Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

la dame à la rose

la dame à la rose
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.06.2016
  • Gekuckt:
    51666
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/4000 sec
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    1000x1000
  • Späicherplaz:
    683 KB
  • Originaldatum:
    2015:06:25 15:32:36
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86573]
Kommentar vum Fotograf:
am Reen virun der Philharmonie
Maimonides 27.06.2016 - 20:27
Gefällt mir exzellent, jorsch,
de Carré, d'Farwen, d'Wieder
an d'Progressioun!
jorsch 28.06.2016 - 21:15
Merci Maimonides, ech si frou wann se dir gutt gefält!
Merci och fir de Fav.!
ornitho 28.06.2016 - 11:54
Dei heiten ass Excellent ! Hei passt alles !
jorsch 28.06.2016 - 21:15
Villmools Merci ornitho!
g3ckko 28.06.2016 - 13:07
Also nee gell. Se ass obschaarf, du hues bestemmt matt AF geschoss an deen huet daat naasst Glas erwëscht. An dann nach d'Philharmonie am Hannergrond, déi schonn 1000 mol fotograféiert ginn ass. /dommt Gesabbels

Am Eescht: Deng Foto ass schlichtweg e Konschtwierk. Misteriös, spontan an ästhetesch extrem uspriechend. 1
jorsch 28.06.2016 - 21:19
Merci fir däi flotte Kommentar an däi Fav.!
Heiansdo gelengt engem jo och eng schéi Foto aus purem Zoufall, awer hei hat ech dach d'Iddi am Kapp a war frou wéi se och gelongen ass. Datt déi mystériéis Fra och nach eng rout Blumm am Grapp hat war dann awer just Chance.
g3ckko 06.07.2016 - 15:51
Absolut verdengt! Härzlechen Glèckwonsch.
jorsch 06.07.2016 - 17:22
Merci! smile
Nicon07 28.06.2016 - 14:34
Dat hei wier dach awer elo mol eng Foto fir dee läschte Concours hei op PG gewiescht...

An da soll mol nach ee kommen a soen, am Reen géif ee keng gudd Fotoe kënne maachen...

jorsch 28.06.2016 - 21:21
Merci fir däi léiwe Kommentar an däi Fav.!
Am Fong maachen ech gäre Fotoen am Reen, fannen d'Stëmmung da méi flott wéi an der décker Sonn. Et gëtt e just naass! smile
Abacab 29.06.2016 - 06:02
Di heiten hätt ech am lëschten Concours op di 1te Plaatz gewielt...
Extrem flott an allen Hisiichten!
jorsch 29.06.2016 - 07:22
Freeë mech vill iwwert däi Kommentar an däi Fav.!
D'Foto ass vum leschte Samsteg, net vun 2015, ech muss d'Joreszuel bei de Kameraastellungen änneren. Dofir och net beim Concours derbäi.
galileo 29.06.2016 - 20:17
Ganz interessant Foto ! mee mir geet de Reen nawell ferm op de S......d'Stremp. smile
jorsch 02.07.2016 - 08:32
Merci galileo, fir däi Kommentar ... an de Reen hält iergendwann op! smile
Jean-Jos 03.07.2016 - 13:29
Esou eppes vu gutt Georges!
Du weess, datt 'street' mer läit, a wann d'Elementer matspillen an de Fotograf déi richtég Astellung huet, da kann et nëmmen gutt gin.
jorsch 04.07.2016 - 14:15
Ech wees datt s du dech vill mat Street beschäftegst an dofir freeën ech mech besonnesch iwwert deng positiv Appréciatioun vum Bild an däi Fav.! Merci!
gtaddei1 31.07.2016 - 14:20
woor eng zäitchen net do ... mé dess asseinfach eng super foto ...
jorsch 04.08.2016 - 09:55
Si frou wann de dir gefält, am Merci och fir de Fav.!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 232 Gäscht online