Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Let It Snow ...

 
Let It Snow ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2014
  • Gekuckt:
    27918
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x844
  • Späicherplaz:
    872 KB
  • Originaldatum:
    2014:12:27 15:09:12
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 135mm 1:2L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81601]
Kommentar vum Fotograf:
Haut ganz spontan vum wieder profitéiert. : )
Paul-H 27.12.2014 - 20:36
Flott, awer ech hätt d'Joffer e bessen méi riets an d'Bild placéiert, do häss de zwou Mecken matt engem Schlaf getraff. D'Foto wir méi stemmeg an deen wäissen ausgebrannten Flèck wir fort. Mee déi farwlech Stemmung vum Bild ass super ! Daat bloot Kleed harmonéiert immens gudd mam Hannergrond.
-Un4Im3D- 27.12.2014 - 21:03
Merci fir deng ausféierlech Kritik! : ) hat leider just 30 Minutten Zäit gehat an et misst alles schnell goen ... mä ech fannen dat et hei grad d'Foto schéin ënnerdeelt. : )
gtaddei1 28.12.2014 - 22:39
fannen dass desen panorama Format ... flott passt... wann én den Titel liest... den thema ass de Snow... an d'Médchen de Model vum Snow...
-Un4Im3D- 28.12.2014 - 23:47
Merci, dat trefft et zou! : )
gtaddei1 29.12.2014 - 00:27
geif ech och soen ... all Teinung ass super openeengestemmt... etc etc

-Un4Im3D- 29.12.2014 - 00:37
Freet mech dass du dat sou gesäis! : )
Conley 28.12.2014 - 00:24
Sorry wann ech bei esou enger Foto een Komentar schreiwen! Wou ech net onbedéngt eppes dovunner kënnen. Awer de Bléck wou de Model hin kuckt, soll de Model dann awer éischter an den lénken Eck gesat ginn? Fir een bëssen méi Fräiraum an Bléckrichtung ze schafen. An dësem Fall awer dann just een kleng bëssen aus der Mëtt! Soss wier et schonn erëm iwwerdriwwen.
Paul-H 28.12.2014 - 11:19
Ups, jo, Du hues Recht. No riets wir hei net gudd, haat ech mol net direkt gesin.
-Un4Im3D- 28.12.2014 - 11:48
Keen Problem, ech freeën mech op all Komentar, also ech sinn och keen Profi wéi du gesäis : ) Mä ginn der do Rescht, dat et säitlech besser gewiescht wier, mä dat war déi bescht Foto wou den Schnéi an d'Mimik richteg mat gespillt hunn, dofir hunn ech déi geholl.
Conley 30.12.2014 - 16:04
Paul-H fir Recht ze hunn, dorëms ass et mir nach ni gaangen! Just een kleng bëssi weider ze ginn, an och een bëssen, iergendwann eng kéier zeréck ze kréien! Iwwer Konstruktiv Kritiken bei mengen Bille!
Paul-H 31.12.2014 - 10:06
Wollt jo just soen dass mäin Virschlag fir d'Joffer méi no riets an d'Bild ze setzen keen ganz gudden war nodeems ech däin Kommentar gelies hun.
MsJarryman 28.12.2014 - 13:45
Schéin zu ze kucken, ass se op alle Fall. Du hues de Schnéi flott festgehaalen, an Däi Model gesäit super aus smile
-Un4Im3D- 28.12.2014 - 14:15
Merci! : )
pixelman 28.12.2014 - 14:20
Panorama ass éischter eppes fir Landschaften. Porträen wéi hei sollen wann méiglech am Héichformat gemaach gin soss geet d'Wirkung vum Bléck vun dengem Model ganz verluer !
-Un4Im3D- 28.12.2014 - 15:12
Ech sinn zwar net ganz denger Meenung, mä trotzdem Merci fir deng éierlech Kritik : ) (Ech fannen dat wat ronderëm passéiert immens t'Atmosphäre ausmécht an dat häss du duerch een Portrait am heege Wee leider verluer ... datoen ass éischter als Filmlook ze gesinn)
pixelman 28.12.2014 - 22:12
ok !!
ToPo 29.12.2014 - 10:59
Schéi Foto, schéi Faarwen déi zesumme passen an e schéine Model! smile

De Panorama ass Affaire de Gout, mee passt. Just d'zentral Positioun vum Model ass nët ganz glécklech, hätt e méi no lénks gesaat.
-Un4Im3D- 29.12.2014 - 11:44
Merci! Jo, do kéints du Recht hunn, bëssen méi no lenks hätt net geschuet : )
marker 31.12.2014 - 12:28
..e schéine natierlechen 'outdoor' Porträit wou fir mäi Gout d'panorama-Format an dësem Fall ganz gutt passt.
-Un4Im3D- 31.12.2014 - 16:53
Merci, dat freet mech! : )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 292 Gäscht online