Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Nikon D90 oder D300? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1123)


Geschrieben von Pelz am 29.09.2008 um 12:07:

  Nikon D90 oder D300?

Helas

Ech well mier eng nei Spiggelreflex kaafen an ech wees einfach net weieng ech soll huelen?!

Ech pendelen teschend der D90 an der D300.

Ech wees, dat D300 eng aaner Spart ass, mais ech wollt mol wessen, fier weieen Modell dier ierch geingt entscheeden??!!!

MESSSSI

Pelz



Geschrieben von Neckel am 29.09.2008 um 16:37:

  RE: Nikon D90 oder D300?

Salut ! Ech sen zwar keen Nikonianer mee ech hun gesin dass du lo eng Zeit mat der D80 geschafft hues. Vun der Greisst ass D90 also relativ t'selwescht, et sin eben "just" puer super Upgrades dobai komm wei Bildschirm, Film-meiglechkeet etc ...

Ech giff mech definitiv fir D300 entscheeden well dei der (vue dass du well eng Zeit d'D80 haass) mei bidd vun Bildqualiteit, Handhabung. Dei zwou hun Liveview, den selweschten Bildschirm ...

Ech haat D300 well oft am Grab an senn total begeeschtert dovunn, kann der awer leider net mei soen well ech di aner nach net konnt am Grab haalen Zunge raus

Vleicht weess een aneren mei ...



Neckel



Geschrieben von Metalbambi am 29.09.2008 um 18:17:

 

... Amen!
Wans de d'suen hues kaaf der d'D300! großes Grinsen



Geschrieben von Nicon07 am 29.09.2008 um 18:48:

 

op alle Fall d'D300! Oder wëlls du nach eng D80? ... Augenzwinkern lol
Et sief dann, du häss fullframe taugléch Optiken. Dann... Nee dat soen ech elo net. D'D300 as genau su gudd wéi d'D700. Mäi Schwoer huet eng D300, a geschter nach hu mir zwee "konkurréiert" a sin zum Scluss komm, datt, wat d'Rausche bis ISO 6400 ugeet, keen Ënnerscheed ze gesin as. An den Nikon Expeedprozessor mécht dir wonnerbar Farfen an de Kontrastëmfangk as esu grousss, datts du do nach gaanz vill Reserven dran hues, am Géigesaatz zur D80, wou iwwerbeliicht Passagen bal ëmmer ausgebrannt sin. An dann déi Ergonomie vun de Knäppercher. Do brauchs du net méi am Menu ze piddele, fir eng Astellung ze änneren. Autofocus, Blenden, WB, Beliichtungsmiessung, Ausléisungsmodus, alles dat kanns du um boîter verstellen. A wanns du am RAW 12bit Modus eng rafale wëlls maachen kanns du bis zu 6 Biller an der Sekonn astellen. (Am 14bit Modus sin et der nach ëmmer 3). Du méchs op alle Fall näischt falsch, wanns du déch fir d'D300 entscheeds. Dat as einfach eng aaner Liga. D'80 as Éierepromotion an d'D300 as éischt Bundesliga! Oder sou.

Gräif zou! An da pécks du d'D80 net méi un...



Geschrieben von Pelz am 29.09.2008 um 19:48:

 

Hallo

Ech soen ierch all mol villmols merci fier är Kommentarer! Nico, du kanns een jo nemmen iwwerzeegen!!! ;O)

Bon, ech war Haut och schon am Buttek, an ech hun zougegraff....

An et ass gin??!!!!!
Trommerlwirbel....

....
...
....
D300 ;o))))

Mega Apparat! Ech sin op alle Fall zefridden. An nach mei sin ech gespaant an opgereegt fier se um terrain ze probeieren an anzesetzen!!!!

MERCI Nikongott hahhaha



Geschrieben von Nicon07 am 29.09.2008 um 20:29:

 

smile
Wat sot ech dir?!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH