Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Missed the target?? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=155)


Geschrieben von zia am 28.02.2006 um 12:09:

 

Ech hun mech zwar och laang zreckgehaalen, mee elo wou een daat Thema opgemach huet, muss ech dann och soen dass ech mech deenen meeschten uschleissen.

Ech setzen keng Fotoen mei hei erop, och well ech selwer gemierkt hun dass ech mat mengem apparat net un verschidden aaner Fotoen runkommen. Mee, ech kommen trotzdem all daag heihin kucken, mech interresseirt einfach ze gesin waat d'leit sou mat engem fotoapparat färdeg brengen.

Mee leider ass mir och opgefall dass d'Quali vun verschiddenen Fotoen net genial ass, an där gesin ech der leider emmer mei hei. Ech iwwerfleihen dei meeschten Fotoen einfach, an wann ech eng gesin dei wirklech flott ass kucken ech mer se mei grouss un.

Gin och zou dass ech keng Kommentarer oofgin, ganz einfach aus deem Grond dass ech Fototeschnesch net begaabt sin. Mee eng gudd Foto vun enger schlechter kann ech awer ennerscheeden smile

Kloer kann een net jidfereen glécklech machen, mee menger Meenung no missten d'Kriteren fir eng Foto acceptéiert ze kreien verschäft gin.

Natirlech ass et är décisioun wei der et wellt machen. Ech wärt emmer nach kucken kommen, mee et stemmt dass een net mei sou laang zeit um Site verbrengt wei am Ufank, wei nach anstänneg an gudd Fotoen drop waren.



Geschrieben von Johny am 28.02.2006 um 12:16:

 

Zitat:
Original von zia
Kloer kann een net jidfereen glécklech machen, mee menger Meenung no missten d'Kriteren fir eng Foto acceptéiert ze kreien verschäft gin.


Daat ass geschitt, et fällt denken ech schonn op dass mer manner Fotoen an dene läschten puer Deech online haaten, ganz einfach well mer der mei refuséieren smile .

Um Ufank ass et awer och emmer d'Begeeschterung vir eppes neies dei een derzou verleed mei laang op su engem Site ze bleiwen.



Geschrieben von zia am 28.02.2006 um 13:26:

 

Zitat:
Daat ass geschitt, et fällt denken ech schonn op dass mer manner Fotoen an dene läschten puer Deech online haaten, ganz einfach well mer der mei refuséieren smile .


Okay, dann hun ech naischt gesoot smile

Zitat:
Um Ufank ass et awer och emmer d'Begeeschterung vir eppes neies dei een derzou verleed mei laang op su engem Site ze bleiwen.


Jops daat stemmt natirlech och smile

Ass wei gesoot naischt geint dech oder soss een, mee bon, wann schon Photogen, dann och Photogen fotoen smile Dass mer rem en WOAOW Effekt hun smile

Courage Johnny, ass net einfach en populären site ze bedreiwen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH