Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Euro 2008 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1038)
Geschrieben von Johny am 10.06.2008 um 11:31:
Euro 2008
Dajee, nach keen sou eppes hei opgemaach ...
Ech hu kee wirkleche Favorit bei deser EM, mee verfolgen et awer gäer
Och wann ech am Moment net vill Matcher ka kucken duerch mäi Memoire an sou.
Zu wem haalt dir dann an wee mengt dir, dass, realistesch gesinn, keint d'EM gewannen?
Geschrieben von big-basti am 10.06.2008 um 13:50:
Jo mengen huet sech nach keen getraut
Majo ech haalen zu Kroatien, mengem Heemeschtland
ech wees net ob se d'EM gewannen kennen, mee se hun eng gutt Ekip an Potential
Ehm mein Favorit .. Bis lo huet mech Holland wierklech impressionéiert an Deitschland war och net schlecht
Mee wees een jo nie, vleit packen d'Kroaten et dest Joer
Geschrieben von Mika am 10.06.2008 um 19:04:
Ah genau dee richtegen Thread fir mech
majo spillerech iwwerzeegt huet bislo emmer eng Equip aus all Grupp - Daitschland, Portugal, Holland - mee et muss ee soen dass dei ni richteg hanne getest gi sinn. Mam Adler am Goal wier Daitschland fir mech Favorit (de Ballack muss dach endlech mol eng Final wannen!), mee de Lehmann ass a bleiwt eng wacklech Affair.
Lo am Moment leeft Russland geint Spuenien, denken dei 2 packen och d'Grupp well se spilleresch besser sinn wei dei aaner zwee...
Am Grupp A dierft et schweier ginn fir d'Schwaizer - schued! D'Tschechen hunn eben eng immens Verteidegung an d'Portugiesen een immens Mettelfeld
Daitschland muss sech am Grupp B duerchsetzen, dann tippen ech och nach op Polen, d'Eisterreicher an d'Kroaten waeren einfach ze harmlos
Rumaenien huet geschter genau daat gemeet waat ech vun hinnen erwaerd hunn, an si waerten Holland kleng an Italien grouss Steng an de Wee leen. Wann Italien weider sou schlecht hanne spillt, waat jo bekanntlech hier Staerkt ass, dann keint et eng schei Blamage ginn...wann d'Hollaener d'Form haalen dierft awer geint Rumaenien keen Problem sinn an Frankreich kritt sech villeicht och nach duerchgedreckt
Ech sinn frou wann een mol endlech rem ee gudd Fussballmatch ka kucken, Schweiz, Portugal, Holland, Daitschland, Spuenien an Russland hunn daat bis lo faerdeg bruecht, an wann dann sou ee gewennt ass et mir egal wee gewennt, well meng Lieblingsequip Argentinien spillt jo bekanntlech net mat
Geschrieben von toto am 10.06.2008 um 20:23:
England as net dabei ech sin nach emmer net dofuner eweg
. Mee bon geif soen holland gewennt dest keier.
Geschrieben von Johny am 11.06.2008 um 13:52:
Also Kratien huet zwar net wirklech sou staark gespillt, éierlech gesot
Bis lo schéngen d'Spuenier am stärksten. Wee seng Chancen sou äusnotzt ... mee wann hinnen d'Spill vun de Russen gutt gaangen ass, ass daat ganzt och rem bessen verfälscht. Mee daat gesi mer lo an denen nächste 3 Deeg nach wei daat weidergeet
Geschrieben von big-basti am 12.06.2008 um 21:14:
Haha Kroatien
kannch mein Deitschproff färdeg man deen haut eng grouss Schness hat
Geschrieben von Masterpii am 12.06.2008 um 21:36:
Mein Favorit as Spuenien. Huet een jo schon den eischten Mätch gesin, wei gudd dei gespillt hun!! ^^
Fannen etawer och gudd dass d'Italiener geint Hollänner wer och haut Däitschland eng iwwert den Deckel kruuten, lo teinen dei dann och mol net mei sou deck!
Geschrieben von Johny am 12.06.2008 um 21:43:
Jo haut war natirlech rem eppes aanescht, vun de Kroaten
D'Spuenier waren bei der läschter WM am éischte Match och immens staark, an duno ass näicht méi komm, dofir sinn ech waat déi ugeet am Moment nach bessen skeptesch.
Geschrieben von Jean-Jos am 13.06.2008 um 23:12:
a wat soot der zu den Holänner
))
Geschrieben von Johny am 13.06.2008 um 23:13:
Dass mir hei just 0:1 géint déi gespillt haaten am Josy Barthel, kann ech lo emmer nach net verstoën
(an ech war live matt derbäi!)
Geschrieben von klex am 13.06.2008 um 23:57:
EM ass cool...
all Owend 2 Stonne kee Mensch op der Stroos an alles wonnerbar fräi fir mam Velo duerch d'Géigend ze cruisen ouni sech mussen Gedanken em d'Autoen ze maan... waat gett et méi schéines
Geschrieben von the_zipper am 14.06.2008 um 01:14:
Jo bis se dann awer gewannen dann kenns de mol netmei zu fouss durch
Geschrieben von Johny am 29.06.2008 um 21:34:
Ganz einfach: Mer kucke wéi d'Spuenier gewannen
Geschrieben von big-basti am 29.06.2008 um 22:48:
Woho Spuenien
verdingt gewonn och wann de match net äusserst spannend war , wei ech fonnt hun .. awer eng ganz gutt leeschtung am ganzen Tournoi
Geschrieben von JADE am 29.06.2008 um 22:55:
an elo ? ...
POOOOOO PO PO PO PO POOOOOO PO
POOOOOO PO PO PO PO POOOOOO PO
Geschrieben von MarcGerard am 29.06.2008 um 22:57:
asou, da sin et 't spuenier déi tuuten XD
boah! ech kréie GUEr nix mat vun deem ganze schäiss XD
Geschrieben von Jean-Jos am 29.06.2008 um 23:02:
dat gehéiert awer zur Allgemengbildung XD
Geschrieben von gloda am 29.06.2008 um 23:07:
't as zwar witzeg 10000 Leit ze gesin déi grad mat Blëtz d'Freedefeier wëllen fotograféieren.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH