Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Zirkus-Shooting (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1593)


Geschrieben von MarcGerard am 02.07.2010 um 14:27:

  Zirkus-Shooting

Salut alleguer!
Ech siche leit vir e Fotohooting ze realiséieren. Heivir muss ee kee Model sin, mee ech sichen trotzdem net egal ween Augenzwinkern

't Iddi as déi hei: Et soll e Shooting gin deen e backspace vun engem Zirkus weist. also stellt ierch vir wat sou hannert de kulisse vun engem zirkus ofleeft: de clown as amgangen sech ze schminken, 't akrobatin(oder den akrobat) mecht sech waarm. den assistent mech 't päerd propper. de feierspäizert mecht sech waarm mat sénger fakel, an de muskelmann uelecht sech an vir dass en herno op der bühn séng muskele blénke léisst, an den zigeiner dee beim lagerfeier séng Gei spillt...

dat sin elo e puer spontan iddien. wee well kann sech bei mäer mellen vir sech als schauspiller virzeschloen. ween net matmache well mee eng Persoun kennt déi a Fro komme kéint, kann en eis jo a verbindung setzen. ech free'e mech iwwert all eenzel iddi an offer.

also, bodybuilder, turnerten, déirefrënn, kënschtler, muséker a leit déi einfach kreativ sin an sech net schummen hiert talent virun dem fotoapparat ze weisen! den alter as ganz egal!

ween sech déi sach nach iwwerlee'e well kann dat man, well et as nach e stéck is dohinner. d.h. melld ierch och roueg e besse méi spéid! haaptsach däer sidd iwwerzeecht a wellt e flotte fotoshooting ennerstëtzen Augenzwinkern

ech hoffen op gudde feedback!

mfG
Marc Gerard



Geschrieben von Kleent am 07.07.2010 um 15:30:

 

Firwat schreiwt hei keen eppes... verwirrt

Ech fannen d´Idee genial... wier gären dobai wann ech dierf an wann ech do sin.



Geschrieben von McQueen am 07.07.2010 um 18:06:

 

Zitat:
Original von Kleent
Firwat schreiwt hei keen eppes... verwirrt

Ech fannen d´Idee genial... wier gären dobai wann ech dierf an wann ech do sin.


hi
well ech daat nach net gesin haat.
Marc, cool Iddi, wann et mei konkret gett, so Bescheed....falls dier en Clown fehlt :-)



Geschrieben von krautheim am 07.07.2010 um 18:11:

  RE: Zirkus-Shooting

Salut Marc,

ech fannen déng Idee ganz gudd a kann dir ubidden ze jongléieren (3 Bäll oder 3 Keelen)



Geschrieben von Myk am 07.07.2010 um 20:00:

 

Salut Marc,

ech fannen deng Idee einfach nemmen Top .
Ech mellen mech zwar net als Model, well ech sin wuel den Onphotogensten Mensch vun da Welt.
Me ech geing mech gären ze verfügung Stellen fir dir bessen iwert Schelleren ze kucken.
Ech selwer probeieren lo reischt seit knapp 3 Meint Fotos ze machen, an geing mech wierklech interesseieren mol engem richtegen Fotograf iwert Schelleren ze kucken, an mech perseinlech kennen mat dennen erkenntnisser Weiderentweckelen.

Meng idee wär zB dat mat enger 10mm Brennweit oder Panorama ze machen, wou en den halwen Zirkus geseit... De Clown um Mini-Velo, niewendrunner turnerten geseit träneieren an am Hannergrond en Dompteur den grad seng Déieren bändegt ... wou en zB geschminkten Menschen keint huelen als Deieren (falls de en elefant brauchs, dann modellen ech gären smile )

War vleit bessen zevill Fantasie lo, me war just eng spontan idee dei mir an de Kapp komm as...

Bis dann, an vill erfolleg mat dengem Projekt

mfg,
MyK



Geschrieben von Minaa am 13.07.2010 um 12:30:

 

Op déi Fotoen sin ech gespaant, ech hu mëch scho gefrot wéilaang et dauert bis een mat souenger Zirkus-Iddi kënnt smile
Ech wees nët op's de e kenns, mee de Christian Schuller (Jurymember vun GNTM 2010) huet och e soueen ähnlechen Shooting gemaach... Um Fernseh huet een nëmmen déi normal Modelfotoen gesinn, mee an sengem Buch sin immens vill däer Fotoen dran. "90 days, one dream" heescht d'Buch, an ech sin absolute Fan vun dene Fotoen smile Ech sin mer secher dass du och mega flott Fotoen zu deem Thema hin kriss smile Sin gespaant!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH