Gefällt mir. Einfach mee gudd. Flotten Bildopbau, kennt gudd an SW. Wann do lo nach den Cpt Kirk an den Mr. Spock drop kéimen, dann géing dat wéi en Filmset vun 'Star Trek' aus den 60ier Joer wierken. (och wéinst dem Hannergrond)
D'Motiv gefällt mer ganz gudd, mee menger Meenung no kéins du hei vill méi draus machen. Et fehlt e bessen un Héichten an den Tounwerter. E bessen unhiewen an dann kriss du och méi Kontrast an deng Foto. Ausserdeem ass den Hannergrond voll matt Sensorflecken!
Hun mol versicht se qualitativ e bessen besser ze machen:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=75ea38-1451993327.jpg
Merci Jacques,
ech haat mat dem Kontrast och e bessen eremexperimentéiert, an éierlech gesoot, war daat do daat, waat mech a mäi Aa am Meeschten ugeschwaat huet...
Sensorflecken sin mer bekannt (leider), ech haat op deem Trip de worst-case...vill krass sensorflecken, an quasi keng adequat méigelechkeet de sensor korrekt ze botzen...eng Katastroph...
All Respekt fir deng Méih, fannen et gudd wann een konkret Verbesserungsvirschléi mecht, ech haat déi duster Stemmung mat wéineg Spëtzliichter ganz gaer esou...
Gär geschitt
dat mam Kontrast ass just meng perséinlech Meenung well do Steng besser op mech wierken, mee do huet jiddereen seng eejen Virstellung an d'Foto soll engem selwer jo am beschten gefaalen