Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» Motivauswahl, Bildgestaltung
 
Motivauswahl, Bildgestaltung
Ween kennt daat net: Du gesais eppes schéines, fotograféiers et, an méi spéit wanns de d'Foto kucks gefällt se der einfach net, aus wéiengem Grond och emmer. Fir dass daat der an Zukunft sou wéineg wéi méiglech geschitt, hun ech e puer Tips aus eegener Erfahrung gesammelt, mat deenen der d'Fotograféieren flaicht besser geléngt. Daat sin natierlech nemmen Tips, an keng Erfollegsgarantien.

Auswahl vum Motiv:

Eppes, daat ech ongewollt emmer maan, an waat mer awer perséinlech och vill helleft, ass sech bei méi klengen Motiver kuerz iwwerléen wéi deen Objet aus enger aanerer Perspektiv ausgesin géif. Sou kennt een heiansdo op Idéen op déi een soss ni komm wier. Schliesslech kann een manner schéinen Objet vun enger aanerer Sait flaicht suguer eppes schéines verstoppen.

Wanns de eng Kéier guer naicht sollst fannen, waat der gefällt, dann denk eimfach drun, dass Konscht een groussen Firdeel huet: Et kann alles benotzt gin, waat een fennt. Wann een et richteg emsetzt gesait et herno gudd aus. Genau sou ass et och an der Fotografie: Egal op d'Motiv schéin an nei ass, flaicht suguer glänzt, oder op et verrascht, voller Dreck oder soss eppes ass, aus alles kann een eng gudd Foto maan.



Allgemeng Emsetzung:

Aus der Architektur kennt eng, oft hellefraich, Berechnung, déi sech den "Goldenen Schnett" nennt. Vereinfacht emgesaat an d'Fotografie beseet déi ongeféier, dass wann een déi ganz Bildfläsch an Drettel andeelt (an der Héicht an an der Breet) an dann d'Haaptmotiv op een (oder méi) fun deenen 4 Schnettpunkter setzt, dass dann d'Foto automatech méi harmonech erschéngt. Dest geet net emmer, an soll net emmer benotzt gin, et ass just eng kleng Hellef.



Eng Saach déi sech zwar vum selwen versteet, wourop een awer emmer soll oppassen, ass, dass bei dem auserwielten Bildschnett naicht mei am Wee steet. Eng Mauer, déi ganz um Bildrand steet, oder eng Persoun, déi ganz hannen am Bild steet, fällt flaicht an der Hetz net op, mee demno wéi kann se herno déi ganz Foto vermiesen.



Eppes, daat bei Landschaften an bei Mierfotoen ganz wichteg ass, ass emmer drun ze denken, dass den Horizont riicht muss sin. Ween well schon eng Foto, wou een mengt en Scheff géif all Moment aus dem Bild erausfaalen. Wann een net su begaabt ass den Fotoapparat riicht ze haalen, dann kann een sech och eng kleng Setzwo kaafen, dei een kann op den Fotoaparat uschléissen.

Geschriwwen vum yoshi 19.09.2005, ass säit deem 16712x gekuckt ginn.
JohnyG 21.09.2005 - 22:08
Gudden Tutorial
RivanerJoe 23.09.2005 - 16:51
Den Text get vu gudde Beispiller ennerstëtzt.
Minaa 24.09.2005 - 18:44
net schlecht den Tutorial hei ... lo wees ech och well rem bessen méi smile (an wéi ech den Horizont riicht kreienclosed_eye)
Unicorn 04.10.2005 - 21:42
Wann een dono miirkt dass d'Foto net riicht gin as kann een se awer och nach emmer mam Photoshop em 1 grad oder esou dréien..Géif ech perséinlech op allefall méi einfach fannen wéi mat der Setzwo cool
Lex 08.10.2005 - 12:21
@Unicorn: jo, mee dodurch dats de se dréins am Photoshop muss de se duerno och fresch beschneiden, dodurhch verléiers de Pixelen...
Solls am bäschten emmer probéiren vir se direkt sou gudd wéi méiglech ze kréien dats de su mann wi méglech muss duerno dru maan...
snc84 26.10.2005 - 17:09
Du beschreiws do net den "Goldenen Schnett", mee dei ganz normal règle des tiers! Baim nombre d'or gett zwar och Alles an 3 gedeelt, mee as awer net daat zelwecht...
sharky 01.11.2005 - 19:02
@Unicorn : Et gin och Stativer mat setzwocool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Stairs

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: PDC
Am Ganzen: 3684
keen Benotzer an 193 Gäscht online