Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Standart objektiv (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=836)


Geschrieben von broken-limits am 08.09.2007 um 09:32:

  Standart objektiv

Salut fröhlich
also ech wollt mir en neit "standart" objektiv kaafen an wollt mol wessen waat dir mir sou uroden geingt?
ech wollt onbedingt en mei lichtstarkt...

SIGMA EX 28-70/2,8 DG C ==> geseit gudd aus, wees en vun ierch eppes doriwer?

Main Favorit ass zwar Canon EF-S 17-55 1:2,8 IS USM me dat ass net ze bezuelen :p



Geschrieben von gloda am 08.09.2007 um 10:14:

 

As wuel ze bezuelen, an fonktionéiert ganz gudd. Sou séier gin ech dat net méi hier.



Geschrieben von patrickr am 08.09.2007 um 10:46:

 

Gudd Optiken sin nun emol extrem deier. Di nët esou gudd si méi belleg.



Geschrieben von broken-limits am 08.09.2007 um 12:28:

 

Merci, dat heescht dir mengt allen 2 ech soll ma d'canon objektiv kaafen?



Geschrieben von gloda am 08.09.2007 um 13:01:

 

Hänkt dovun of wéis de schaffs. Wann nëmmen déi zwee zum Choix stin, wat brauchs de dann méi oft, 17-28mm oder 55-70.
An méi deier as oft, mee net ëmmer direkt besser.



Geschrieben von broken-limits am 09.09.2007 um 21:20:

 

Zitat:
Original von gloda
Hänkt dovun of wéis de schaffs. Wann nëmmen déi zwee zum Choix stin, wat brauchs de dann méi oft, 17-28mm oder 55-70.
An méi deier as oft, mee net ëmmer direkt besser.





also et ass sou dat ech ent 18-55 hun an soen ma oft ma hätt ech dach e bessen mei...



Geschrieben von Johny am 09.09.2007 um 21:34:

 

24-40 f2.8 vu Canon gëtt et och nach... su niewenbäi Augenzwinkern (Mee >1000€)

an Standard kritt en d hannen ...


Ech hun als Standardobjktiv en 24-105 f4, fannen ech selwer optimal. a wéi de patrick soot, gutt Objektiver sinn nun mol deier, do gëtt et kéng Äusnam.



Geschrieben von patrickr am 10.09.2007 um 12:46:

 

Mäi Standardobjektiv fier Pentax Digital as en 16-45mm f4.0. Ech fannen dese Brennwäiteberäich interessant well e vum dach schon starke Wäitwenkel an de liichten Tele erageet.

E Zoom-Objektiv wat bei 24mm ufänkt as a a méngen Aen nët wäitwénkleg genuch fier als "Standard" duechzegoen. Ech hun z.B nach en 24-50 f4.0 an en 28-70 f4.0. Di 2 si flott, mee et fehlt mer awer de Wäitwénkel, wat mech derzou bruet huet den 16-45 ze kafen. Natierlech hängt dat Ganzt awer och dovun of, wat ee fotograféiert. Ech ka mer fierstellen, dass fier Porträit de Wäitwenkel vläit nët esou wichteg as.

Di konstant Liichtstärkt as secher interessant, mee bäi wäitem nët esou wichteg wéi ee mengt. Wichteg as, dass de Zoom genuch "liichtstark" am Tele bleiwt. Eng Ufanksblend vun 5.6 bei em di 50mm as ****is. Do läit och a méngen Aen de Nodeel vun de bellegen Kit-Objektiver. Bei 50-80 mm sollt ee nach wéinstens f 4.0 hun. Dann as ee schon gudd zervéiert.

F 2.8 Zoomer sin mat engem groussen Nodeel verbonnen: de Präis, d'Gréisst an d'Gewiicht. Den eenzege fierdel as do, dass den Autofocus vläit bei däischtere Motiver e besse besser geet. Mee méi huet een do nët gewonnen, u Bildqualitéit praktesch och nët, éischter de Contraire. Mee eis Letzebuerger schéngt et gudd ze goen, duerfier mengen der vill dass se "professionellt" Material fier d'Vakanzefotoe brauchen.

Fier den Amateur mescht et vläit éischter Senn sech e Zoom à la 16(1cool -50(70)mm mat f 4.0 ze kafen (nët ze deier a villsäiteg anzesetzen) an eventuell e 50/1.4(1.cool oder en 28/2.0 als Ergänzung (extrem Liichtstark Festbrennwäiten).



Geschrieben von Johny am 10.09.2007 um 15:12:

 

patrick: deng 16-40 dei hues de awer dann op KB, oder op Crop ?



Geschrieben von patrickr am 10.09.2007 um 15:39:

 

16-45mm fier de Crop Sensor. (24-70 op KB emgerechent, wat awer nët vill Sënn mecht, well d'Brennwäit onofhängeg vum Sensor/Film as Augenzwinkern U sech misst ee jo vu Bildwénkele schwätzen Augenzwinkern )

Ech gin emmer d'Brennwäiten un di um Objektiv stin. Soss as een hanno ganz duergeneen.



Geschrieben von Johny am 10.09.2007 um 16:10:

 

Jo kloer gëtt een emmer dei un dei drop stinn, maan ech och.

45mm wann et dei um Kb wiren dann wir et keen Tele ... Augenzwinkern (dofir hun ech gefrot)

Canon huet fir dee Beräich och nach säin 17-40 f4 ...



Geschrieben von -Laurent- am 11.09.2007 um 03:54:

 

den 17-40 ass fier ze sabberen, ass mein klengen liebling smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH