Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Adobe CLP? Waat as daat genee? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1553)


Geschrieben von n0kle am 13.05.2010 um 17:19:

  Adobe CLP? Waat as daat genee?

Vueque dass ech den Adobe Photoshop CS5 fier 137€ kann kreien (wann ech daat richteg verstaanen hun), wollt ech mol froen, waat deen Adobe CLP Membership as?

Ech verstinn eirewei nemmen dass een Punkte kritt, mais waat een mat denen Punkten ufänken kann, keng ahnung.

Hoffen et get een deen do mei versteet wei ech :S



Geschrieben von gloda am 13.05.2010 um 17:28:

 

Ech mengen CLP as fir Firmen an Universitéiten etc déi Lizenzen en masse kaafen. Näischt fir Privatuser also.
Wou hues du en da fonnt fir 137€? Ech hun fir just den Ps CS5 Extended Student Edition 184£ bezuelt, kritt een den net-Extended dann och an der Studentenversioun?



Geschrieben von n0kle am 13.05.2010 um 17:31:

 

am softwareshop vum K.I.T geing ech en anscheinend fier 137€ kreien, an wann ech daat richteg verstinn, kritt d'K.I.T dann "nemmen" 300 Punkten bei hierem CLP oder?!

ajo an et as och d'extended trotzallem Augenzwinkern

https://rzunika.asknet.de/cgi-bin/product/P15593



Geschrieben von gloda am 13.05.2010 um 18:02:

 

Do kënne just Leit vun der Uni akafen oder? Dann kann et sin dass et sou as wéi s du sees. Si verkafen dir dat fir den reduzéierten Präis (Gléckspilz! großes Grinsen ) an si kréien dofir Punkten; ab engem gewëssenen Niveau kréien se dann méi Rabatt.



Geschrieben von n0kle am 13.05.2010 um 18:10:

 

also, wanns de dei preiser vun 137€ wells, mengen ech muss de schon student sin^^


ok, tiptop smile haat et nämlech en moment sou verstaanen, wei wann meng Lizenz dann just 2 joere gudd wier^^



Geschrieben von gloda am 13.05.2010 um 18:19:

 

Fro einfach am Shop no. Ech wëll jo net dass de dono eng béis Iwwerraschung kriss.



Geschrieben von n0kle am 13.05.2010 um 21:02:

 

wier nawell bessi blöd, wann no 2 joer dohinner geing stoen kommen meng lizenz wier oofgelaaf^^... get muer direkt mol nogefroot großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH