Salon National 2012 - UPLOAD
(10.10.2012 - 22:19)
Gudden Owend,
Dëst Joër huet photogen d'Éier fir de Salon National de la FLPA 2012 ze organiséieren. Den Numm "Salon" kënnt dohier dass d'Fotoen déi akzeptéiert ginn duerno ausgestallt ginn. Vu dass dëst en digitale Salon ass, gëtt dat net a Form vun enger typescher Ausstellung gemaach mee als Projektioun.
De Salon gëtt all Joër vun engem anere Club organiséiert, an ass ënnert den Lëtzebuerger Hobbyfotografen zimlech bekannt an mat de wichtegsten vir drun Deel ze huelen. Mir sinn eis bewosst, dass vill vun eise Memberen nach relativ nei sinn, an net onbedéngt genee wëssen wéi dat geet, wat dat ass an wat ee muss maachen fir matzemaachen. Dofir hu mir op eiser Säit www.salonnational.lu/froen déi wichtegst Froen beäntwert.
Dir kënnt am ganzen 8 Fotoen erop lueden fir de Salon, 4 Stéck ouni spezifescht Thema an 4 Stéck zum Thema "Linnen déi lafen". Dir kënnt awer och z.B. just Fotoen erop lueden ouni spezifescht Thema, oder och 2 Fotoen fir d'Thema an 2 ouni.
Et ginn an de Kategorien all Kéier Gold, Sëlwer an Bronze Medail verginn fir déi bescht Fotoen, esou wuel wéi och e puer "mentions honorifiques".
Limit fir den Upload ass de 27. Oktober, an mir wiere frou wann Dir kéint matmaachen an soumat och photogen do representéieren. Et brauch een allerdings eng FLPA Lizenz (ausser et fällt een an eng vun de Junior-kategorien), wen nach esoueng gären hätt kann sech dofir och bei eis mellen per E-Mail.
Duerno ginn d'Fotoen op der Projektioun de 17. November gewisen, zu Jonglënster am Festsall vum Centre Culturel, Dir kënnt Iech direkt hei um Site och mat umellen fir dee Meeting.
Wann Dir nach Froen zu dem ganzen hutt dann mellt iech roueg bei eis, am beschten op der E-Mail salonnational@photogen.lu, mir beäntwere ganz gären all Froen déi Dir nach sollt hunn.
Vill Spaass a gutt Luucht,
De photogen Comité

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
tomsmith
10.10.2012 - 22:51
just fier memberen vum club oder fier generell hobbyfotographen aus lezebuerg?
tomsmith
11.10.2012 - 00:35
sin am parkour club letzebuerg ' also fier jidereen aus engem fotoklub merci fier info
hardae
11.10.2012 - 08:06
Johny, brauch en do keng FLPA Lizenz? Beim eropluede vun de Fotoe krit ee Lizenz Nr. gefrot.
Johny
11.10.2012 - 09:23
Dach brauch een, dat steet awer och an eiser "Froen" Sektioun drann.. Wen nach esoueng brauch soll sech einfach bei eis per E-Mail mellen, an mir brauchen dann nach Gebuertsdag, Nationalitéit an eng Telefons Nr fir déi Lizenz kënnen unzefroen. (Ech schreiwen et mol an d'News mat derbäi)