Ech machen et heiansdo bei Laangzäitbeliichtungen Nuets. Bei 30 Sekonnen oder méi gëtt et och nach bei ISO100 e bësse Schnéi deen een esou lass gëtt. Oder op Platzen wou s de net Blëtzen dierfs, awer esou vill High-ISO Fotoen wéi s de wëlls (zB verschidden Ausstellungen). Léisst sech dee Moment gutt mam Auto-Align Layers Feature kombinéieren.