Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Opteschen Defaut

Opteschen Defaut
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2021
  • Gekuckt:
    15966
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x661
  • Späicherplaz:
    429 KB
  • Originaldatum:
    22.11.2021
  • Fotoapparat:
    Canon F1
  • Programm:
    manuell
  • Objektiv:
    Makinon 1:4-4,5 28-135mm Macro
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Beliichtungsméisser-App Luxilux.
Film Kentmere PAN 100 by Harman entwéckelt am D-76 stock.

Fir anzesetzen: [pg_img=91711]
Kommentar vum Fotograf:
Eng vun deene läschte Fotoen, déi ech mat engem Makinon 28-135mm "Macro" gemaach hun, eet ech et dem Verkeefer zréckschécken. Dat Objektiv ass esou eppes vun onscharf an alle Beräicher (suguer bei Blend 16) an huet de facto keen "Onendléch" zur Verfügung. Hei hat ech d'Distanz irgendwou zëscht 10m an onendléch agestallt an da krut ech en plus nach ee mega aesthetesche Lensflare als BlackWeek Promotioun mat dobäi, datt ech haut direkt dem revendeur ee Mail gemaach hun. An hien huet mir ouni ze zécke geäntwert, hie géif mir di 39 €, di di Schiebel kascht huet, rëmgin.

Trotzdem wollt ech di Foto hei weise, well se grad durch di "Onzoulängléchkeeten" irgendwéi aanescht ass.
pixelman11 25.11.2021 - 14:11
Blend 16 ass kee Critère dass eng Foto soll scharf sinn, schlussendlech hängt dat just mat der Quali vum Objektif oof.
Nicon07 25.11.2021 - 18:19
An déi ass bei dësem grotteschlecht, d'Quali. Mais bon! Ech hu jo eng Léisung fonnt. smile
wuff 25.11.2021 - 18:18
Denb Lens flare passt richteg gudd dohin well en ewéi eng Bloos ronderëm den Baam as
Nicon07 25.11.2021 - 18:21
Dat ass och di eenzech Ursaach, firwat ech iwwerhaapt di Foto hei weisen. Sou huet ee schlecht Objektiv dann dach nach irgendwou een Aesthetesche Plus bruecht. closed_eye oder sou.

Merci.
gtaddei1 26.11.2021 - 08:02
Top
Nicon07 27.11.2021 - 21:32
Merci gesot.
Jean-Jos 26.11.2021 - 22:52
il fallait oser
gutt gemacht!
Nicon07 27.11.2021 - 09:37
Oser montrer le résultat ici. Schon, well fir de Rescht kann ech net. De Lensflare hun ech sou net gesin. smile
gemu 27.11.2021 - 13:09
Passt an d'Adventszäit waat wëlls de Méi, et ass ëmmer alles fir ëtonguepes gut, wéi an dësem Fall den défaut vun denger Schiebel
Nicon07 27.11.2021 - 21:30
Méng Schiebel ass dat eigentléch net méi. Ech schécken se dem Fournisseur zréck. Net méi spéid wi gëschter krut ech ee Pak mat 2 original Canon-Objektiver als Ersatz: de 35-70mm an den 28mm. Ech si gespaant,wéi déi sin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 290 Gäscht online