Sou wéi ee Spot, wéi d'Luucht durch d'Kuppel op d'Uergel straalt. D'Beliichtung gouf gutt gemeeschtert, an d'gewielte Perspektiv mat den no uewen zoulafende Linnen, déi den den Adrock vun der Héicht ënnerstëtzen gefällt mir ebenfalls.
Jo, d'Technik an der Fotoindustrie huet enorm evoluéiert a mecht eis d'Liewen méi einfach, ..d'Maîtrise dovunner virausgesat (..woubäi net zwangsleefeg eng besser Foto resultéiert.)
D'Endresultat ass dat wou et drop ukënnt, an do zielt aleng Kreativitéit an d'Emsetzung vum fotografesche Wëssen, an dat fannen ech hues Du hei an dengem Bild gutt zum Ausdrock bruecht.
Do kann ech der nëmmen zoustëmmen. D'Technik ass "just" en Outil fir eis, sou wéi en Handwierker den Hummer notzt fir en Nol anzeschloen Wann en net riicht schloe kann, nëtzt den décksten an deiersten Hummer ëm och näischt.