Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Google ass däi Kolleg (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1743)


Geschrieben von Johny am 21.03.2011 um 11:00:

  Google ass däi Kolleg

Vu dass et ëmmer erëm vill Leit ginn déi net verstinn dass se selwer googlen kënnen amplaz ëmmer anerer direkt ze froen, hun ech dëse Site gëschter séier gemaach an online gesat:

http://www.gadk.lu

Fir eppes direkt ausgefëllt ze hunn musst der einfach z.B. op http://www.gadk.lu/Testbegreff goen smile



Geschrieben von Mexx am 21.03.2011 um 13:52:

 

Baal su gudd wei http://lmgtfy.com/
Just dat dei nach su eng cool demütegend animatioun hun Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 21.03.2011 um 16:23:

 

Jo dofir hunn ech d' Zäit net Augenzwinkern



Geschrieben von Laurent76 am 22.03.2011 um 10:22:

 

Een Sprechwuert seet et geifen keng domm Froen gin, just domm Antwerten...!



Geschrieben von Johny am 22.03.2011 um 17:17:

 

A well et e Sprachwuert ass muss et genee och esou sinn gell ? großes Grinsen



Geschrieben von marischen am 22.03.2011 um 22:05:

 

Also dozou muss ech awer och lo mol meng Meenung soen! smile

Ech fanne Google eng super gutt Saach. Du fënns praktesch ob all Fro eng Äntwert, brauchs net méi éiweg a Bicher ze bliederen an virun allem du muss kee Mënsch méi fir eppes froen, Google mëscht dat schon.

A grad dat ass et, wat ech mëttlerweil éischter schued wéi praktesch fannen. D'Leit kommunizéieren hautdesdaags schon bal just nach iwwer Internet (Facebook, Skype, MSN, Email etc) wat duerch d'Smartphones och nach gefördert gëtt. An dann däerf een de Leit mol keng Froe méi stellen, et soll een dach d'Maschinn domat "nerven".

Dat ass lo eng radikal Siicht vun dëser Saach. Natierlech nervt et iergendwann an engem Forum, wann d'Leit permanent wéint der selwechter Fro en neien Thread opmaachen. Mee ech erliewen och am Alldag datt ëmmer rëm gesot gëtt "Ma, google dat dach einfach!". Souguer Proffe genéieren sech dofir net.

Anerersäits bréngen d'Leit et dann awer fäerdeg sech stonnelaang wéint enger Nichtegkeet am Forum d'Hänn wonn ze tippen a sech verbal ze zerklappen. Mee dat geet lo bëssi ze wäit... Augenzwinkern

Ich habe fertig!



Geschrieben von JADE am 22.03.2011 um 22:26:

 

Marischen ... chapeau bas ... :-)


Google ass gutt, jo ... bon ...
an awer ...
ët ass een faulen Batz ...
hien gëtt mir ëmmer wikipedia als éischt un ... dann kann ech och direkt bei wikipedia kucken goen ... unglücklich

Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 22.03.2011 um 22:27:

 

Also gleeft mer, wann der d'E-Mail géift gesinn déi mech dozou bruecht huet dee Site ze maachen, do sot der net dass esou vill Méiwärt un sozialem Verhalen hat Zunge raus



Geschrieben von Laurent76 am 22.03.2011 um 22:45:

 

Zitat:
Original von Johny
A well et e Sprachwuert ass muss et genee och esou sinn gell ? großes Grinsen

Daat sot ech net, mee falsch ass et mat secherheet awer och net großes Grinsen



Geschrieben von JADE am 22.03.2011 um 22:58:

 

@ Johny: ... kann dir daat esouguer supergutt gleewen Augen rollen

(am Fong déi Zäit wou se googlen/wou een se googlen schéckt, kann een eppes aaneschtes méi Produktives an manner nervleches machen Zunge raus )


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH