Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1841)


Geschrieben von JADE am 02.11.2011 um 22:59:

  Boris Frantz

EXPO PHOTO de Boris Frantz

"Millegalerie" à Beckerich (Luxembourg) du 19 Novembre au 4 Décembre 2011.
Vernissage le vendredi 18 Novembre à 18h30 suivi à 20h d'un dîner-conférence (réservation obligatoire)
L'exposition est ouverte du mercredi au dimanche de 14h à 18h

http://www.kenako.lu/Uploads/Uploads/affiche-expo-web.jpg

http://www.kenako.lu/index.php?menu=36&page=&portal=9&submenu=&lang=fr



Geschrieben von MarcGerard am 22.11.2011 um 16:36:

Text Ausstellungen (och vun Photogen Memberen)

ech invitéiere jiddereen op dem Neckel(annick) scholtus. 't neckel huet do ennert anerem fotoen ausgestallt. déi meescht vun eis kennen hat duerch d'rouloto'graphe. dat as déi roulotte-lochkamera déi alt duerch 't land fiert smile

méi informatiounen



Geschrieben von BlackPanther am 22.11.2011 um 18:23:

  RE: Ausstellungen (och vun Photogen Member)

hun mer den Datum noteiert, mol kukn op ech bis dohinner kommen....gees du kuken? Augenzwinkern



Geschrieben von gogo am 23.11.2011 um 23:57:

  PhotoExpo

Hei bessi Reklamm fir eng Ausstellung vun onsen Kollegen, dem Photoclub Ettelbréck.



Geschrieben von JADE am 13.12.2011 um 15:45:

  troc'n'brol 15.12.11 18°° an den Rotondes

bon, et ass elo net richteg eng Ausstellung awer et kann interessant sin fir laanscht luussen ze goen großes Grinsen

hei um site vun den Rotondes (bessi roof scrollen)
http://www.rotondes.lu/

an hei op facebook fir sech nach unzemelden wann een selwer well mattmachen
http://www.facebook.com/events/230389607023907/



Geschrieben von BlackPanther am 13.12.2011 um 19:19:

 

(@Jade - et GET schon een Thread "Ausstellungen", kuk w.e.g. dSaach iwwersiichtlech ze haalen Augenzwinkern - ech stiechen se zesummen!)

fannen daat super dass de hai sou flaissech bas!! MERCI am Numm vun der Ekipp!! ;o)



Geschrieben von JADE am 13.12.2011 um 19:36:

 

wisou gin ët dann 2 esou threads? (bon, elo net méi)
ech hun deen thread geholl deen ech am OT fontn hun, an deen ech och gewinnt war ze benotzen, ech wosst emol nët wou deen aaneren ze fannen wier ...
(ech froen mech esouguer op ech nët deen een opgemach haat schon méi lang, virun dësem ... ech kann daat elo nët méi nokucken ... )

sorry fir den "bor*el" dann



Geschrieben von mischii am 28.12.2011 um 21:35:

  Invitatioun

Eng kleng Publicitéit fir eis Ausstellung
Mir freen eis iwwer äre Besuch
Michèle "mischii"
Jean-Paul "jps"
Rol "ereska"



Geschrieben von Jeanny am 06.01.2012 um 17:34:

  RE: Invitatioun

Si gespaant op är Biller, däi dir eis wéisst.



Geschrieben von mischii am 25.01.2012 um 23:49:

  RE: Invitatioun

mir freen eis, op all Besuch a sin och gespaant



Geschrieben von gogo am 26.01.2012 um 19:22:

 

Bessi Reklamm, déi mech per mail erreescht huet.

De Marcel Braun huet de ganze Februar eng Fotosausstellung beim Steinhaeuser zu Léideleng.
De Vernissage ass de Samsdeg de 4. Februar vun 15h un bis 17h Auer.

De Marcel fréet sech op Besuch
Fir wéider Infos einfach de Marcel selwer op brama1@mylife.lu kontaktéiren.



Geschrieben von gloda am 29.01.2012 um 11:03:

 

Ahh. E lauter cool Austellungen an esou wéineg Zäit fir ze kucken ze goen...



Geschrieben von jps am 04.02.2012 um 12:27:

  RE: Invitatioun

Fir all déi nach keng Zeit haten eis Ausstellung zu Steesel kucken ze kommen, se as nach Haut an Muer de Mëtteg vun 14h30 bis 18h30 op.

Mir freen eis iwer äre Besuch,
Jean-Paul, Michèle a Rol



Geschrieben von Digital-Art am 12.04.2012 um 09:42:

  Austellung

Ech hun am Moment zu Stengefort am Centre Culturel Al Schmelz am Kader vum Jazzfestival eng Fotoaustellung mat Impressiounen aus dem Westen vun den USA. Des ass just nach ze besichtegen um läischten Concert den 17. Abrëll 2012

http://steinfort.lu/3698/steinjazz-2012



Geschrieben von Kleent am 13.04.2012 um 12:27:

  Die Stadt? Die Stadt! - Ein fotografischer Blick auf Städte in Mitteldeutschland

Moien alleguer,

ech plangen grad am Kader vu mengem Studium eng Ausstellung mat Fotoën vu Stied aus Mëtteldäitschland. Well ech jo an Däischland studéieren, ass d'Ausstellung logescherweis net zu Lëtzebuerg mee zu Merseburg, an der Stad, wou ech studéieren. De Projet gett awer vu mir vun dem Plangen bis hin zur Ausstellung op mengem Blog an op Facebook am Détail dokumentéiert, well een daat Ganzt och als eng Art Experiment betitele kéint.

Mäi Blog op Wordpress: http://kleent.wordpress.com
Fir Facebook-Leit: Klick

Wier immens frouh iwwer Feedbacks! smile

A wann engem mäi Projet extrem gutt gefällt, kennt en einfach op d'Ausstellung an mescht e klenge laange Weekend hei am Saalekreis, ass schéin hei Augenzwinkern



Geschrieben von jps am 16.04.2012 um 09:49:

 

E Samschdeg, den 21. Abrëll ass Owes em 8 Auer d'Projektioun vum Internationalen Concours vun Camera Lëtzebuerg um Lampertsbierg am Centre Culturel Tramsschapp.
Eng zweet Projektioun ass den 3. Mee zu Mamer am Festsall vum Mamer Schlass.

Jiddwereen ass häerzlech wëllkomm.



Geschrieben von mischii am 30.04.2012 um 11:31:

 

et ass e wonnerbaren Viirtrag mat Biller vu ganz héichem Niveau aus alle Beräicher, et lount sech wiirklech kucken ze goen, ween di éischt Viirstellung verpasst huet, kann dësen Donneschdeg nach op Mamer kommen



Geschrieben von Poly am 30.04.2012 um 18:01:

  Mamer

jop, du wärt ech wahrscheinlech dobäi sinn, merci fir d'info



Geschrieben von mischii am 01.05.2012 um 04:39:

  RE: Mamer

ok, da gesi mer eis



Geschrieben von Kleent am 02.05.2012 um 20:55:

  UPDATE: Die Stadt? Die Stadt! - Ein fotografischer Blick auf Städte in Mitteldeutschland

Léiw Fotofrënn,

firun e puer Wochen (kuckt uewen) hunn ech hei am Forum iwwert eng Foto-Ausstellung geschriwwen, déi ech de Moment am Kader vu mengem Studium réaliséiere well.

Ech brauch kengem vun Ierch ze erklären, daat eng Ausstellung gewësse Käschte mat sech bréngt an als Studentin huet een et do net ganz liicht. Dofiir hunn ech mech dofir entscheed, mir d'Ausstellung iwwer e ganz neie Modell "Crowdfunding" finanzéieren ze loossen. D'Konzept seed: Kulturprojet'en finanzéiere loosse mat der Hëllef vun Villen! Et kann een endweder normal Spenden (also ouni Géigeleeschtung) oder et spend een Suen an et kritt een sougenannt "Dankeschöns" zeréck. Wann bis eng gewëss Deadline d'Suen net gesammelt sin gëlt de Prinzip "Alles oder näischt". D.h. endweder et kritt een de ganze Budget oder guer näischt.

Meng Ausstellung ass Ugangs bis Mëtt Juni zu Merseburg a Sachsen-Anhalt an och wann Dir sëcher net kennt dobäi sinn bei menger Vernissage géiff ech mech trotzdem immens freeën, wann e puer Leit mech aus der Heemscht géiffen ënnerstëtzen.

http://www.startnext.de/die-stadt

Kuckt Ierch den Trailer un, liest Ierch meng Idee duercht - an wann Ierch d'Konzept gefällt an Dir de Projet eng gutt Saach fannd, freeën ech mech ganz vill iwwer eng kleng Spend. Ech hunn e puer ganz flott "Dankeschöns" (och Print's z.B) formuléiert, déi Ierch interesséiere kéinten... Augenzwinkern

Merci elo schon fir d'Liesen an d'Zäit huelen! smile

Vill Gréiss aus Däitschland,
Anouk
alias Kleent


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH