An da maache mir reklamm fir de Leetrail mat sénge "Gratwanderungen", wéi iwwert d'Molberlee bei Houschent...
Perfekt "getimede" Bildopbau, Diagonal aus dem ënnschten Eck mam Summum am gëllene Schnëtt. Do huet een op den Ausléiser gedréckt, deen eppes vu Photographie versteet...
D'Molberlee huet et och a sech an ass net ze ënnerschätzen, zemol am Wanter, oder wann d'Steng och nach naass sin. Hun den Trail emol vun der Ennerschlenner aus iwwer Houschent an zréck gemach.
Däi Luef fir d'Bild éiert mech, ..dofir ee grousse MERCI gesot.
Also, dat ass awer gefuddelt... Den Trail mécht ee ganz an 3 Deeg. Den 2. Daag ass dee schéinsten. Vun der Buurschtermillen rop op den Napoleonsbam bei Buurschent, laanscht d'Rouschterlee op Dierbéch, dann iwwert d'Kopp op d'Giewelsmillen, duerno iwwert di näxt Lee op Schlënnermanescht, dann erof an d'Ënnerschlënner, laanscht d'Baach bis bei d'Molberlee, an déi rop op Houschent. Do hues du vill schéi Fotomotiver beieneen.
Uuups,.. jo, d'Bezeechnung Trail war hei wuel net ganz richteg, éischter eng Wandertour iwwer d'Molberlee. Dat esou een 'Trail' iwwer déi Distanz existéiert war mir mol net bekannt, dofir Merci fir däin Hiweis an déi ausféierlech Informatioun.
Da kuck dir dat heite mol un! Ech wärt och no an no dann hei op PG Fotoen roplueden, déi ech do gemaach hun, wéi méng Fra an ech lo kurz do gewandert sin.