foto? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1811)


Geschrieben von mischii am 28.08.2011 um 22:30:

 

Jeff, maach der näischt draus,
ech sin och derfir , dass een engem vläicht genau seet waat net stëmmt, a plaatz sou eng viirprogramméiert mail ze schécken, mat där een wierklech frustréiert ass



Geschrieben von Mika am 28.08.2011 um 22:48:

 

Oh Kanner gidd eenz...soss huet den Johny eech nitt präzis genuch erkläert, firwaat d'Foto refuséiert ginn ass, lo ass daat virgefäerdegt och nitt gudd. Soit.

Zur Foto: Ech denken, ech hätt se och nitt ugeholl. Ech muss soen, d'Geschicht rondrem ass wierklech intressant, an mir kéinten all dovunner léieren. Mee d'Foto als Reportage ass halt eben Limit, si ass aus photographescher Siicht einfach näischt extraes. Mee, daat ass och well gesoot ginn, Reportage ass een immens schwéieren Beräich, an do muss een einfach seng Erfahrungen maachen, bis een wierklech gudd Biller kritt. Aaner Motiver sinn do fir een Ufänger mi glécklech gewielt.
Ech wees och nach vum Ufank, dass et eben schwéier ass, daat op d'Foto ze brengen, waat engem selwer deen Moment gefall huet. Du kanns dech nach genau un de Moment vun der Foto erenneren an hues daat ganzt rondrem am Kapp, an daat feelt eis an kennt halt leider nitt op der Foto riwwer.
Et ass gudd, dass du gefroot hues, wéi a wou a waat mat denger Foto ass, mee ech fannen et awer rem nemmen trauresch, wéi hei gepöbelt gett...



Geschrieben von suraki am 29.08.2011 um 17:09:

 

ech well elo net drop agoen ewéi e Bild hei op de Site higehéiert oder net, menger Meenung no gehéieren se all heihinner. Wann elo en dat aneschters gesäit, da misste mer mol lusse goen, an dann .... fänke mer un eis ze zerklappen à la .... ass dees oder déi elo gutt genuch, a gehéiert se wierklech heihin, asw asw .

An der Zäit, et ass nach net esou laang hier, do hunn d'Läit en déprimanten Message kritt, ewéi "du hues der net genuch Gedanke iwwert déi Bild gemaach .... " dee Message do ass automatesch dohinner stoe komm wann d'Bild refuséiert ginn ass. Ech hu mer (vu Läit déi keng Dommheeten erzielen !!) soe gelooss dat et keng Seelenheet war, dat déi Biller och iwwert Handy gekuckt a do fräigeschalt gi sinn? An dann haat deejéinegen schon an dräi Sekonnen, op sengen 3" Schierm, erkannt wéivill Gedanken en aneren sech iwwert säin eegent d'Bild gemaach huet ... mmm ?? Et ass net vir ze pöbelen !, ech gesinn ewéi elo schon dat der vill ,déi hei matliesen, d'Ae verdreiwen. Ech well dermadden soen dat d'Làit déi hier Biller hei weisen, sech wahrscheinlech méi Gedanke maachen ewéi déi Meeschten hei denken, oder déi déi se fräischalten (ech wées dat et keng dankbar ass , an ech wéilt et och net maachen !! )

Op wat ech awer eraus wëll, elo kréien eis Useren net einfach gesot dat d'Bild net ugeholl ginn ass, ... elo kennen se rätselen, an sech eppes aus engem ganze Pak Méiglechkeeten eraussichen wat da net geklappt huet. An dësem spezielle Fall sinn ech selwer gefrot ginn, ... A wann ech se elo aneschters kadréieren, mengs de da wär se gutt genuch?? .

Den den et net betrëfft dem ass et egal, ech kucken aus der Sicht vun de Neien hei op PG. Wann dat d 'Hëllef un eis Jonk Ufänger soll sinn, sorry .. ech kann dat net guttheeschen, och wann et elo e neit System ass. Hei nach emol als Beispill wat gecheckt gëtt, net vir ze stëppelen !! , mä fir sech nach emol e bëssen Gedanken doriwwer ze maachen :



D' Richtlinien, déi net gepasst hun;

An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:

Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung.

Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott.

Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn

Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:

Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.

D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau

D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:

Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer



Jo ech sinn géingt déi virgedreckten Formulen déi de Läit, virun allem de Neien neicht bréngen, an se just am Reen stoe loossen.Kommentaren ewéi dat Bild , huet hei neicht verluer, hëllefen och kengem weider ! Wa net gezielt ka gesot ginn wat net gutt ass, wär et fir "mech" ! méi mënschlech, engem eng "automatesch" PN mat virgedrecktem Text ze schecken, .... à la :

... gratuleieren,mer fréeen eis der matzedeelen, dat däi Bild elo eng fest Platz hei um Site ageholl huet.


Ech wärt mech awer elo heizou net méi äusseren, meng Meenung iwwert déi virgedreckten déprimant Sätz, ass a wärt och an Zukunft nach ëmmer déi nämmlecht ewéi schon virun laanger Zäit sinn, an dat op ech elo weider bei verschiddenen "unecken" oder net smile )



Geschrieben von Johny am 29.08.2011 um 17:45:

 

Dir kënnt diskutéieren an diskutéieren, jiddereen huet seng Meenung. Allerdings ass, den aktuelle System wéi en elo ass, esou ausgeschafft ginn ZESUMMEN MAT ONZEFRIDDE USER an déi waren averstan dass dat gutt esou wier. Dass elo ëmmer nach Leit den System net gefällt ass méi wéi logesch, well, wéi mer alleguer wëssen, kann een net jidderengem et richteg maachen. Ma dat ännert näischt drunn dass d'Chance virun enger gudder Zäit do war fir zesummen ze kucke wat besser ka gemaach ginn, an dass d'Majoritéit vun de Leit FIR dës Léisung war.

Heiansdo muss een eben akzeptéieren dass engem seng Meenung net déi selwecht ass wéi déi vun der Mehrheet, dat ass leider esou.

Ech verstinn iwwregens och gutt dass een denkt all Foto huet op de Site ze kommen, mä wann een dann gesäit wat heiansdo refuséiert gëtt (vun deenen ofgesinn déi op der Limit sinn), dann ass ee séier frou dass en Triage gemaach gëtt.

D' Leit kënne sech iwwregens net eraus sichen selwer wat net gestëmmt soll hunn, mee mir weisen hinnen schonn déi Punkten déi net zougetraff hunn smile



Geschrieben von Jeffrey am 29.08.2011 um 22:57:

 

Am allgemengen wëll ech ierch merci soen, dass dier mer gentfert hudd...
Hannert dem Schierm ass et ëmmer witzeg esou mateneen ze zicken, mee ech sin dervun iwwerzeegt, dass wann mer vis-à-vis sëtzen giffen,.... giffen mer ALL bestëmmt richteg gudd eenz mateneen gin... !! Augenzwinkern

Ech sin mer bewosst, dass de Johny an déi aaner zwee et net einfach hun, an net jidderengem et kënne gerecht maachen.
Elo gëtt sech mol nach hannert e puer aaneren Fotoen gesaat, an vielleicht (vill méi spéit) trauen ech mech nach eng Kéier un dëss Foto erun, an probéieren se esou ze verwandelen, dass der de Kapp net rëselen musst, wann der se gesidd...


Wann elo awer nach eeng mer eng prézis Saach nennen kann, déi em net gefall huet, sin ech iwwert all Krétik dankbar...

Léif Gréiß
Jeffrey



Geschrieben von gogo am 30.08.2011 um 00:09:

 

Also Jeffrey ech hun nemmen 2 Saachen déi ech dier kann soen:

1) maach esou wéider! Hun deng Fotoen an denger Gallerie gekuckt, do sin der puer derbäi, di mer einfach richteg gudd gefaalen.
ech mengen ech selwer kann der net vill Tipps gin, ech gesin mech sws selwer nach als Schueler, mais déng Fotoën wëise mier, dass de den Dréih eraus hues

2) zu deser Foto hei selwer hun ech alles gesoot waat ze soen war, daat ass alles gelaaf wi et gelaaf ass, huel den refus do lo net perseihnlech, well daat war et nie.
Fokusséier déng Energie elo einfach mol op eppes näies an wéis dier/eis/mier! däin nächste Killershot!


Iwwregens et sin elo 3 meetings an kuerzer Zäit, do ass genuch Geléegenhéet sech "vis-à-vis ze gesin" an e Patt ze hiewen ;-)



Geschrieben von Johny am 30.08.2011 um 00:35:

 

An et ass de ganze Comité deen Fotoen kontrolléiert, wollt ech och nach soen Augenzwinkern



Geschrieben von Pit am 17.09.2011 um 11:26:

  Erklärungen

D'Schäerft vun der Foto muss an der Rei sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
- Déi Foto war op aal getrimmt, Schärft ass bewosst erausgehol....wann een Freides net op Sauftour war, misst een dat erkennen...

Se ass vläicht zevill verwackelt.
- Sie ass iwerhapt net verwackelt, mee op aal getrimmt...wann een Freides net op Sauftour war, misst een dat erkennen

Et ka sinn dass de Fokus just falsch gestallt ass
- Nee den Focus war richteg, mee, wei uewen.....déi Sach mat der Sauftour

Déi optesch Qualitéit muss stëmmen
- Nees net wouer, Foto ass op aal getrimmt...den Alkoholspigel vun Freides wahrscheinlech

An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn
- Wann een nach saat ass, erkennt een naischt....

JO iwert sou eng seltendämlech Kritik sinn ech rosen an bleiwen dat lo minimum nach 5 Minuten laang. A wann ech lo een getreppelt hunn, dann ass dat och gudd esou, well hien huet mech och getreppelt.

Ech gin lo leiwer keng Kommentaren of, iwert verschidden Biller déi einfach nemmen Schrott sinn, an eropgelueden goufen (Well ech nach emmer rosen sinn, dei 5 Minuten sinn nämlech nach net eriwer)

Déi Foto déi hei nët gewissen gët ass hei ze gesinn:
http://www.fotocommunity.de/pc/pc/mypics/674485/display/25808665



Geschrieben von Johny am 17.09.2011 um 11:34:

 

11:32, deng 5 Minutte missten eriwwer sinn smile

Och wann een net averstan ass mat dem wat een do gesot kritt, ass et absolut kee Grond ausfalend ze ginn. Op esou eppes däerfs de der dann nämlech och net wierklech vill schlau Reaktiounen erwaarden.

PS: Ech war et selwer net den Nee fir deng Fotoserie gestëmmt huet, mä:
- Däi Link op d'Biller funktionéiert net.
- Fotoen op al trimmen wann se monochrom sinn mee mat faarwegem Grain ass definitiv net passend, dat ass awer eng Kritik an net e Grond fir ze refuséieren.
- bei der eenzelner Foto "Bei den alen Réimer" gesäit et trotzdem aus wéiwann d'Original och schonn net déi bescht Qualitéit hätt. Hues de déi vläicht enzwech online?



Geschrieben von Pit am 17.09.2011 um 11:45:

 

5 Minuten sinn em großes Grinsen , ech sinn lo net mei sou rosen, an ech erwarden mer keng schlau Reaktioun...
Nee, d'Original ass net Online, kann der déi awer schecken, wanns de wells....
Bei mir fonktionéiert den Link.....??



Geschrieben von Johny am 17.09.2011 um 11:47:

 

Bei dir geet en wahrscheinlech wells du ageloggt bass, géifs de an engem aner Browser probéieren, geing et wuel och net goen.

Schéck mer se mol op johny@photogen.lu. Sinn do just bessen firwetzeg amfong smile



Geschrieben von Pit am 17.09.2011 um 13:56:

 

Kriss se den Owend, sinn lo net doheem um PC....



Geschrieben von Gaga am 17.09.2011 um 16:27:

 

...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH