Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Soll ech Photoe läschen? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1950)


Geschrieben von luxiline am 19.02.2013 um 13:46:

Fragezeichen Soll ech Photoe läschen?

Als Ufänger hei um Site sinn ech am gaang ze probéieren wéi eng Zort Photoen hei gutt ukommen an erwënscht sinn a wéi eng net. Ech sinn säit 2008 op engem anere Site aktiv, mee dien ass eigentlech net sou kritesch.
Lo stellen ech mir d'Fro ob ech
1) iwwerhaapt hei soll Fotoen eroplueden, wann se ënnert dem allgemenge Niveau sinn, wat d'Technik ugeet. Ech hunn (nach) keng DSLR. Vläicht sollt ech an sou en Diskussiouns-Forum mech aschreiwen bis ech do mol eng Decisioun geholl hunn an dann hei matschwetze kann, resp. aktiv ka ginn.

2) Oder, wa JO op déi 1. Fro, ass et dann ugeholl datt een déi Fotoen, déi guer keng Kommentare kréien nees soll läschen? Oder déi wou e gesot krut, si wieren net gutt? Wéi war dat bei Iech wéi dir ugefaang huet?

Ech akkzeptéiere gäer Kritik, awer ech well keen nerven mat schlechte Fotoen an och keng Plaatz ewechhuelen op aerem Server smile !

Ech bleiwen op alle Fall ageschriwwen fir déi interessant Fotoen hei ze kucken an eppes ze léieren. Domat wier ech jo net deen eenzegen inaktive Member!



Geschrieben von Metalbambi am 19.02.2013 um 15:51:

 

U sech geet et jo hei eben genau drëms ze léieren. Dofir ass et eben just erwënscht Fotoen rop ze lueden déi verbesserungsfäheg sinn, wou een géif gäer wëssen wéi een et besser maachen kann. Natierlech sollen se schon en minimalen techneschen Standard erfëllen, d.h. et huet keen wäert Fotoen rop ze lueden wou s de weess dat, an wisou se schlecht sinn. Solls och en bëssen verstoen wat eng Blend, ISO,... ass an bewierkt, soss gëtt et schwéier der eppes ze erklären. Et geet net drëms sech hei mat schéinen Biller ze iwwertreffen, och wann mer natierlech alleguerten just Mënschen sinn an ëmmer en bëssen Konkurrenz bleift. Wat jo natierlech och gutt ass als Motivatioun.

Fotoen déi net gutt ukomm sinn oder keen Kommentar kritt hunn läschen huet och net wou en wäert, well dann kann och keen aneren méi eppes draus léieren/nach en Kommentar derbäi schreiwen. Plaz ass genuch op dem Server, dorunner soll et also net leien. Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 19.02.2013 um 16:11:

 

Wat nach e gudden Tipp ass: Schreif bei d'Foto derbai dass gären Tipps häss, vill Leit zécken fir eppes ze schreiwen well et bei ville Leit falsch opgeholl gëtt wann ee kritiséiert, obwuel eigentlech wéi de Metalbambi sot, de Site dofir geduecht ass smile

Du kanns deng Fotoen natierlech läschen, ech raumen och an mengen déi just puer eenzel Kommentarer kritt hunn, mä et ass awer eigentlech egal. Et sinn nach etlech GB fräi um Server Augenzwinkern



Geschrieben von luxiline am 19.02.2013 um 17:54:

 

merci, da weess ech elo dass ech mech net brauch ze genéieren!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH