Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Fouer (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1083)
Geschrieben von MarcGerard am 07.08.2008 um 15:10:
Fouer
den 22.August bis den 10.September as 't Schueberfouer
den 10. September as souwisou hallew PG op der fouer! jiddefalls erwaardech ech dat vu jidderengem (!)
mee 3 fest Meetings giff ech awer scho gäere man. Sonndes, treffpunkt BEIM GréngeSpill ab 13:00h dat as eng relax zäit mengen ech ... do entscheede mer dann bei engem patt oder sou wéi mer den daag verbréngen.
dat wieren dann 't Datumer:
24.08.
31.08.
07.09.
(an den 10. as wéi gesot selbstverständlech! um 10h as Freedefeier vergiesst deen daag w.e.g. den T-Shirt net!!! )
ech hoffen däer sid net all an der Vakanz, cya op der Fouer
Geschrieben von Johny am 07.08.2008 um 15:38:
Ech hun däin Bäitrag bessen verbessert, haas dech bei dengen Datumer bessen ge'iert matt August a September
Wisou läuter Sonndeger, wisou net an der Woch owes? Do si secher manner Leit do wéi Sonndes Mëttes, géing ech mol soën.
Geschrieben von MarcGerard am 07.08.2008 um 15:41:
well mer do SECHER ALL LANG kënnen .. an der woch sin ech souwisou an engem stéck do. do kann ee jo ennert sech eppes ausman ...
Geschrieben von Kleent am 07.08.2008 um 16:02:
Den 24ten kléngt gudd
Eventuell den 31ten och, awer net secher. den 7ten ganz vläit, eventuell... o0 nach Froen? ^^
Geschrieben von annemie am 07.08.2008 um 22:57:
Di Sonndeger klengen gudd
den 10ten sin ech allerdengs secher net do 0
SORRY
SCHUEBERFOOOOOUUUUUEEEEEERRRR
*freu*
Geschrieben von Metalbambi am 07.08.2008 um 23:06:
Do waert een mech eng Keier untreffen.^^
Mee 10ten wees ech net, si keen Frend vun Ofschlosspartys an deem Senn an hun keen PG-T-Shirt :'(
Geschrieben von Metalbambi am 08.08.2008 um 01:05:
@Johny: haat ech schon entdeckt, mee ech waert en sws nie undoen also kaafen ech mer och keen...vier den moment mol.
hun drob gewaert...^^
Geschrieben von Johny am 08.08.2008 um 15:17:
Dann soe och net dass de jo guer keen häss, wanns de kee wells hehe. Ass jo normal dass ech der dat äntweren
Geschrieben von Kiichiii am 09.08.2008 um 13:28:
T-shirt
So un dei wou een T-shirt hun, sinn dei grouss oder kleng geschafft?
Geschrieben von Johny am 09.08.2008 um 14:13:
Also ech fannen "normal". Den M ass mir genee gutt, net ze kleng, net ze grouss, tiptop esou.
Geschrieben von annemie am 09.08.2008 um 16:33:
hmm... ^^
Also S geet mer bis bei d'Féiss, an am Normalfall emmerhin "nemmen" bis bei d'Kneien LOL
Kanns de domatt eps ufenken? xD
Geschrieben von Johny am 09.08.2008 um 16:35:
Nee annemie du hues en aneren, déi déi een online ka bestellen sinn net tselwecht wéi déi déi mir verkaf haate firu bal engem Joër
Geschrieben von annemie am 09.08.2008 um 16:58:
LOL... ahSOUUUU... ok Chef.
Huelen alles zreck :-)
Geschrieben von Kiichiii am 10.08.2008 um 10:33:
Ok
majo dann
giff mol soen dann geht et een "M" den mir nach dei next puer Joer passt
Geschrieben von Kleent am 10.08.2008 um 15:47:
Ech hun en S an deen ass mir e bessen ze grouss.
Geschrieben von Johny am 10.08.2008 um 16:01:
Zitat: |
Original von Johny
Nee annemie du hues en aneren, déi déi een online ka bestellen sinn net tselwecht wéi déi déi mir verkaf haate firu bal engem Joër
|
Geschrieben von Kiichiii am 10.08.2008 um 19:07:
An wie geht daat vir den Numm ob den T-shirt ze krien, oder ass daat just vir Administrator geducht?
Hun ech beim Yoshi gesinn an cool fund
Geschrieben von Johny am 10.08.2008 um 20:56:
Dat haate mer och just gemaach bei denen wou mer en masse bestallt haten, am Online-shop geet dat net, nach net op allefall. Haat nach net genug Zäit mech domat ze beschäftegen fir dat vläicht dranzemaachen respektiv ob et do méigleg ass.
Geschrieben von MarcGerard am 27.08.2008 um 13:38:
salut alleguer? wéi woar et de sonnden?
wee kënnt dëse sonden??
passt w.e.g. op, ech hu bei de meetings eng ännerung gemach. mäer treffen eis net méi esou fréi, mee léiwer méi spéit, soss get et ze lang... wee well ka jo awer nach méi fréi kommen, mee den offiziellen treffpunkt as dann um 17:00h beim/am grénge spill ..
cya!
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH