O wéi recht hues du! Awer firwat ass dat esou? Fir datt mir marionette si, muss et jo och ee Poppespiller gin, awer ween ass deen? Oder sin et der méi?
Wat hei besonnesch cocace ass, dat ass de Fait, datt déi Figuren hei ouni Mask ganz nobeienee sin an dat virum Kapputzentheater... Also am Fong do, wou mol Mönchen, déi dem Hl. Fränz nostoungen, mat enger Kapputz séch fräiwëlleg confinéiert hun, an séch vum chrëschtléche Poppespiller danze gelooss hun. Firwat hun déi keng Been a keng Féiss? Well se keng brauche, well se jo net fräi sin, an nuren duer goen dierfe, wou se gedroe gin. O je, nëmmen net zevill Froe stellen...
Ech mengen mir si schon e guudde Strapp net méi "en suspens", mä voll am Theaterstéck vun eiser Gesellschaft a primär der Politik mat agebonnen....
Fir mäi Goût eng ganz intressant Foto an Interpretatioun!