Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Photoshop Froen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1046)


Geschrieben von Mika am 16.06.2008 um 18:18:

  Photoshop Froen

Majo, de Metalbambi huet mech lo grad gefroot wei daat geet dass een d'Grotein saettegt fir geil Wolleken ze kreien - ech wees et nitt. Ech haat och well dacks sou kleng Froen iwwert de PS wou ech geduecht hunn et wier nitt derwaert een neien Thread opzemaachen. Lo hunn ech awer geduecht dass et villen Leit wahrscheinlech aehnlech geet an et gett jo ee gudde Grapp Leit dei wierklech eenz ginn mam PS Augenzwinkern
Ech wees lo nitt wei dier et fannt, mee daat hei wier een Thread, wou da jidereen keint eppes klenges Froen iwwert Photoshop an dann kennen eis Experten jo entweren Augenzwinkern

Eischt Fro wier dann dem Metalbambi seng großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 16.06.2008 um 18:52:

 

Wat mengs de genau mat Grotéin sättegen? D'Saturatioun erophiewen? Neien HSL Layer mat colorize an deen maskéieren dass en just d'Wolléken afierwt.



Geschrieben von toto am 16.06.2008 um 19:05:

 

grotein ? Meingste woleken mam PS machen oder einfach dynamiseiren ?



Geschrieben von the_zipper am 17.06.2008 um 16:29:

 

Ech geiff mengen se wellen wessen weis de eben deng wollecken mei dynamik gess, an eben dass se mei gro ginn wei se am original sinn, ech hun och oft den problem dass se eischt blo wei gro ginn.

Ech geiff mengen wei dei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=27922&old_new_page=3

oder dei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=27921&old_new_page=3



Geschrieben von Metalbambi am 18.06.2008 um 16:15:

 

Oh Mika daat dooten kennt riwwer wei wan ech mech net geif trauen en thread obzeman XD

jup, ass genau wei den zipper soot, haat eng keier um internet gelies vier mei dynamesch an gro wolleken ze kreien soll een d grotein saettegen, mee war awer leider keng erklaerung derbei wei daat geet.



Geschrieben von MarcGerard am 18.06.2008 um 23:21:

 

ech weess éierlech gesot net wat domat gemengt as... also reng technesch schon, mee et mecht kee richtege sënn. et héiert sech un wéi wann sech do iergendee falsch ausgedréckt huet ...

mach einfach méi kontrast an 't wollécken ...



Geschrieben von Metalbambi am 19.06.2008 um 14:52:

 

ok chef^^
kann sin, wees selwer net mei wou ech et gelies hun.



Geschrieben von Charly am 20.06.2008 um 13:38:

 

Wanns de Photoshop hues (oder en aaner Programm deen mat layer and maksen schaffe kann), denn hues de zwou Méiglechkeeten.
1. Een adjustment layer (sorry hun emmer ales op Englesch) fir brightness/contrast. Daat stells de esou an bis d'Wollécken esou sin wéis de se wëlls (ignoréier de Rescht vum Bild). Dann mes de eng Mask op dee layer an mechs déi esou dass nëmmen d'Wollécken vum Effekt beaflosst gin.
2. Idem, mee statt brightness/contrast hëlls de curves. Net esou evident wann een et net gewint ass, mee méi flexibel.



Geschrieben von Metalbambi am 20.06.2008 um 20:36:

 

jup, ass genau daat dooten waat ech am endeffekt dun och gemaach hun^^
wa ech awer net sou falsch.



Geschrieben von Metalbambi am 28.12.2008 um 00:01:

  Halo bei Himmel-Transplantatioun

Rebonjour, ech kommen mol nees ob en aalen Thread zreck deen jo idnirekt vu mier kennt...^^
Ech war kiezlech ob Bieles Fotoen maachen an hu lo folgenden Probleem: Hun eng Foto vun engem Heiguewen wou ech den Himmel mat Auswahl/Farbbereich/Lichter selectionneiert hun an en aneren Layer mam neien Himmeldeen ech mat der selectioun maskeiert hun. Lo hun ech awer nach en Halo vun 3px rondrem d'ganz Konstruktioun vum Heiguewen. Get et do eng aner Method vier deen weg ze kreien wei mam Pinsel ganz rondremzefueren? (Ass bessen Crevasse, wesst jo wei se ausgesin Augenzwinkern )

Thx am Vieraus.



Geschrieben von gloda am 28.12.2008 um 00:40:

 

Déi Method get et an as och ganz séier geschitt, mee se setzt firaus dass de mat Masken geschafft hues fir erauszeschneiden/selektéieren. Wiel déng Mask aus, maach en Gaussian Blur drop fir den Bord tëschen wäiss an schwaarz méi flou ze maachen. Lo spills de mat Curves (CTRL/Cmd-M) fir nees méi Kontrast dran ze setzen an domat d'Linn nees méi scharf ze maachen. Je nodeems wéivill s de do d'Helltéin oder d'Schieter erabréngs get déng Selektioun méi kleng oder méi grouss.



Geschrieben von Metalbambi am 28.12.2008 um 00:52:

 

Merci Dr. Photoshop! Augenzwinkern
Hu mat Masken geschafft, daat anert ass jo zimmlech bloed an mei Zeitopwaenneg. ^^



Geschrieben von Mojoo am 18.03.2009 um 16:19:

  Adjustment Layer - Dialog Box

Mäi Photoshop (11.0) wéist beim Erstelle vu néien Adjustment Layeren keng Dialog Box méi un. Mat engem Duebelklick ob den Layer Thumbnail kréien ech och keng Box obgemaach.

Läit dat un enger Astellung? Merci fir all Rootschloo.



Geschrieben von Johny am 18.03.2009 um 17:08:

 

Wanns de soueen Layer erstells, geet normalerweis an enger anerer Fenster, also soueng wéi och déi wou Layers ugewise ginn, "Adjustments" op, an do kanns de dat astellen. Wanns de déi net gewise kriss kanns de der se jo manuell uweise loossen iwwer Window am Haaptmenu an do Adjustments wielen.



Geschrieben von Mojoo am 18.03.2009 um 17:13:

 

Oh fräck, ech hu wierklech Tomaten ob den Aan. Merci Johny!



Geschrieben von Metalbambi am 27.11.2009 um 18:13:

 

Alt mol nees en klengen Probleem mat eisem groussen Koleeg...
Ech hun en Struktur-Layer iwwer eng Foto geluescht an den Verreschnungsmodus ob 'Differenz' gesaat, wan ech se awer lo reduzeiren well kreien ech iegent en Muuscht raus, mee net daat wei et vierdrun ausgesin huet.

Kann een mer do weiderhelefen?
Merci am vieraus



Geschrieben von gloda am 27.11.2009 um 18:43:

 

Wat mengs de mat Reduzéieren? D'Gréisst erofsetzen? Hues de Screenshots?



Geschrieben von Metalbambi am 27.11.2009 um 18:52:

 

Nee, einfach all d'Layeren ob een reduzeiren. Sry wan ech mech bessen konfus ausgedreckt hun... ^^



Geschrieben von MarcGerard am 27.11.2009 um 18:59:

 

kennen ech bambi. ech hoffen et kann der een eng gescheit äntwert gin, dann hun ech eppes matgeléiert smile

ech mengen awer net dass dat geschit, wanns de einfach nemmen e fixéierte layer, an dono en zweete layer driwwer hues. do as nach méi. entweder méi layers, oder eng group oder sou. kann dat sin?

ps: du hues jo keng smart object, an du bass secher am RGB ?



Geschrieben von Metalbambi am 27.11.2009 um 19:47:

 

Keng Smarten, ProPhotoRGB, keng Gruppen, 5-6 Adjustment-Layers, Hg fixeiert, dei aner einfach normal driwwer leien... Augenzwinkern

Hun och schon proebeiert ouni d'Masken, well awer net wei ech... :/


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH