Lomography Lady Grey 400 huet mer näischt gesoot (ech hu mech scho lang nët méi mat analog beschäftegt ) an dofir hun ech mech lo mol schlau gemacht. An der Beschreiwung steet ë.a. " promet un grain lisse ", ech fannen de grain allerdéngs méi hard wéi esou, woubäi dat bei däerer 'Retro'-Vue (wann een de Palais de justice nët geséich, kéint et och eng Foto vu viru ville Joere sin) hei awer gutt passt. Gefällt mir.
Merci, Jean-Paul. Dee "Grain lisse" ass relativ. Ech hu jo am Lightroom an am Photoshop nach de scan nobeiicht. Ech muss mol d'Negativ selwer scannen amplaz méch mat deem zefridden ze gin, deen ech vu méngem Fotograf des vertrauens maache gelooss hun. Mais wann ech se maachen, ass ëmmer su vill scratch an dust drop...
Wéi de Jean-Jos et esou treffend formuléiert huet, eng flott "Retro-Vue" wéi viru ville Joere", par contre de Palais de justice stéiert méch guer net, ech hun e fräit Gewëssen
Wann de Palais de Justice elo wéi de Forum Royal ausgeséich, dat wier problematesch... Oder wann d'"Bâloise" nach géing do stoen.. Mais ou ass dat dach awer schon "historiséierend" an deemno passt et an d'Silhouette vum UNESCO Weltkulturierwen...
D'Vue an d'Compositioun fannen ech am allgemengen gutt gelongen, just d'Bild hei huet fir mäi Gôut een ze vill agressiven an onreegelméissege Grain, primär am Himmel. Dofir kann's du sécherlech net, ..et ass éischter esou dat analog hautdesdaags nach just een 'Nischeprodukt' ass fir d'Laboen, wou mat käschtegënschtegen Chemikalien no 08/15 plus Rotatioun entwéckelen, egal wéi eng Mark vu Film an Empfindlechkeet, alles matenenn an eng Britt, an dobäi reagéiert net all Film onbedingt positiv, besonnesch Klengbild.