Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Hellef-Foto-Meeting (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1863)


Geschrieben von kobsi am 18.01.2012 um 19:12:

Daumen hoch! Hellef-Foto-Meeting

Moien alleguer,

ech hunn mer virun engem Mount eng Nikon D7000 kaaft, an ech hunn mir geduecht wann´s de schon investéiers dann kaaf der och een eierbaaren Bletz. Also hun ech mer den Nikon SB-900 dobei kaaft.
Sou, an deem leschten Mount hunn ech dann och ganz vill auspobeiert, souwuel mat ewéi och ouni Bletz, an iwwert déi zwee Apparaten nogeliesst, mee trotzdem hun ech nach emmer meng Schwierechkeeten, well ech virdrun just eng D40 haat, an daat hei awer trotzdeem vill méi Komplex ass.

Lo wollt ech froen op iergendeen deen sech bessen mat deem Apparat auskennt, loscht huet, mir sou ze soen puer "Nohellef´s Stonnen" ze ginn, andeems een, een klengen Foto´s Tour giff maachen, an dono evtl. eng kéier am Photoshop kuken, waat een aus denen Fotoen kinnt maachen

Natierlech sinn ech op bereed vir eppes ze bezuelen, wann schon een Zäit vir mech opfert.

Ech soen viir all Entfert Merci.

Kobsi



Geschrieben von TomEwert am 19.01.2012 um 13:07:

 

als nikonuser kann ech der gaeren weiderhellefen.
ech wier direkt bei engem photostour dobai, hun en sb-800 als bletz, mais d'bletzer funktionnéiren alleguerten d'selwescht ...also plus minus...

vielleicht kéint een kucken dass een méi leit dozou kéint kréien einfach mol rem engkéier en spontanen tour z'organiséiren. kéint een jo esou en genre meeting dorausmaan. an falls mer net genuch leit fannen, kennen mir 2 daat nach emmer ennert ons maan. hun momentan en bessen zait, schreiw mer einfach eng PN.



Geschrieben von BlackPanther am 19.01.2012 um 16:11:

 

wow, cool Saach mam Meeting,

wier (wann meiglech) och derbai, an wier frou wann mer daat organiseiert kreien!

hai den Link, spread the news!

http://www.doodle.com/tzzc8keet959rwh5

---

Een klengen Fototour, bei dem et drems geet dass Ufänger an schon méi aal Huesen mateneen ZESUMMEN ennerwee sin, fir hiert Material besser kennen ze léieren an sech iwwert Fotografie (an aneres!) auszetauschen! Augenzwinkern

Als Location schloen ech den ennechten Deel vun der Stad fir, zbsp beim Resto "Il Piccolo Mondo" 216 r. de Hamm, 1713 Luxembourg, 428661 vun dem aus een séier op klengen Weer am Besch as.

Einfach ukliken wous du am beschten zait hues, an als Numm dain photogen-Nick ugin...

---



Geschrieben von TomEwert am 19.01.2012 um 17:03:

 

top déi doten Aktioun BP !!!
dann hun mer mat dir jo och schons mol direkt een vun der Partie mat dobäi deen sech gudd mat der Canon Sektioun auskennt!! Hoffentlech get et eppes, wier wierklech flott mol rem nei Leit kennenzeléiren an iwert d'Photographie etc. ze schnessen, beziehungsweise sech auszetauschen.

@Comitésleit : Wier vielleicht Interessant deen Meeting och engkéier als Facebook Status Update laafen ze lossen fir dass d'Leit och kennen iwert FB informéirt gin.

Freen mech schons smile ,
Tom



Geschrieben von BlackPanther am 19.01.2012 um 17:11:

 

@Tom: an dem Fall huet den Komité nix dermat ze dinn, zesummen mam Maggele odersou sinn ech Eventmanager...Augenzwinkern

all Hiewelen senn an Beweegung gesaat, giff och mech freen wann mer mat engem Meeting kiinten an dAktivitéiten 2012 ran starten! Augenzwinkern

Ginn den Lait bessi Zait fir eppes derzou ze soen...



Geschrieben von kobsi am 19.01.2012 um 19:28:

 

Cool, waat eng kleng Fro eng Ausmoos kann unhuelen, ech wier dann och bei deem Meeting dobäi!!! ;-)



Geschrieben von Miisamm am 21.01.2012 um 11:22:

 

Cool! Deemno wei deemno waat sin ech och dobäi, ech hun meng d7000 nämlech ganz gudd "geleiert" wees genuch, an ech mengen ech keint doo deem een oder aaneren e bessen hellefen :-), an et sin der bestemmt och dobäi wou mär nach vill saachen kennen weisen :-).

Bis denn



Geschrieben von gloda am 21.01.2012 um 13:01:

 

Op der Uni am Club hu mer dat och méi oft gemaach, a meeschtnes hunn d'Leit méi an engem Nomëtteg esou an der Prais geléiert wéi mat Stonnen a Stonnen Theorie.



Geschrieben von TomEwert am 25.01.2012 um 16:35:

 

wéi gesait et mat desen Meeting hei aus?

Ween ass mat vun der partie? Net dass deen meeting nach an d'Wasser faellt, et wier schued dorems.

Tom

//EDIT : hei nach engkéier den link fir ierch unzemellen, respektiv fir ze kucken wéini ween Zait haett. Den Sonnden den 26.02 scheng bis ewell den Datum ze sin wou mer en Konsens kéinten hinkréien.

Doodle Link



Geschrieben von Metalbambi am 25.01.2012 um 18:09:

 

Geet mer deen W-E zwar am schlechstens, mee misst et awer gemanaged kréien do ze sinn.



Geschrieben von gloda am 29.01.2012 um 11:03:

 

Sou lues schilet sech jo do en Datum eraus. 't gëtt héich Zäit dass ech mol nes emol en Dag dobausse mat Fotoe maache verbréngen.



Geschrieben von TomEwert am 30.01.2012 um 17:12:

 

@gloda,

fannen och. an daat wieder mam schnéi ass un sech perfekt fir den leit ze léiren hiir manuell astellungen um photoapparat kennenzeléiren großes Grinsen well am schnéi funktionnéirt baal keng beliichtungsmossung méi großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 30.01.2012 um 17:46:

 

Wéi, kann een do och nach eppes anescht wéi manuell astellen?



Geschrieben von Metalbambi am 30.01.2012 um 21:46:

 

großes Grinsen

Ech hu geduecht du häss ëmmer op dem kompletten 'Auto' stoén mat Grins-Erkennung?
Sou maachen ech et mol ëmmer.



Geschrieben von BlackPanther am 31.01.2012 um 11:50:

 

Den Meeting as net vergiess!  
giff awer mengen mir hun lo laang genuch op een Datum gewaard! Augenzwinkern  
 
wann ech den Doodle richteg analyseieren as den Sondeg 26. als Datum festgehaalen gin! Augenzwinkern  
 
Domat droen ech daat och als offiziellen Datum an den Kalenner an, 
schreift iech op der Sait vum Meeting an / oder sidd einfach den 26. do - an brengt Koleegen mat / an lass geet et! großes Grinsen  



Geschrieben von TomEwert am 31.01.2012 um 12:29:

 

tip top smile
mir gesin ons do.

freen mech,
tom



Geschrieben von TomEwert am 23.02.2012 um 13:20:

 

Wéi gesin mer aus? Ween ass nach dobäi?

Waat méi waat besser!



Geschrieben von gogo am 23.02.2012 um 22:17:

 

Zitat:
Original von TomEwert
Wéi gesin mer aus? Ween ass nach dobäi?


Gudd. Ech.

großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH