Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Photoshop Projet III (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1404)


Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 13:45:

 

Zitat:
Original von BlackPanther
oO

Zitat:
Déi Biller nerven mech elo schon. (Dat driwwer huet mol näischt mam Text oder mam Thema ze din.)







Geschrieben von marischen am 10.12.2009 um 13:51:

 

Sorry Gaga,( an ech mëschen mech net gär an sou Saachen an) mä déi Biller nerven wierklech. Mëttlerweil kann een hei bal keen Forum Thread méi opmaachen ouni dass sou e Bild engem entgéint "laacht".

Ech dramatiséieren vläicht, mä ech hunn dat lo missen soen ;-)



Geschrieben von deBaemm am 10.12.2009 um 14:28:

 

also an där doten gréisst fannen ech et nach "akzeptabel" mee di ana sin einfa ze grouss -.-'



Geschrieben von marischen am 10.12.2009 um 15:31:

 

Ok, dann preziséieren ech: en Post wou quasi JUST sou e Bild dra virkënnt fannen ech einfach faul ;-) Wann een sech net aneschters ze verstännegen weess soll een et si loossen, fannen ech.



Geschrieben von deBaemm am 10.12.2009 um 15:50:

 

also ganz onrecht hues de natiirlech net Augenzwinkern



Geschrieben von big-basti am 10.12.2009 um 16:29:

 

@ deBeamm : et ass ukomm, merci smile



Geschrieben von deBaemm am 10.12.2009 um 17:48:

 

ok thx fiir d'info an vill spaass smile sin gespaant, ze wessen wei d bild herno ausgesait ^^(an wei et fiirdrun ausgesin huet :p)



Geschrieben von BlackPanther am 10.12.2009 um 19:46:

 

joah mir brauchen onbedingt een -FIRDRUN-! haat ma eppes ganz anres erwaard an war relativ schweier eppes ze fannen waat ech na derbai kont setzen...hoffen ech hun nik zefill gmeet....
emmer spannend dei Denger hai! iLike! smile



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 20:45:

 

Zitat:
Original von marischen
Sorry Gaga,( an ech mëschen mech net gär an sou Saachen an) mä déi Biller nerven wierklech. Mëttlerweil kann een hei bal keen Forum Thread méi opmaachen ouni dass sou e Bild engem entgéint "laacht".

Ech dramatiséieren vläicht, mä ech hunn dat lo missen soen ;-)



as jo allt gut dat mer net an engem molverein sin hei !!!
geschockt



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 20:46:

 

Zitat:
Original von marischen
Ok, dann preziséieren ech: en Post wou quasi JUST sou e Bild dra virkënnt fannen ech einfach faul ;-) Wann een sech net aneschters ze verstännegen weess soll een et si loossen, fannen ech.


hmmm, erenner mech drun wann ech erem een 2000 wieder kommentar hannerlossen ...



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 20:47:

 

Zitat:
Original von deBaemm
also an där doten gréisst fannen ech et nach "akzeptabel" mee di ana sin einfa ze grouss -.-'


do gin ech der recht !



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 20:47:

 

Zitat:
Original von big-basti
@ deBeamm : et ass ukomm, merci smile


do keinnt ech elo idem soen !



Geschrieben von Johny am 10.12.2009 um 20:55:

 

4 Posts hannerdeneen ... schreif w.e.g. alles an een eenzegen.



Geschrieben von BlackPanther am 10.12.2009 um 21:00:

 

Netiquette - do get et och een Punkt "FORUM" - kiint een rouech enka duerchliesen - dei aner User sin secher dankbar! 



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 21:43:

 

Zitat:
Original von BlackPanther
Netiquette - do get et och een Punkt "FORUM" - kiint een rouech enka duerchliesen - dei aner User sin secher dankbar! 


ma dann hues du daat awer nach net richteg gemach bp, well deng verweisen sin iergenwei net themagebonnen !

@johny : sry, mais ech haat elo keng gedollt fier mer all dei zitater ze c/p'en !



Geschrieben von gloda am 10.12.2009 um 21:49:

 

Dofir as jo dann den aneren Leit hir Gedold do.



Geschrieben von Johny am 10.12.2009 um 22:29:

 

Gaga: Nächst Kéier läschen all Kommentar nom éischten, wann et der méi sinn. Obs de Gedold hues dofir oder net ass deng Entscheedung.



Geschrieben von Gaga am 10.12.2009 um 22:33:

 

Zitat:
Original von gloda
Dofir as jo dann den aneren Leit hir Gedold do.



gloda, wei hues de mer eng keier weinst enger topechkeet geschriwen ?

Zitat:
taktgefill


also lo fillen ech mech sou luess belästegt ...
dei dei sou schnell getouft sin, sin dei dei selwer gären un aaneren leit hirem käffeg rabbelen !
du hues eng gemeinsamkeet mam bp !
lauter scheinhelleger !
gid erwuessen jongen !



Geschrieben von gloda am 10.12.2009 um 22:49:

 

Méng Remark sollt den Paralogismus an dénger Rechtfertegung ënnersträichen. Ech wollt dech net perséinlech ugräifen, mee déng Manéier am Forum.



Geschrieben von MarcGerard am 11.12.2009 um 02:12:

 

oh nee, an dat neess a méngem post.

hei, direkt back to topic w.e.g.
ech sin souwuel mod wéi och themenstarter, geet also ganz séier desskéier Augenzwinkern

kuerz erennerung:

- MarcGerard
- mmphotos
- Gaga
- Johny
- Metalbambi
- marischen
- krautheim
- gloda
- BP
- deBaemm
- Big-Basti
- Kleent
- waatfireen-art

mäer hënke grad beim kleent an da geet et bei de watfireen-art (wafireen nick). ech posten dann eist gemeinsamt konschtwierk zesumme mam original Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH