Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Power vum Bletz reduzéieren? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1716)


Geschrieben von krautheim am 21.01.2011 um 12:02:

  Power vum Bletz reduzéieren?

Eng Fro un d´Strobists ennert iech:

Ech hun 2 Minolta Bletzer déi ech kann op 1/32 Power reduzéieren. Wat kann ech machen wann dat mir nach ze stark as an ech d´Bletzer net kann méi wäit vum Sujet eweg setzen? Get et esou eppes wéi eng ND-Filter Folie mat där ech d´Bletzkraft kann reduzéieren ouni d´Farwtemperatur ze beaflossen? Oder wees een eng aner Méiglechkeet?

Merci

Jim Urbain



Geschrieben von Laurent76 am 21.01.2011 um 13:33:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

Den ISO erofsetzen....



Geschrieben von Dan-D80 am 21.01.2011 um 14:29:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

Salut,

du kriss Flasgels fir entweder d'Faarwtemperatur vum Blëtz z'änneren oder d'Stärkt ze reduzéieren.

Flashgels

Du kanns allerdéngs och d'Blend zou machen, wann de Blëtz ze staark ass, fir dann awer d'Ambient Light d'selwescht ze haalen, muss dann Beliichtungszäit verlängert ginn.

PS: Ech haat mir der do bestallt, hunn nach esou e Saatz der ND Flashfilters doheem. Wanns de der also brauchs, mell dech einfach.



Geschrieben von krautheim am 21.01.2011 um 14:40:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

..



Geschrieben von krautheim am 21.01.2011 um 14:42:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

@ Dan D-80

Merci, ech kucken mol no wat et do sou get vun Gels fir op de Bletz. Ech sichen eng Variant fir um Bletz d´Power ze reduzéieren ouni mussen un d´Blend a Belichtungszäit ze goen.



Geschrieben von Dan-D80 am 21.01.2011 um 14:55:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

Wéi gesoot, ech hun ND gels doheem.



Geschrieben von krautheim am 21.01.2011 um 15:11:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

Wanns du se net méi brauchs, da kafen ech dir se of.



Geschrieben von Dan-D80 am 21.01.2011 um 15:35:

  RE: Power vum Bletz reduzéieren?

Kucken den Owend doheem no, wéi ech se deemols kaaft hunn, waren se mat 5 verpaakt, ech selwer brauch der just 3.
Melle mech wann ech daat gecheckt hunn, kann awer bis 21:00 daueren.

Et sinn 0.3ND d.h. 1 stop
wees net méi ob et der vun 4cm oder 5cm sinn, soen dir daat och den Owend.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH