Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Tipps fir sech op FlickR bemierkbar ze machen ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1751)


Geschrieben von GarrySchroeder am 15.04.2011 um 19:59:

Fragezeichen Tipps fir sech op FlickR bemierkbar ze machen ?

Hallo PG`ler.

Wei wahrscheinlech schon all (amateur)-Fotograf bemierkt huet , gett et hautdesdachs duerch dei belleg Fotoapparats-Praisser an den zimmlechen Foto-Boom och emmer mei +-"Fotografen".

Zumols ob dem Site FlickR mecht sech dat bemierkbar , wou et ongefeier 7000Uploads pro Minut gett.
Dohier meng Fro , ob ierjendeen vun ierch Tricken kennt fir seng Views/Comments vun den Fotoen erheicht ze kreien ?

Ech z.B Lueden meng Fotoen emmer an den Max. vun Gruppen an , an setzen och emmer een puer Tags dobai.
Hei wann der wellt kuken wat ech keint nach besser machen : Main Flickr

Schon mol am Viraus merci fir äer Kommentarer smile



Geschrieben von Nagarjuna am 15.04.2011 um 20:08:

  RE: Tipps fir sech op FlickR bemierkbar ze machen ?

Salut Garry,
Du bass eréischt zënter dem November um Flickr. Dat ass nach net laang. Do sinn extrem vill Leit an dann ass et schwéier schnell Uschloss ze kréien. Lued regelméisseg maximal 1 Foto erop zu deenen beschten Stonnen (z.B. zwëschen 8 an 9 Auer). Setz deng Fotoen an Gruppen an dann kriss du "lues an lues" eng Kontaktlëscht déi sech fir den selwechten Stil vun Fotografie interesséiert wéis du och. Op denger Frontsäit gesäis du jo ëmmer direkt d'Fotoen vun den Kontakter, sou gesinn deng Kontakter deng Fotoen och op hirer Frontsäit (awer just déi lescht déis du eropgelueden hues). Et sinn also d'Kontakter déi zimlech ausschlaggebend sinn. Ausser eng Foto kennt an den Explore. Dann hues du direkt extrem vill Views, Kommentarer an Faves.
Wichteg ass just dass du deng Fotoen lues an lues eroplueds (max. 1 pro Daach).



Geschrieben von GarrySchroeder am 15.04.2011 um 20:26:

  RE: Tipps fir sech op FlickR bemierkbar ze machen ?

Ok , dat mam 1keier pro dach wousst ech net , merci Nagarunja ! Augen rollen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH