Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Niagara Falls

 
Niagara Falls
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (02.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.01.2015
  • Gekuckt:
    30345
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    387 KB
  • Originaldatum:
    2014:08:25 18:43:44
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikkor 18-105mm
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81647]
Kommentar vum Fotograf:
Canadian Horseshoe Falls am August 2014
Ménger Meenung no definitiv ee Besuch wäert, wann een an der Géigend ass...
an domadder wënschen ech eng gudd Gesondheet, vill Gléck an déi richteg Luucht fir 2015!


P.S.: Ee gudde Virsaatz vu mär: méi rem aktiv Fotoen maachen, kucken, kommentéieren... ;-)
suraki 01.01.2015 - 14:34
gefält mer richteg gutt !
Ech perséinlech hätt den Himmel Uewen eng Grëtz ofgedonkelt, dann giff en méi an d'Déift an an d'Mëtt kucken ... egal e flott Bild smile
Gwendoline 02.01.2015 - 08:24
Ajo, dat kann ee probéieren. Merci!
Gwendoline 02.01.2015 - 14:31
Also ech hunn dat mam Himmel ofdonkelen probéiert an et gefällt emr richteg gudd. Ech wollt d'Foto hei och ersetzen mee iergendwéi gett mer hei trotzdem emmer déi al Versioun ugewisen... Weess net wat ech falsch maachen.
suraki 02.01.2015 - 20:29
du kriss wahrscheinlech dat aalt Bild aus dem Späicher (cache) gewissen, muss an dengem Programm (Firefox?) op aktualiséieren drécken. smile
Gwendoline 03.01.2015 - 10:21
Ah ok, merci! Lo konnt ech och endlech mäin Avatar änneren, do huet en mer och emmer nees den alen ugewisen.
marischen 01.01.2015 - 18:58
Ech fannen se super wéi se ass, et huet een d'Gefill et géif een direkt virun däer Szene do stoen. Wierklech flott, ech géif se just ze vill gaer méi grouss gesinn smile
Gwendoline 02.01.2015 - 08:24
Merci! smile Hei ass se am Groussen: https://www.flickr.com/photos/gwendoline-92/15206075655/in/set-72157647421250996/lightbox/
marischen 02.01.2015 - 17:01
Merci smile Sou wierkt se nach vill méi stark, wierklech top!
Gwendoline 03.01.2015 - 10:21
Gäer geschitt an nach eemol Merci gesot!
Zora 01.01.2015 - 19:13
Dei ass richteg flott!
Gwendoline 02.01.2015 - 08:24
Mercismile
kruemelatease 01.01.2015 - 22:16
Flott Foto, erennert mech och un de Summer; war /- déi selwegt Zäit do.

D'Falls selwer sinn impressionnant, alles rondrëm ass bësse wéi Disney-Land unhappy

Fireworks @ Niagara Falls

Maid of the Mist
Gwendoline 02.01.2015 - 08:23
Dat stëmmt. Mär ware vu ville Leit/Reiseführer virgewarnt, et wier immens touristesch, an sou ass et jo och. Mee doduerch waren eis Erwardungen net immens héich, a goufen definitiv iwwertraff smile Mär ware leider jüst dagsiwwer do, dat Spektakel mam Freedefeier an der Beliichtung ass natierlech nach eng Kéier eppes anescht.
kruemelatease 02.01.2015 - 11:54
Hun et och definitiv net bereit do gewiecht ze sinn !!!
gtaddei1 02.01.2015 - 01:07
Eng Herrlech Plaatz .. hunse 2 x verpasst ... mé ... smile
Gwendoline 02.01.2015 - 08:21
...jamais 2 sans 3! closed_eye Vläicht am neien Joer! smile
Jacques 02.01.2015 - 10:07
En flott Bild, an nach besser doduerch dass déi Méiwen ronderem fléien.
Gwendoline 02.01.2015 - 14:31
Merci!smile
Maimonides 02.01.2015 - 20:25
Di do, Gwendoline,

ass well bal 3D.
Möwen am Niwel:
Rämmidämmi virum
ganz dréiwen Niwwel,

deem spannenden.
Gwendoline 04.01.2015 - 10:56
Merci. Dat freet mech wierklech, wann een sech quasi an d'Bild versat fillt smile
mischii 04.01.2015 - 15:33
eng herrlech Déift do an deem Bild an d'Méiwen sinn d'Kiischt um Kuch
Hues du déi Foto vum "Maid of the mist" aus geschoss?
Dass Du vum Spektakel owes näischt matkruus ass net sou schlëmm, ech hun di Beliichtung nämlech richteg kitscheg fonnt
Merci, och Dir alles Gutts fir 2015
Gwendoline 05.01.2015 - 11:17
Jo, ech hunn déi Foto vun sou engem Boot aus geholl, allerdings koume mär vun der kanadescher Säit erbäi an dowéinst huet d'Boot "Hornblower" geheescht, den Numm ass awer niewt der Faarw vum Plastik-K-way, den ee kritt, den eenzegen Ennerscheed zu der "Maid of the Mist". closed_eye
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 411 Gäscht online