Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- Vista ass net geklaut vun MacOS (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=494)


Geschrieben von Johny am 16.12.2006 um 13:37:

  Vista ass net geklaut vun MacOS

Wéi den Titel et scho seet ... ! Mee éiert der eppes äntwert, kuckt dese video:

http://video.on.nytimes.com/ifr_main.jsp?nsid=a718aabc2:10f8af3514e:52f1&rf=bm&fr_story=d14603c1e23e6ce37920a8134a2e27b1405a4991&st=1166272258418&mp=FLV&cpf=false&fvn=9&fr=121606_073059_718aabc2x10f8af3514ex52f2&rdm=110018.46385654922

An jo et ass normal dass als eischt eng Reklamm gewise gëtt fir Adobe, just dei laafe loossen, direkt durno fängt en richteg un.



Geschrieben von ApplEric am 16.12.2006 um 13:57:

 

Hehe, richteg flott Johny. Jop, also et ass net einfach eng Kopy. Zumols d'Widgets vum Dashboard net widgets heeschen, mee Gadgets...
Egal wat. Ech froe mech zwar wou d'Kreativiteit vun den Microsoft Productdesigner bleift.
iPhoto, Spotlight, Schach,... alles "kopeiert"... Wann ee sou soen darf,... :-D



Geschrieben von Johny am 16.12.2006 um 14:38:

 

Hei direkt nach derbäi:

http://youtube.com/watch?v=vZ28p-J40d0



Geschrieben von ApplEric am 16.12.2006 um 17:13:

 

Genial Johny... :-)
Tjo, Apple ass net op de Kapp gefall...
Mee ech mengen aus denge Post schleissen ze kennen, dass de awer no sou langer wartezait awer matt dengem iMac zefridde bass.



Geschrieben von Johny am 16.12.2006 um 23:26:

 

Voll a ganz an ech fréen mech op den Leopard großes Grinsen



Geschrieben von ApplEric am 17.12.2006 um 00:08:

 

Ech och, och wann ech mer dofir wahrscheinlech en neie Computer kaafe muss. Mee fir d'eischt kennt mol eng DSLR op d'Lescht... :-)
Opschons, de leopard leeft bestemmt och um iMac G4. Mol kucken...



Geschrieben von Nicon07 am 17.12.2006 um 09:54:

  Visat as net geklaut vun MacOS

Eric, de Loepard leeft bestëmmt op dengem good old G4, mais, an do gesin ech de Problem: et as wi wanns du géifs Super V-Power 100 Oktan an een Diesel aus engem Mercedes aus de 60er Joeren dra maachen. LOL Deng Grafikkaart am G4 as ze lues a, irgendwou iwwerholl, deng RAM-Kapazitéit as wahrscheinléch just Limite, an da kriss du richteg Kaffispause beim Verschaffe vun dénge Biller, su datt Windows op eemol méi séier get, wi de Mac. An dann hues du gudd geschafft... Wann ech kucke, wat elo am ComputerHome an der Belle Etoile alles vu Computeren iwwert den Dësch geet, da sin dat bal nëmme MacBookPro, oder di nei iMacPro. Wi ech geschter do laanscht passéiert sin, hun se an där Véierelstonn wu ech dobanne war dräi Computere verkaaft. An da kann ee jo lo ganz offiziell Parallel Desktop laafe loossen, dat heescht Windows XP op Mac, oder an der Fënster vum OsX, sou datt et am Fong scho bal iwwerflëssech get, fir iwwwer Vista ze schwätzen. Besonnesch wou dat elo KEEN Virtual PC mi as, mais Windows genau su séier a performant op Mac leeft, wann net suguer besser wi op engem "richtege" PC. An awer sin ech frou, mach mat méngem "aalen" G5 2X2,5 vum Januar 2006 ze schaffen...

Op d'laang Weil kënns du net laanscht een neien intelMac, an dann hälls du däin G4 fir deng Rapportën, Exposéen asw.

Schéine Sonndeg,

Nico



Geschrieben von ApplEric am 17.12.2006 um 11:30:

 

Merci. Dir och e scheine Sonndeg. Du hues natierlech recht, datt een op lang weil net mei laanscht den IntelMac kennt. Natierlech giff ech mer och lo, wann den Leopard kennt, en iMac oder MacBook Pro kaafen, wann ech d'suen hätt...
Mee leider as dat net de fall, an fir dat, wat ech lo vu programmer hun fir ze schaffen (Macromedia Flash 8, Dreamweaver, Photoshop, Apple Pages a Keynote,...) geht mein iMac G4 nach duer, och wann et munchmol mei lang dauert. Mee egal, ech hun zait, an d'Endresultat ass gudd.
A wann ech lo muss saachen maachen, wou een mei ee starke Mac brauch, gin ech op mengem Papp sein PowerMac G5 Quad setzen. Do leeft dat schon... :-)



Geschrieben von Johny am 17.12.2006 um 14:30:

 

@Nicon07: Endlech léiss de och den Mac-fan ganz offiziell räushänken Augenzwinkern

Also dass esou vill Mac'en lo verkaaf ginn haat ech net geduecht, just dass et zwar schonn e bessen méi ass .. mee bon, ass normal, d'Erklärung hues de jo selwer ginn großes Grinsen

@Eric: En einfache Macbook ass och guer net sou lues, an och guer net esou deier wéi ech fannen Augenzwinkern



Geschrieben von ApplEric am 17.12.2006 um 14:55:

 

Jo, mee de MacBook huet, fannen ech, einfach en ze klengen Bildschierm. Ech kinnt net richteg gudd drop schaffen. Ech war z.B. och am Computer Home an der belle etoile, an do steet dann den MacBook Pro 15" an 17" an dei senn einfach vill mei flott fir drop ze schaffen wei lo en MacBook.
Leider senn se sou deier. Vun dohier bleiwen ech wahrscheinlech beim iMac, dat senn dei bescht am Preis-/Leeschtungsverhältnis.



Geschrieben von Johny am 17.12.2006 um 14:59:

 

Hm ech wees zwra net ob den Macbook net awerr eng mei grouss Opleisung huet wei dein aktuellen iMac smile OK also Recht hues de schonn, den écran ass kleng fir wann een richteg drop schaffe well, mee bon.



Geschrieben von ApplEric am 17.12.2006 um 15:03:

 

Et kann een natierlech och en Projekter dru schleissen,... Dann hudd een e groussen "Bildschierm"...
Augenzwinkern
Mee am beschten ass natierlech den MacPro matt 30 zoll Apple display. Ech mengen, do gett et keng Kompromisser... Mee do vun kann ech nemmen dreemen... Do leeft den Leopard och secher drop.



Geschrieben von Johny am 17.12.2006 um 15:27:

 

Den 30 Zoll kascht alleng scho genee su vill wei e macbook pro Augenzwinkern

Mee den écran ass wirklech en Draam, ee Prof vu mir huet soueen am Bureau stoen ... :/


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH