Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Help Portrait (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1386)


Geschrieben von Charly am 06.11.2009 um 10:27:

  Help Portrait

Ech sin zoufälleg (an engem aaner Forum) op des Aktioun opmierksam gin. Villäicht sin jo hei Leit déi willten do mat maachen:

Help Portrait

Ech fannen daat as eng super Iddi.



Geschrieben von Charly am 10.11.2009 um 09:47:

  RE: Help Portrait

Hmm, keen interesséiert? Huet iwerhaapt schon een sech daat ugekuckt?



Geschrieben von Shantideva am 10.11.2009 um 10:25:

  RE: Help Portrait

D'Idee ass wirklech flott. Ech weist awer net wéi ech déi Sach gief ugoen. Mat denen ganzen Partyfotografen déi iwerall durch d'Géigend laafen kéint een schon mol gären mat Misstrauen empfangen gin wann een einfach sou op een Friemen zou geht fir vun him eng Fotoe ze machen. Oder hun ech do awer eppes falsch verstanen?



Geschrieben von Alko am 10.11.2009 um 10:46:

  RE: Help Portrait

Fannen idee eng flott mee hun dei selwescht bedenken wei den Shantideva! Besonneg hei an letzebuerg denken ech, dass daat nachemol vill mei schweier ass!



Geschrieben von Charly am 10.11.2009 um 10:54:

  RE: Help Portrait

Et geet jo och net dorem einfach op der Stroos Leit unzeschwäzen fir Photoen vun hinnen ze maachen. Et geet dorem Leit déi entweder keng (finanziell) Méiglechkeet hun oder sech nie géifen trauen fir schéin Photoen vun sech maachen ze loossen eng Freed ze maachen. Beispill: Leit an Altersheimer, a Spidoler, ...
Ech sin en miserablen People/Portrait Photograph, duerfir kann ech selwer näischt unbidden.



Geschrieben von ludiol am 19.11.2009 um 21:55:

 

Jojo, di Iddi ass net nei. Déi haat den David Hobby vun strobist.org och schons



Geschrieben von krautheim am 20.11.2009 um 22:00:

  RE: Help Portrait

//removed



Geschrieben von gloda am 21.11.2009 um 12:03:

 

@ludiol: strobist.com, net .org
Bei eis op der Uni leeft e Mëttwoch eppes an dem selwechten Sënn, awer separat, 'Love Your Body' as eng Kampagn vun der Studenten Unioun, an d'Photography and Modelling Society riicht do en Studio op wou d'Leit komme kënnen fir Fotoen vu sech maachen ze loossen.

De Video um Site as awer och extrem op héichschwellend Emtioun geschnidden gin...



Geschrieben von Charly am 21.11.2009 um 15:06:

 

Zitat:
Original von gloda
De Video um Site as awer och extrem op héichschwellend Emtioun geschnidden gin...

Klor, si jo d'Amerikaner ... Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH