Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Een gudden aalen Analogen Apparat... Mee wou hei an Letzebuerg?? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1309)


Geschrieben von Polinger am 02.07.2009 um 22:36:

  Een gudden aalen Analogen Apparat... Mee wou hei an Letzebuerg??

B'juer allguer smile

Ech hun lo virun enger gudder zaitchen eng gudd aal Super Baldina vun 1955 an engem SecondHandShop zu Köln ergattert... An lo wollt ech froen: Wou kritt een dann sou Apparaten hei an Letzebuerg? Muss een do forschen oder gett et e puer butteker déi sou apparaten verkaafen?

Villmools merci iech allguerten smile

Polinger



Geschrieben von Sicho am 02.07.2009 um 23:24:

 

Flouhmärkt?

mee ganz eierlech: an Zaiten vun Internet ass een jo glecklecherweis net mei op Lëtzebuerg oder Auslandsreesen beschränkt ... ebay ass dain Kollege Augenzwinkern

ech huelen awer un dass na all gutt Foitosgeschäft deen een oder aaneren analogen Apparat an der Gamme huet ... halt just net onbedengt sou richtëg aal Schmockstëcker ... wei gesoot, Flouhmärkt, Luxbazar, eBay ...



Geschrieben von the_zipper am 02.07.2009 um 23:55:

 

Jo op ebay fennt een vill sou flott aal denger, deelweis souguer immens belleg, tipp einfach mol den begreff fotoapparat an, dann kriss de all meiglech sachen. Ech hun sou schon flott Fotoapparater kritt.

Ween och nach ganz vill huet ass den Fototrade. Mee weieng Modeller genee wees ech net, kann mech awer net un sou aaler erenneren.



Geschrieben von Charly am 03.07.2009 um 07:34:

 

Den Foto-Trade an der Hollerecher Strooss an der Stad huet vill dees Geschier an der Fënster leien ...



Geschrieben von BlackPanther am 03.07.2009 um 09:44:

 

geiff och Foto-Trade fierschloen!den huet wierklech allerlee sou Saachen, dChancen dass et do derbai as sen mol mei grouss wi um Floumaart (wou et nemmen Gleck as) smile



Geschrieben von patrickr am 03.07.2009 um 12:06:

 

Wat de Fototrade betrefft, do kann ee secher flott Saache fannen. Ech géif do awer ganz genau oppassen wann s du eppes do keefs. Mier as et do schons e puermol fierkomm, dass se engem eppes an de Grapp gedréckt hun, a beim Kucken hun ech festgestallt, dass den Apparat oder d'Objektiv definitiv futti oder absolut nët ze gebrauche war.

Si hun dat zwar emmer dann och esou erkannt, mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët.

Also ganz gudd oppassen, da kann et e gudd geschäft gin.



Geschrieben von Charly am 03.07.2009 um 12:27:

 

Zitat:
Original von patrickr... mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët.

Do muss een ennerscheeden teschent deem waat si selwer verkaafen (ev. mat 3 Méint Garantie) oder waat si fir Klienten verkaafen, bzw ouni Garantie.



Geschrieben von the_zipper am 03.07.2009 um 13:20:

 

Ech geiff mengen se verkaafen dei defekt Apparater vir leit dei se vielleicht huelen vir entweder Ersatzdeeler, oder eben vir en an Vitrine ze stellen ounie en kennen grouss ze benotzen. Eben vir ze sammlen.

Opjidefall ass et do ganz flott, dei hun emmer eng helle Wull un Sachen.



Geschrieben von Polinger am 03.07.2009 um 14:22:

 

sensationell großes Grinsen meng konschgeschichtsproff huet mer deenselweschten tipp gin an ech freen mech dass hei souvill leit deen bestätegen großes Grinsen ech gin muer mol kucken smile Merci smile



Geschrieben von the_zipper am 03.07.2009 um 16:30:

 

Maja, dann wanns de epps fonnt hues kanns de eis jo daat gudd Steck weisen. Augenzwinkern



Geschrieben von patrickr am 04.07.2009 um 11:53:

 

Zitat:
Original von Charly
Zitat:
Original von patrickr... mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët.

Do muss een ennerscheeden teschent deem waat si selwer verkaafen (ev. mat 3 Méint Garantie) oder waat si fir Klienten verkaafen, bzw ouni Garantie.


Ok, verstin dat natierlech. Mee du muss der dann awer och d'Verkeefer ukucken, wann s de d'Material ennert d'Loupe hells. Déi verzéie keng Mine. Wann s de dann e Problem fonnt hues, si se iwwerrascht, spillen et erof. Wann s de nohaaks gesi se dann an dass den Apparat an deem Zoustand wierklech nët brauchbar as. Ech zitéieren eng Reaktioun: "Wéi kann dat da sin, dass dat Objektiv esou knaschteg as (gleef mer, do as wéinst dem ganze Knascht nët méi vill Luucht duechgaangen). Mier hun dach en Atelier deen dono kuckt, an d'Saache botzt ier se an d'Fenster kommen." Naja.

Ech hu mech dann dacks gefrot, ob sie déi Saachen nët genau genuch ennersichen, ob dat hinnen einfach egal as, oder ob ech zevill kriddelech sin. Mee wéi gesot, ech sin do schons iwwert 10 Joer Client, hun immens vill Occasiounssaachen do kaaft a sin awer zefridden. Wa sech no engem Kaf erausgestallt huet, dass awer epes futti war, hu si d'Saachen emmer erem zeréck gehol an ech hun d'Suen erem kritt. Dat gelt awer nëmme bei deene Saache wou se Garantie drop gin.

Bei de Saache sans Garantie géif ech d'Fangeren dervu loossen, oder se nëmme kafen, wann s du absolut weess was du mechs.

A nach eng lescht Geschicht: ech hun hinnen och schons Saache verkaf, déi nët méi ganz an der Rei waren a wou ech dono Frou war, dass et kengem opgefall war ... . Haut verkafen ech esou Saachen bei Ebay a beschreiwen de Fehler do penibel exakt. Do kritt een dann de 5-fache vum Präis, vun deem wat de Fototrade bezuele géif. Eng verréckt Welt.



Geschrieben von Polinger am 05.07.2009 um 21:02:

 

majo dann! großes Grinsen villmools merci fier déi hellefraich tipper großes Grinsen

Nach eng aaner kléng froo: Wou krin ech hei am land 20mm LOMO-Filmer, well iwwer internet wees ech net wou bestellen... ?



Geschrieben von the_zipper am 05.07.2009 um 22:55:

 

City Concorde, ennenan, wou mol freier den Domino war.



Geschrieben von Polinger am 06.07.2009 um 07:12:

 

Okéé merci Augenzwinkern haat d' 1 vergiess .P 120 mm selbstverständlech Zunge raus



Geschrieben von rom am 06.07.2009 um 12:03:

 

Zitat:
Original von the_zipper
City Concorde, ennenan, wou mol freier den Domino war.


Waat as daat dann fir e Geschäft? Kennen ech nach guer nët... Kann ee mech opklären? verwirrt



Geschrieben von the_zipper am 09.07.2009 um 17:29:

 

Daat get et lo seit engem halwe joer, et heescht BOO mengen ech. Se haaten lo mol nach lescht woch direkt virum Bram och ee stand nemmen iwer lomographie.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH