Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Bletzgerät Sony @330 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1561)


Geschrieben von Myk am 30.05.2010 um 19:22:

Fragezeichen Bletzgerät Sony @330

Salut,

ech hun eng Sony @330 an sichen en Bletzgerät fir dropper.
Ech hun en Budjet vun 250 Euro an hat "Metz 48 AF-1" am Aan...

Hued vleit en erfahrung mat dem Material oder keint mir en Typ gin wat
ech mir soss zouleen keint?

Merci am Viraus,

Myk



Geschrieben von Neckel am 30.05.2010 um 19:37:

  RE: Bletzgerät Sony @330

Salut,


Ech hun den Sony HVL F42-AM. Hun en iwwer Amazon bestallt fier 210 € an sin bislo super zefridden domatter. Hätt mer natirlech och gären den 58AM kaaf mee den kascht der nach 200 mei ...


Hun en nach net laang mee en ass super einfach ze bedengen an liwwert wieklesch brauchbar resultater enplus kennt en mat engem Saatz batterien (4x AA) ziemlech laang. En iwwerhetzt och net seier.

Mei weess ech der lo net dozou ze zielen smile




mbg Neckel



Geschrieben von pol9000 am 30.05.2010 um 20:50:

 

Ech ka mech dem Neckel just uschleissen.

Original Sony (Minolta) Bletzer sen emmer besser an der kompabiliteit

Wann ech nach richteg informeiert sen se folgend bletzer kompatibel
nei : HVL 42 an HVL 58
occasioun HVL 56 an HVL 36
souwei Minolta 3600HS an 5600 HS

alle 6 ennerstetzen och kabellost Bletzen

http://www.mhohner.de/ do fenns de all Specs zu den Bletzer an objektiver vum System (pass awer op nemmen dei 6 dei ech uewen genannt hu sen wierklech kompatibel)



Geschrieben von Myk am 30.05.2010 um 21:32:

 

merci ierch 2 fir dei schnell hellef an de gudden Typ mat amazon...
am Hifi wär en 279 euro, op amazon 215 smile

Myk



Geschrieben von Neckel am 31.05.2010 um 11:52:

 

Vill Spaass domatter Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH