Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» HDR, ganz einfach.
 
HDR, ganz einfach.
Bei HDR ginn aus puer Photoen aus enger Beliichtungsreih (sälwëcht Photo mat ënnerscheedlëchen Beliichtungszeiten) eng Photo zesummen gesaat, déi dann méi eng héich Dynamik huet.
Eng genee Erklärung fir HDR, High Dynamic Range kann een bei Wikipedia noliésen.





Am Photoshop ënner File/Automate/Merge to HDR... ginn déi eenzel Biller aus enger Beliichtungsreih ausgewielt.





Den Set White Point Preview bauch nët geännert ze ginn, daat gët dono gemaach, lo einfach op OK drecken.





Lo geet ett ënner Image/Mode/16 Bits/Channel... weider.





Bei der Fënster déi opgeet gët Local Adaptation ausgewielt. Sou gesäit een ënnen Toning Curve an d'Histogram.





Dann gett den lenken Punkt vun der Diagonal op den Unfang vum Histogramm verschiebt.
Lo gesäit d'Bild schon vill besser aus.





Lo brauch just nach den FineTuning gemaach ze ginn, andeem d'Kurve bessi ëmgeform gët, z.B. an S-Form, eben sou wéi ett am bäschten gefällt.




Wann ett gudd as OK drecken. Mir sinn awer nach net ganz färdeg, als nächst gët d'Photo nach op
Image/Mode/8 Bits/Channel gesat.




Gegebenenfalls muss d'Photo nach ausgeriicht ginn, wann se kippen giff, an/oder villeicht en Ausschnëtt gecropt (ausgeschnidden) ginn an dann sinn mir schon färdeg.


Geschriwwen vum ChLo 14.04.2007, ass säit deem 23351x gekuckt ginn.
the_zipper 15.04.2007 - 00:50
Also mat Photomatix geiff et nach en tick mei einfach goen!
ChLo 15.04.2007 - 17:19
Daat hei as eng Léisung, wou een net nach muss en extra Tool kaafen, fir HDR Biller ze machen. Fir ze probéieren fannen ech ett ideal, well ett einfach an séier geet.
gloda 18.04.2007 - 14:17
Naja, et muss een ëmmer nach den Photoshop CS2 kaafen.
yoshi 22.04.2007 - 21:49
hehe, woubai ech bezweifelen dat deen mei belleg ass tongue
Ritch 09.06.2007 - 16:45
Luedt ireg Gimp erof an maacht alles waat den photoshop och kann
Nicon07 19.04.2007 - 06:34
Den Nodeel bei deser Variant as, datt ee wiirkléch muss verschidde Fotoe maachen, an datt eng RAW-Opnahm, déi een hanneno um Computer 3, 5, oder méi Kéieren aanescht beliicht, net als verschidde Fotoen unerkannt get. Mais soss as se wiirkléch brauchbar, wann ee keng Ahnung huet, wéi een dat "manuell" mécht.
patrickr 11.05.2007 - 19:05
(geläscht)
ChLo 13.05.2007 - 11:48
Daat freet mech.
Vill Spaas mat HDR Photoen.
Maggele 15.05.2007 - 21:57

dat geet net! du muss ënnerscheeden tëschend HDR an DRI! mat engem HDR-bild kanns de héchtens een DRI man andeems de et erem splécks an nei iwwerblends. mee dat doe bréngt der näischt anecht wéi flaach téin. bei engem manuellen DRI as een do wéinstens selwer dru schold smile

HDR brauch een als "normale" fotograf wéis du an ech net.
Jeanny 30.12.2008 - 07:48
Hun de Photoshop nett, schaffe matt Elements. probeiere nach matt Photomatix

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 305 Gäscht online