Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Color and BW

 
All Fotoen an dëser Serie:
42557 Thumbnail
42558 Thumbnail
Color and BW
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2015
  • Gekuckt:
    26727
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    09/2014
  • Fotoapparat:
    Fujifilm XT1
  • Objektiv:
    10-24
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81656]
Kommentar vum Fotograf:
Den Campo Imperatore, op der Chaîne vum Gran Sasso d'Italia
Zora 02.01.2015 - 09:00
Déi Éiwegkeet déi an dem Bild stecht, ass einfach erstaunlech, immens!
gtaddei1 02.01.2015 - 15:10
Merci Pierrette ... dén Sënn huet een wann ën do huewen setzt ...
Jacques 02.01.2015 - 09:38
Farwech gefällt mer besser wéi déi s/w!
An der s/w Foto sin lenks am Bild, do wou den Himmel ophällt vertikal Streifen dran.
gtaddei1 02.01.2015 - 15:10
uuuhhh la daat ass nitt gudd ... gin mool am originalen kucken waat daat ass... Merci

Kreien daat net eraus ,,, muss dei leider frech maachen.. unhappy
Nicon07 02.01.2015 - 13:31
Zwou verschidde Fotoe vum selwéchte Motiv, Gennaro. Et gët keng Equivalenz tëscht farweg a schwarzwäiss. All Approche huet hiert eegent Liewen.

Mir gefällt s/w besser, wat nët heescht, datt farweg schlecht ass. Mais s/w ass méi grafesch a minimalistesch. Farfinformatioune sin heiansdo manner well se méi bréngen.
gtaddei1 02.01.2015 - 15:09
Däin Kopmmentar ass fir mech eng Symphonie...
Am Fong den SW ass etheresch , ouni farwesch Attractioun, just nemmen Schieter an Luucht...
D'Farwescht ass hai an do nemmen flott ... daat SW ass öfters séilesch flott ...
Waat elo mei gefaellt ass net wichtesch... wollt just nemmen weisen ewei d'Differenz enorm kenn sin...
Kloer ass den SW net nemmen eng banal Konversioun vum Farweschen
jorsch 02.01.2015 - 16:24
ad SW: Héich Wellen am Gras, et ass nach e Stéck bis bei d'Bierger, an den Himmel versprécht net vill Gudds! Komme mer un?

Flott Foto!
gtaddei1 02.01.2015 - 21:01
Merci... d'Wellen ass daat waat ech wollt hun ... smile
Conley 02.01.2015 - 16:54
Hunn di zwou lo schonn oft gekuckt, an di sw betount (och mat dem klengen Fehler den de Jacques schonn ugeschwat huet) fir mech méi d'Dramatik! Matt de Wellen war de jorsch méi schnell!
gtaddei1 02.01.2015 - 21:01
Merci villmols... ech fannen de Sw emmer vill mei intiguant
Maimonides 02.01.2015 - 20:04
Mir gefällt keng, Gennaro,
well weder di eng
nach di aner
de Gran Sasso ass.

Als Foto sin di 2
awer groussartig.
gtaddei1 02.01.2015 - 21:00
Campo imperatore Charel um Gran Sasso Biergketten ... wannst no lenks kucks gesaiste den Gran Sasso majestuös op dech erofzekucken
Charel... Merci an vill Gleck am neie Joer , mir brauchen och Gesondheet!! smile
Maimonides 02.01.2015 - 21:09
Merci gleichfalls, Gennaro !

closed_eye
Jeanny 03.01.2015 - 06:20
fir mech dei sw Gennaro, immens flott
gtaddei1 03.01.2015 - 08:51
Merci jeanny villmols
Gwendoline 03.01.2015 - 10:33
Et ass verréckt, wéi komplett verschidden déi zwou Fotoen op mech wierken. Also, dass SW en Ennerscheed mecht ass jo gewosst, mee während déi faarweg berouegend and friddlech wierkt, huet déi SW sou eng Dramatik an wierkt alles anescht wéi friddlech. Herrlech ze gesinn. Ech ka mech dowéinst och net entscheeden, wéieng ech "besser" fannen, se stellen zwou komplett verschidden Szenen fir mech duer smile
gtaddei1 03.01.2015 - 11:49
Dei Fuerwesch wierkt op dengem Gehier... well se Figurativ ass ... dei huet keng Surprise parat, dei SW weist waat net mat den Aan ze gesinn ass ... daat mengen ech mool ...
Daat soll och d'Mentatliteit sin bei den Archtektur Fotoen sin...
mischii 04.01.2015 - 19:00
Fir mech ouni Zweifel di s/w
Patrick63 04.01.2015 - 19:43
Schéin Foto!
Sutebe 05.01.2015 - 09:02
Prost neojoer alleguer an zu de Photo .. Herrlech obnahm an fier mech dei fuarweg awer och just well dei streiffen wierklech "leider" steieren ..

Mee dofier ass dei fuarweg em sou besser ..

JUst en puer frohen .. neicht mat kritik ze din just neigier:

Fierwaht ass den Crop ennerschedlech bei deenen 2? Zoufall? oder sin et 2 verschiden Photoen?

An fierwaht fehlt en dehl vum de rietser kannt vum Lenken Bierg... oder ass deen beim schwarzweis an himmel verschwonnen bei de verarbechtung.. Dei Kannt dei eroffaelt ass vis-a-vis vun de fuarweger versioun en steck mei kuerz.. an vun waht sin dei streifen vum ND Filter????

An nachenkeier un sech sin se allenzwou Top.. Schein stemmungsphotoen mat 2 verschiden gefiller..
Scorpius 09.01.2015 - 09:26
Also ech fannen se allen 2 ganz flott, geng hei keng ausschleissen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 535 Gäscht online