Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Kompakt (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1079)


Geschrieben von nikel am 04.08.2008 um 14:10:

  Kompakt

Ola,

ech hunn mech lo mol decideiert mer eng Kompakt zouzeleen. Well ech main Rucksaack mat der Spigelreflex net emmer derbaihunn an een awer heienso eppes gesait waat een awer gären well knipsen. Eben eppes fir an täsch oder an den Auto.

Huet schon een Sigma DP1?? oder haat schon chance fir se ze testen??? Ech fannen se wierklech flott. Se huet och alles waat ech well mee just Optik steiert mech. 16.6mm Festbrennwait an nach nemmen Blend 4. Ok kann een och keng optik vun 72 an eng Kompakt anbauen mee ech fannen et schuet dass een souen liichtschwaacht Objektif huet an och na net Zoomen kann.

Huet flaicht een eng Idee waat et nach um Komaktmaart gett wou een sech awer net nemmen op Automatik beschränken muss??



Geschrieben von Metalbambi am 04.08.2008 um 15:10:

 

Also ech kann der dei vun Panasonic nemmen empfehlen.
Ech hun d'Lumix DMC TZ-1 selwer, hun lo mol bessen ob hieren Site gekuckt an do kriss de d'LZ-10 mat enger Leica Lens mat 30-150mm (5x opteschen Zoom) an Blend 3.3-5.9.
Hier Lensen sin richteg gudd, daat kann ech schon am Vieraus bestaetegen an daat eenzegt waat mech gesteiert huet, di feelend manuell Astellmeiglechkeeten, sin hei drob: hues Programm-, Beliichtungs-, Blendenautomaktik an manuellen Modus.



Geschrieben von nikel am 04.08.2008 um 19:15:

 

Merci fir deng änfert. Hunn mer dei ungekuckt an dobai op dei heiten gestouss:
Samsung NV24-HD an den Tester huet se iwwerduechschnettlech gudd oofgeschnidden. Enzegen problem ab ISO 400 fänkt se antscheinent vill un mat rauschen. Mee daat hunn se all enbeschen...



Geschrieben von Metalbambi am 04.08.2008 um 21:38:

 

Bei deenen klengen hues de sws am besten net iwwet ISO200 ze goen. Augenzwinkern

Edit: Di Siten keinten e bessen mei Informativ sin, geseit een dat se vier Leit ouni Ahnung geduet sin. :/



Geschrieben von nikel am 04.08.2008 um 22:01:

 

Jo do hues du recht.. hunn lo awer en gudden Test gelies, do steet mei dran wei op hierem Site smile Mee dei meescht Leit kaafen se sws nemmen wann se gudd ausgesait an mindesten mei Pixel wei deenen aneren hier huet Zunge raus

Cam huet en meschaneschen verwacklungsschutz an en neiartegen digitalen.
Antscheinent wanns du fotoen mat enger langer Bliichtungszait mess mecht den Aparat 2 Fotoen. Dei eischt beliicht en nemmen ganz kuertz fir dass en schärfeninfos huet, dono mat der richteger beliichtung kritt en Farwinfos. Zum Schluss gett aus den 2 Fotoen eng erechent.

Optik fannen ech och gudd, Blend 2,8 bis 7,3. 7,3 ass zwar net immens bei 87mm mee ech mengen bei enger Kompakter ass daat awer ok.

Den Menü ass speziell mee ech mengen wann een den Trick raus huet geet et awer richteg Fex



Geschrieben von Metalbambi am 05.08.2008 um 01:14:

 

Also dei Verwacklungsschutzen sin schon genial.^^ Den O.I.S. vun Panasonic leisst dech bis 1/8 net am Stach an den Super Steady Shot vun Sony haellt suguer bis 1/4 mat bessen roueger Hand, love it!!

Ech geif der d'Pana urooden, mee daat ass gewunnechtsbedingt.^^
Sws: Den Fotograf mecht gudd Fotoen, net d'Kamera. Augenzwinkern

Edit: Wann deen digitalen Verwacklungsschutz do funktionneiert ass daat keng schlecht Idi, do haet een am Fong mega Meiglechkeeten!



Geschrieben von nikel am 05.08.2008 um 01:22:

 

Majo, wei ech daat heieren hunn duecht ech: Merde wei einfach wisou ass keen eischter drop komm Zunge raus

Unsech ass idee einfach.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH