Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Photokina 2008: (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1073)


Geschrieben von jegas am 21.07.2008 um 14:56:

  Photokina 2008:

Wollt mol froen wien dësst Joer op d'Photokina fiert ????

Sie ass jo vum 23. - 28.9.2008 zu Köln.


Ech wollt mol eng Kéier dohinner fueren, war nach nie do.


Wéi ass et do ????

Ass et dowärt dohinner ze fueren ????

Wann neen firwat ????


Ech hun dacks héieren bzw. gelies et wären och vill interessant Biller do ausgestallt, stëmmt dat ?????




Merci am Viraus fir är Äntwerten.



Geschrieben von mmphotos am 21.07.2008 um 15:16:

 

War firun 2 Joer do an gin secher rem. As einfach flott all dei grouss nei saachen ze gesin, an och all dei klengegkeeten. VIll flott ausgestalten biller, jein, et as eng Fotosmess, also kloer dass vill staenn Fotoen do stoen hun...mee mengen daat as awer schon alles....auser ech haett eps verpasstsmile



Geschrieben von jegas am 21.07.2008 um 15:47:

 

Ech kann mech nach erënneren datt an den Ënn 70er Uafanks 80er moll dacks Ausstellungen do waren wouse vill Reklam an der "Color Foto" gemeet hun. Do war mol eng wou se d'Lieser vun däer Zaitschrëft opgefuedert haaten Biller ze maachen, déi goufen zum Deel iwwert d'Eisebunnsbréck, wou een Foussgängerwee ass, bis bal bei d'Kölner Gare ausgestallt.

Ech war virdrun op hieren Internetsite, do schéngt et mer wéi wann et eng Partie Ausstellungen géifen gin.

Mol kucken wat een esou do fënnt a gesait.



Geschrieben von mmphotos am 21.07.2008 um 15:53:

 

Hun mer den site ugekukt, an jo effektiv et sin eng ganz retsch expoen do, haat daat ob all fall net mei sou an erennerung...



Geschrieben von jegas am 21.07.2008 um 16:11:

 

smile Dann hat ech jo richteg gekuckt.

Dann ass et dowärt dohinner ze fueren.



Geschrieben von mmphotos am 21.07.2008 um 16:20:

 

Ben, souguer wann d'photokina och vill ausstellungen bidd, an dei bestemmt kukenswaert sin, denken ech mer dass awer den eigentlechen but vun der photokina grad/mei interessant as. Well ausstellungen fent een emmer an vill, daat aanert net sou.



Geschrieben von jegas am 21.07.2008 um 17:08:

 

Dat stëmmt schon, mais esou kann een déi zwou Saachen mattenëen verbannern, flott Biller kucken an an engems déi néi Apparater woumadden een flott Biller ka maachen.

Wären keng Fotoausstellungen do, dann mengen ech kéimen baal nëmmen Fachléit an déi Profi - / Amateurfotographen déi sech just fir déi néitesten Technik interesséieren.

Ech géif gären méi Fotosausstellungen kucken goen, hun just net ëmmer d'Gelëenheet dozou oder beschwéieren mech fir extra X-Kilometeren ze fueren nëmmen fir eng Fotosausstellung ze gesin. Wann een dann an eng Staadt fueren fir eng Fotosausstellung ze gesin dann kann een zwar deen Déplacement an engems maachen fir sech déi Staadt, wann se am Ausland ass, och unzekucken, mais dann leeft een gären Gefor datt een hannenno zwar d'Staadt gesin huet awer d'Fotosausstellung net, ausser et ass een e puer Deeg do.



Geschrieben von Polinger am 21.07.2008 um 20:22:

  Photokina 2008

Hmmm, vum 18. un ass rem schoul, mee geet net iergendeen reng zoufälleg den weekend, also den 27. oder 28.? well dann geing ech gär magoen großes Grinsen weivill kascht den ticket?
Zunge raus



Geschrieben von jegas am 22.07.2008 um 09:16:

  RE: Photokina 2008

@ Polinger

Et war elo héi net rieds gaangen datt mer zu enger Partie géifen matteneen dohinner foueren.

Fro mol een vun den Admins héi, vlaicht organiséiert een vun hinnen eng Reess op Köln fir d'Photokina.



Geschrieben von yoshi am 22.07.2008 um 15:40:

 

Hm also bis elo ass naicht geplangt sou.
Ech gin awer wahrscheinlech dohinner, wann ech bis dohin alles ferdeg hun mat menger Wunneng, an deem Fall keint ech dech mathuelen, falls ech den Weekend gin, waat ech jo och na net wees Augenzwinkern



Geschrieben von arwa am 23.07.2008 um 10:14:

  RE: Photokina 2008

Zitat:
Original von Polinger
weivill kascht den ticket?
Zunge raus

daat hänkt dervun of, wou's du ën kéefs,


Normalerweis kascht en Daagesticket 28.- Euro (Normal)
ëch hun 9.- Euro fir en Daagesticket bezuelt, daat an engem - aaneren Forum - !

Schüler bezuelen daat och, brauchs awer en - Schülerausweis!!)

http://photokina.de.koelnmesse.info/eShop/eshop_eintrittskarten_katalog.php#1



Geschrieben von GrAl am 25.07.2008 um 09:00:

 

Den 9 euro ticket hat ech och gesin me do hat ech main Ticket schons kaf :-((



Geschrieben von arwa am 25.07.2008 um 13:23:

 

Zitat:
Original von GrAl
Den 9 euro ticket hat ech och gesin me do hat ech main Ticket schons kaf :-((



tja, do kann éen soën : " domm gaang " , oder , ze seier d'Knäppercher gedreckt :-)



Geschrieben von Shantideva am 29.07.2008 um 15:47:

 

Also, ech hun meng bei FC och fir 9 Euro kritt ouni Studentenausweis.



Geschrieben von Polinger am 30.07.2008 um 06:13:

 

Ech soen lo mol: Wann dei weekends ass, an ech eng fahrgelegenheit kreien (kann der bei denger wunneng jo vläit hellefen, oshi? xD) an ech den Ticket kann dohannen mat mengem normalen Schülerausweis fier 9€ kaafen... dann sin ech gaaaanz gären dobai Zunge raus großes Grinsen



Geschrieben von yoshi am 30.07.2008 um 15:58:

 

mengen net dass de mer do hellefen kanns Zunge raus



Geschrieben von Polinger am 30.07.2008 um 21:57:

 

xD hun ech mer zwar schon iergendswei erwaard Augenzwinkern



Geschrieben von Jos am 29.08.2008 um 18:34:

  Photokina 2008 / Ticket ?

Moi'en,

Wann ech daat Thema hei richteg verstaan hunn, dann huet deen een oder aaneren een Ticket fir 9,00 EUR iwwert _een aaneren Forum_ kaaft. Ech och...

Huet schon een vun Iech en Ticket vun deenen gescheckt kritt?

Merci fier d'Info,

Jos



Geschrieben von Shantideva am 29.08.2008 um 20:27:

  RE: Photokina 2008 / Ticket ?

Salut Jos,

Ech hun se schon zenter dem leschten Méindeg.

Gréiss,

Jean-Claude



Geschrieben von arwa am 30.08.2008 um 14:47:

  RE: Photokina 2008 / Ticket ?

krut och dei letzt Woch eng Riesenenvelope mat den 10 Ticketsën,
all éenzel an enger Plaistikhüls an un enger ......... ach, wei nënnt éen die Dënger, fir ëm den Hals nach...........
ëch duecht, a waaaaaaat kreien ëch da lo do geliwwert großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH