Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Startrail

 
Startrail
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.01.2017
  • Gekuckt:
    49339
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    2h
  • Blend:
    f4
  • Brennwäit:
    11mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    /
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1333
  • Späicherplaz:
    1022 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D7100
  • Programm:
    Manuel
  • Objektiv:
    Tokina 11-16 2.8
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=87664]
Kommentar vum Fotograf:
Daat heiten ass eng Foto déi aus 200 enzelopnahmen gemeet ginn ass mat hëllef vun StarstaX enger Opensource Software :)

Hoffen dass se gefällt :)
m-otiv 04.01.2017 - 17:36
wow wierklech supper gelongen
minimax 05.01.2017 - 12:03
Merci ! smile freet mech ze héieren ! smile
tormi 04.01.2017 - 22:50
Ganz flott foto....dem Vincent giff dei ch gudd gefaalen
minimax 05.01.2017 - 12:05
merci villmools !! smile
jorsch 05.01.2017 - 09:22
Gesäit beandrockend aus! Wow!
200 Opnamen an engem Bild?! Iergendwéi schwéier sech virzestellen! Géif gären nach e bësse méi genau wëssen, wéis de hei geschafft hues.
minimax 05.01.2017 - 12:22
een décken merci !! smile
ma wann ech lo z.B. eng eenzel Foto vun 2h gemaach hätt, wieren souvill Fligeren duerch t Bild geflunn, dass een lauter aner sträifen dran gehat hätt, déi an dësem Fall extrem gestéiert hätten.
an wat Stéierungen ugeet insgesamt.
Dofir haat ech 200 Fotoen gemaach mat enger Beliichtungszäit vun 30s.
hunn dunn an all Foto wou een Fliger dran war den Fliger raus retuschéiert(sou ass et méi einfach wéi dono), an all t Biller dono mat hëllef vun StarstaX zesummegeluecht smile
jorsch 05.01.2017 - 18:10
Merci fir d'Explikatiounen. Respekt fir deng Aarbecht!
Paul-H 05.01.2017 - 22:55
Super Aarbecht daat dooten. Mäin ganzen Respekt !
minimax 09.01.2017 - 17:09
Merci smile freet mech ze héieren ! smile
Metalbambi 07.01.2017 - 17:25
Ass gutt ginn, mat flotten Linnen an den Stäeren an enger passender Téinung. Just schued dat den Bierg sou onschäerf ass. Wéi hues de deen dran gesat, als eenzelt Bild oder och aus all den Biller verreschent?
minimax 09.01.2017 - 17:20
Merci !! smile
jo haat t Bild direkt aus dem Programm geholl, an denken dass do och déi onschärft hierkënnt (duerch t iwwerdeneenleeën..) :/ haat se an der Vakanz um klengen Bildschierm beaarbecht, do war mer daat net sou direkt opgefall, lo wou ech se um groussen gesinn hunn, hunn ech et direkt geännert.
haat eng vun der Serie geholl an den Bierg dofun virdrun gesaat. Lo ass se schaarf, leider kann ech se bei Photogen lo net méi änneren, well se zur Wochenfoto gewielt ginn ass.
an ass och domm se als nei Foto eropzelueden :/
jorsch 09.01.2017 - 20:17
Mech géif et net stéieren di verbessert Versioun nach eng Kéier extra ze gesinn. Wier interessant ... mee maach awer wéis du wëlls.
Metalbambi 10.01.2017 - 11:24
Wichtegen Punkt ass jo d'Léieren hei, vun do hier ass jo alles richteg gelaf. smile
marker 08.01.2017 - 20:09
..gesäit cool aus, leider ass d'Schärft vun de Bierger net optimal
Conley 09.01.2017 - 00:24
D´Schäerft ass jo schonn ugeschwat ginn. Mech steiert awer an dengem Bild Linnen di net realistesch sinn. Stären sinn nëmmen duerch Rotatioun am Krees ze gesinn. Hei lafen Linnen awer am ieweschten deel vum Bild, an eng aner Richtung. Ech kennen de Programm. Hei ass leider eppes scheif gaang!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 282 Gäscht online