Neies zum Club
(11.03.2009 - 16:20)
Déi Clubmemberen déi op der Generalversammlung derbäi waren, wëssen et schonn, heimat gëtt dann offiziell jidfereen et gewuer. Ab elo sinn och den kola (Laurent Koob) am Comité vum Club, nodem si eng Demande geschriwwen haten fir bäi ze trieden. En Wëllkomm hei nach eng Kéier vun eiser Säit aus un déi zwee motivéiert Memberen.
Ausserdeem gouf sech op der Generalversammlung dofir ausgeschwat fir d'Memberskaart fir d'Joer 2010 erop op 20€ ze setzen fir d'Net-Studenten. Ech wëll awer hei nach eng Kéier betounen dass et e Wonsch vun de Memberen war! :) (Fir Studenten bleift et bei 12€)
Geschwënn missten mer och all d'Material zesummen hunn fir de Studio, soubal dat do ass maache mer eng kleng Aweiungsparty esou wéi dass een dann de Studio ze lounen kritt, an mer do kënnen Workshops organiséieren oder einfach just typesch Fotoclub-méisseg Diskussiounsowenter ofgehale ginn.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Roxane
11.03.2009 - 16:42
Majio vill Spass dann denen neien !
Hoffen dann nach mei oft eppes fum Stef hei op Photogen ze gesin well der Saachen fun him gin et da nach net esou vill an ma kennen hien nach net esou gudd ! Mee daat wert schon kommen
majio hoffen dann och fun denen neien Versammelungen an esou Bescheed ze wessen dat haat jio leider net geklappt fir Generalvasammelung
Freen mech bis dann

Stef76
11.03.2009 - 16:51
Ma jo, dat kennt och nach, war lo an enger Opbauphase, mee an deene nächste Méint kennt nach méi vu mir...
klex
11.03.2009 - 18:50
Welcomm dann, mee wär scho flott wann een dei Leit kéint gesinn di am Komité sin, also wann se opmannst eng userfoto hätten...
Stef76
11.03.2009 - 20:24
Heeuuuuu hu jo eng......@Kwitchibo....hhhmmmm deen dote verstinn ech lo net......
Kwitchibo
11.03.2009 - 23:53
ech well net onbedingt eng Foto vun mir als Profil Foto wann ech loscht hun jo wann net dann eben net ...
voila e scheinen
voila e scheinen
mikE
18.03.2009 - 13:06
Moin
Super gudd geschafft! An dass d'Memberskaart fier Net-Studenten op 20¤ gehuewen gin ass, ass an der Reih.
Du schreiws, dass der geschwenn d'Material zesummen hudd fier den Studio an esou... Mee wou ass den Studio?
Et kann sin dass et an der Invitatiounsmail fier op d'Generalversammlung stoung, mee dei hun ech nemmi
Merci
Mike

Pelz
05.04.2009 - 12:03
Wei gett daat iwwerhaapt gehandhaabt mam Studio? Wien kritt do Accès, weini, weilaang, ennert weiengen Conditiounen?!
Johny
05.04.2009 - 14:01
Accés kritt all Member, de Recht kënnt detailléiert no wann et souwait ass. (Mer waarde leider ëmmer nach op Material)