Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Lost... (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=464)


Geschrieben von zia am 16.11.2006 um 09:54:

 

Wei wier et dass nemmen en Admin eng Foto kann als Top Foto proposéiren an dass dann dei ganz Jury driwwer oofstemmt? Een vun der Jury deen mengt dass een dei keint proposéiren mecht et an et gett secher keen gestreids mei bei den User dei eng proposéiert hun an wou den Jury se net ugeholl huet. Deen fillt sech dann och net an senger éier ugegraff, vu dass daat jo hei den Problem ass.

Oder d'Fotoen huelen direkt beim Top Foto zuutz deel an den Jury décidéiert iwwert all Foto op et eng Top Foto ass oder net.

Kloer wärt och hei dann jidfereen eppes ze soen hun falls eng Foto net Top Foto ass, mee op mannst ass keen user ugegraff.

Kapisch??



Geschrieben von Johny am 16.11.2006 um 13:41:

 

Nee et ass egal wen se virschléit.

All Foto oofstëmmen, daat gëtt vill ze vill, an net all Mensch an der jury huet esouvill Zäit.

Et sinn eben grad net d'User déi ugegraff sinn me emmer d'Jury oder d'Admins. Wubäi dann nach daat ganzt matt der Jury d'Idee vun de user war ^^



Geschrieben von Olivier am 16.11.2006 um 13:41:

 

Also... ehc hun lo net all weider comment gelies... jus nach puer vum johny...

Deen Voting do... Hey!! Leutz?? Brauchen mir en voting? Nope!! Du sees mer solllten sou een voting maan : Schlecht, extreem schlecht...gudd, mega gudd... also an deems enn... fierwaat???
Wann mer en comment schreiwen, soen mer jo automatesch op eist foto gefälltoder net... oder mussen mer all deenen aaneren lait daat ant aan drecken op se gudd ass oder net?? Wann dann mussen comments schreiwen...

Johny... ech sin er secher dat deng idee (oder war et deng ?! Augenzwinkern ) gudd leeft fier eng zait... mee.. mer sin am moment nemmen bei 800 memberen hai um ste, an et kommen emmer rem lait noo... an noo... an noo... an et wäerten rem lait do sin dei rem meckeren... mir zerbriechen eis hai zu deels den kapp... fier en voting deen mer net brauchen...
Den voting kann gudd sin, an motiveierend... mee en kann och verletzen, wann een seng art vun konscht net versteet, oder net gäeren huet... an et et deet nach mei weih, wann een do voten geif: Schlecht... oder gefällt mir net... doofier schaaff daat ganzt endlech oof... well daat brengt nemmen probleemer wei hai... an mer geiffen sou eng diskussioun net hun...



Geschrieben von Johny am 16.11.2006 um 13:44:

 

Daat sollt am fong geduecht sinn fir dass een eng kuerz Iwwersiicht huet fir ze kucke wéi gutt d'Foto ukomm ass bei de Leit. Wen daat ze eecht hëllt oder ze perséinlech, deed mer leed mee den ass selwer Schold. Äusserdem kann een en jo emmer nach äusschalten smile



Geschrieben von Olivier am 16.11.2006 um 13:46:

 

Jo... also ech hun domadder keen problem.... nja... net esou krass dat et mech geif verletzen Augenzwinkern

Mee... fierwaat? Deen voting irriteiert aaner lait hier meenung...

Oder besser:

Soo mer en grond den voting ze behaalen? Awer en gudden? Verleieren mer doduerch memberen well mer keen mei hun? Augenzwinkern



Geschrieben von mmphotos am 16.11.2006 um 15:47:

 

hun nach eps ze son...bon...sprecht lo fleit geint eng "community" oder geint meetings...ech wees...mee son et awer well et daat as waat ech denken an firwaat den mmphotos vum site gaangen as.Et GET eng Vetternwirtschaft hei um site...dei meecht maan do mat an et as och nemmen normal.Also ech soen selwer dass ech och eng Foto vun engem friemen fleit aanecht bewaerten wei dei vun engem deen ch bessen kennen, an och weie ng vun engem deen ec ganz gudd kennen....et as am fong daat normalst vun der Welt...mee leider as daat och heinsdo net gudd...firwaat ech daat son? Ma well daat den grond as firwaat den mmphotos net mei um site aktiv as...

waat menkt dir dozou?



Geschrieben von Olivier am 16.11.2006 um 16:04:

 

ma... daat ass jodaat waat ech dei ganzen zait soen... bon... et stemmt... bei den meetingen leiert een sech natierlech kennen... ass jo logesch... mee... daat hennert mech net weider op meetingen ze goen (hues de net gesoot)...
Doofier well ech och keen voting mei ennertaanerem... well sougesin ass et dann net fair, fier lait, dei net op meetingen konnten sin... lo mol psychologesch gesin...



Geschrieben von Johny am 16.11.2006 um 16:20:

 

@Oli: soot et jo, fir dass een en iwwerbléck huet wei d'Foto ukomm ass.

@mmphotos: an engem gewëssene Mooss schonn, jo, allerdings net esou wéi muench Leit daat duergestallt hun. z.B. ass behaapt ginn d'jury geif jo sws zsm haalen an geifen een dem aaner seng Foto eischter als Topfoto voten wéi aanerer ... waat net stemmt, well et si Leit an der jury dei sehc na nie gesinn hun jemols an dei nach nie eppes mateneen ze dinn haaten.

Waat ee méi Leit kennt, waat méi Leit engem seng Fotoe kucken, waat d'Chance drop dass se firgeschloo gëtt als Topfoto, och rem méi grouss ass.

MEE eigtl misst et fir richteg an enger community esou sinn, dass d'Leit all mateneen bessen epps heinsto ze dinn hun an jiddreen sech bessen kennt. Mer hun awer Leit dei net wëllen vill Leit kenne léieren, an déi kënne sech soumat net richteg integréieren. An dass déi dann behaapten et wir alles sws nemmen Vetternwirtschaft, daat ass méi wéi normal.



Geschrieben von Olivier am 16.11.2006 um 16:26:

 

Bon... fier mech ass daat keen super grond... ech bleiwen bei menger meenung... well et klickt een egal wei opt foto, wann se engem gefällt... an net wann een se gesait dass se gudd ukomm ass...

Ass meng meenung...



Geschrieben von Johny am 16.11.2006 um 16:34:

 

Et geet net am d'Leit, et geet em de Fotgraf selwer du Nicki smile Dass hee selwer eng Iwwersiicht huet weieng vu senge fotoen wéi gutt ukomm sin ...

//EDIT: Huel daat mam "Nicki" w.e.g. net frech op, well t'ass net sou gemengt.



Geschrieben von zia am 17.11.2006 um 10:28:

 

Zitat:
Et sinn eben grad net d'User déi ugegraff sinn me emmer d'Jury oder d'Admins

Ech wees net ob's daat dooten net falsch verstaanen hues. Ech wollt domat soen dass wann Leit hei eng Foto als Top-Foto virschloen, an dei gett net ugeholl, deenjeengen sech an sénger éier verletzt fillt well halt d'Foto dei hien virgeschloen huet net ugeholl gin ass. Doweinst halt den virschlaag dass nemmen en Admin eng Foto kann virschloen.

Kloer verstin ech dann wann dann eng Foto virgeschloen gin ass vun engem Admin an d'Useren dei awer net gudd fannen och hei Kritiken opkommen.

Am beschten alles oofschalten an nemmen nach Fotoen uweisen mat den Kritiken vun den useren.

Johny, egal wei's du et mess, et ass nie gudd, well et emmer Leit gin dei eng aaner Meenung hun derzou.

An ech fannen et halt schued dass an sou enger Community wei dess net mei zesummengehaalen gett wei et sollt, an dass jidfereen sein wessen deenen aaneren matdeelt aplaatz een färdeg ze machen well en halt eppes falsch gemach huet.

An engem aaneren Sënn verstin ech zwar och deenjeenegen deen dann eng negatif Kritik kritt dei wirklech net Konstruktif ass, an deen dann halt net frou driwwer ass. Ech haat daat jo och.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH