Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Geschäfter hei zu letzebueg ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1794)


Geschrieben von Scorpius am 01.07.2011 um 11:50:

  Geschäfter hei zu letzebueg ?

Ech hu mech gefrot wat fir Geschäfter et hei zu letzebueg gin wou een net nemmen just Kameraen ze kaafe krit mee och enert anerem divers Belichtungszubehör. Dei Geschäfter wou ech kennen an am internet font hun sin just op Kamera spezialiseiert an verkafen och keen Beliichtungsequipement.
Deitschland geng och nach goen, do misst et theoretesch jo suguer na besse mi belleg sin Augenzwinkern
(Fleicht verkeeft jo och een zoufälleg puer sachen, et geet mer haptsächlech em homestudioequipement wei prabli, stativer, reflektoren, hannergrënn..)

Merci am firaus.

Ken



Geschrieben von JohnJ am 01.07.2011 um 11:55:

  heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt

kuk dach mol bei engem vun den Sponsoren vun Photogen ??



Geschrieben von Scorpius am 01.07.2011 um 12:20:

  RE: heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt

Ahhh Lecuit, merci merci, dat wosst ech net fröhlich



Geschrieben von Scorpius am 01.07.2011 um 12:57:

  RE: heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt

Hu mer lo mol puer vereenzelt sachen op der webseit ugekukt an si jo kee kneckert, me bei deene preiser bleiwen ech dan awer leiwer bei Amazon und co Zunge raus



Geschrieben von JohnJ am 01.07.2011 um 13:24:

 

et kritt een emmer fir waat een bezillt soen ech just...
(nee ech schaffen net bei Lecuit ann kreien och keng Prozenter do :o))



Geschrieben von Scorpius am 01.07.2011 um 13:47:

 

Verstin Augenzwinkern Dat hecht du gees awer alt mol dohin akafen an bas zefridden ?
eng alternativ hei zu letzebueg kens de jo net zoufäleg ?



Geschrieben von gloda am 01.07.2011 um 15:05:

 

http://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1608
An deem Thread ass eng Lëscht mat Fotografie Geschäfter aus der Groussregioun. Vill vun deenen hunn och Beliichtungsmaterial.
Tipp: Eisen Forum huet eng Sichfunktioun mat deer een no Informatiounen sichen kann.



Geschrieben von _MiAmI_ am 01.07.2011 um 15:22:

  RE: heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt

kuck emol hei....

http://www.studiobedarf24.de/shop/



Geschrieben von Scorpius am 01.07.2011 um 15:24:

 

Ech wosst et das soueng komme geng hehe me ech hun dsuchfunktioun awer benotzt, ech hu mech wascheinlech just falsch ugeluecht...jidefals wan ech no "Fotosgeschäft" sichen (just am beitragsnum) fannen ech deen post mol net..wan ech dan -er hannendrun machen dan fennt een et..najaaaaa fröhlich
Soen jidefals merci fir deng info gloda fröhlich

merci och _Miami_ !!



Geschrieben von Nathalie am 03.07.2011 um 11:24:

 

Ma den CK Image zu esch huet och vill studiozubehör, leider zwar net am bouteck exposeiert mee wanns de freets kris de katalogen gewisen wou immens vill saachem dran sin. Hun meng prebelien an stativer och vun do an sin super zefridden domat smile



Geschrieben von jekyll am 04.07.2011 um 08:33:

  RE: Geschäfter hei zu letzebueg ?

Géi der des Sait mol ukucken. Ech hun mech schlau gemaat, an daat ass een Produzent aus China, mat enger gudder Reputatioun, déi och Profimaterial hierstellen. Et get bei deenen ganz flott Setten, an den Tester no ze uerteelen duerchaus ze gebrauchen. Kann een och iwwert Amazon.de bestellen, an bei Bedarf zereckschecken et al...

http://www.bestoftechnic.de



Geschrieben von krautheim am 04.07.2011 um 14:14:

 

Salut,
ech hun an der lescht mäin Material (Stativer etc.) beim Fototrade zu Gasperech kaaf. D´Material as vun der Mark B.I.G an ech fannen dat et präislech a qualitativ ganz korrekt as. Si un eng Rei vun Standart Studiosachen am Geschäft an de Rescht kann iwwer Katalog bestallt gin. Hei as de Link, do fennst du och de Katalog fir erofzelueden: http://www.alles-big.de/



Geschrieben von Scorpius am 04.07.2011 um 15:59:

 

Merci @Nathalie, jekyll an krautheim. Mengen mat deenen infoen misst ech epes anstänneges fannen Augenzwinkern
Huet hei iegendeen eng Erfahrung mat der Mark "muslin" gemeet ?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH