Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Hëllef um Portal oder am Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=20)
--- Problemer beim Photouplaod (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=109)


Geschrieben von Pletsch am 10.01.2006 um 17:02:

traurig Problemer beim Photouplaod

Ech sin grad ereicht neien Photogen-user.Ech wollt eng Photo eroplueden mais leiden steht dann do ech hätt keng Photo gewielt opwuel ech ewer ganz secher eng ausgewielt hat.

Ken iegendeen ma soen wat ech falsch maan?

Merci



Geschrieben von Johny am 10.01.2006 um 21:45:

 

Bass de der wirklech secher? hues de schon eng 2. Kéier probéiert?

Wann et nach emmer net geet, dann géif ech gären wëssen wéieen Browser's du benotz (Internet Explorer, Firefox, Opera, ... ) ?



Geschrieben von Pletsch am 11.01.2006 um 19:03:

 

Ech hun den Firefox als Browser.
Ech hat elo nach e puer mol propeiert mais et kent ewer nach emmer stoen ech misst och eng Photo erop lueden.



Geschrieben von Johny am 11.01.2006 um 21:34:

 

Hm kanns de dann w.e.g. eng Kéier probéieren mat engem aaneren Browser, z.B. einfach nemmen Internet Explorer? Wann et dann nach nët geet, da muss de Feeler iergent wéi un déngem Computer leien dass en d'Foto nët wirklech dohin setzt wu e se soll, a wann et dann awer geet da muss ech bessen testen selwer hei u waat et kéint genau leien.



Geschrieben von Pletsch am 12.01.2006 um 18:02:

 

Ech hat elo nach eng Keier mam Internet Explorer versiicht eng Foto eropzelueden mais do steet ewer emmer nach ech misst och eng Foto eroplueden.Dann ass also een Feeler um Computer.



Geschrieben von Johny am 13.01.2006 um 17:55:

 

Jop aanescht ass et net ze erklären, allerdings kann ech mer guer nët virstellen waat do schief ass. Kanns de nët eng Kéier w.e.g. e Screenshot maachen, direkt nodems de d'Foto äusgewielt hues, mee nach nët op "eroplueden" gedréckt hues? Vläit gesäit een eppes waat eventuell falsch iwergin gët un den Browser an dofier geet et nët.



Geschrieben von Focus am 14.01.2006 um 11:19:

 

et kann jo net sin das du nëmmen vergiess hues eng Kategorie ze wielen?



Geschrieben von Johny am 14.01.2006 um 13:07:

 

Focus: Säin Feeler geschitt direkt schonn nom 1. Schratt do wou een nemmen d'Foto muss wielen, méi nët.

Ech kruut zwar déng E-Mail, Pletsch, mee Do steet bei mir d'Bild keint net ugewise gin well Feeler dra wiren. Wei daat entsteet (hun dee feeler schon mei oft gesin), wees ech allerdings guer nët. Kanns vläit probeiren nach eng Keier ze schécken.



Geschrieben von Pletsch am 14.01.2006 um 14:49:

 

Hei ass den screen shot



Geschrieben von Johny am 14.01.2006 um 14:58:

 

Ah lo kruut ech en richteg.

Bon also beim Pfad steet bei dir /Users/ .... Mee daat kann nemmen falsch sin (äusser et wir op engem Unix System). Beim Windows misst den Pfad nämlech sou sin ongefeier:

C:\folder1\folder2\bild.jpg

Bei windows fängt et emmer mam Bustaaf vum Laafwierk un an durno réischt d'Struktur vun den Ordner. Wou genau hues du déng Foto dann gespäichert, wann ech froen därf, wéiee Laafwierk (also de Bustaaf), an dann weieen Ordner-verzeechnis ?



Geschrieben von Pletsch am 15.01.2006 um 13:26:

 

Ech gif soen ech wees elo firwat et net geet.Et lait effektiv um aComputer. Ech hun nämlech een iMac.



Geschrieben von Johny am 15.01.2006 um 13:56:

 

Mh do kann ech der dann leider nët weiderhellefen, well ech hun guer keng Erfahrung mat Apple :/. Deet mer leed. Mee vläit fënns de am Google een den en ähnleche Feeler haat an dann kanns de der daat ukucken vir en ze léisen.



Geschrieben von Pletsch am 15.01.2006 um 16:05:

 

Et kinnt natiirlech och sen dass d'Bild ze grouss ass.Mais wei verkengert een eigentlech Fotoen?



Geschrieben von Johny am 15.01.2006 um 16:26:

 

Nee wnan et ze grouss wir geif en daat och als Feelermeldung weisen, en iwerdréit d'Bild guer net richteg un den Browser.
E Bild kann een einfach mat Adobe Photoshop elemtns oder iergent engem grafikprogramm waat een bei senger cam huet verklengeren. Kann awer sin dass et och suguer am Paint geet.



Geschrieben von Pletsch am 24.01.2006 um 22:15:

 

Ech hun elo grad eng Foto eropgelueden an elo geet et.

Et lung just un der Greist:ech elo dei optimal Greist vun 800pix. gehol.Dorun lung et also.

An nach eng Keier merci dats te ma op meng Froen geäntwert hues.


MFG

Pletsch



Geschrieben von Johny am 24.01.2006 um 22:20:

 

Hm OK. Haaptsaach et geet elo smile



Geschrieben von broken-limits am 04.09.2006 um 16:35:

 

Salli...
mjo dann kommen ej o direkt mat mengem problem, kreien emmer eng fehlermeldung dat main bild keng jpg file wier, ass se awer...hun schon zech mol probeiert mat verschidene Biller an alles, get einfach net!! unglücklich



Geschrieben von Johny am 04.09.2006 um 23:04:

 

Daat helleft net vill zur Léisung vum Problem. So eis wéieen Browser's de benotz an schéck mer d'Foto op johny@photogen.lu w.e.g.



Geschrieben von broken-limits am 05.09.2006 um 12:24:

 

main browser ass den i-explorer...dann schecken ej dia mol eng foto per e-mail?



Geschrieben von Johny am 05.09.2006 um 12:51:

 

Kanns de dech net w.e.g. dru gin bessen méi richtech ze schreiwen? Géif sech wesentlech besser liesen loossen smile

Jo schéck se einfach.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH