Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

BMW Z4

 
BMW Z4
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (18.12.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.12.2014
  • Gekuckt:
    22930
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1333
  • Späicherplaz:
    885 KB
  • Originaldatum:
    2014:12:17 15:52:53
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 135mm 1:2L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81496]
Kommentar vum Fotograf:
Haut een kuerzen Fotoshooting am Reen gemaach, fir t' Objektiv ze testen : )

Wat kann een besser maachen ? Ausser den Auto wäschen ^^

PS: Alles wat op der Foto ze gesinn ass, gehéiert mer net! ; )

Sou hunn d'Foto no der Kritik verschafft, an gesäit menger Meenung schon bëssen besser aus. : ) oder net ? ^^
p-foto 18.12.2014 - 09:21
Wonnerbar emgesaat !!!
I like smile
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 14:37
Freet mech! : )
OK-Photography 18.12.2014 - 12:30
Wenkel an Luucht sen top, Platz ganz uerdentlech rausgesicht - mech stéiert den liicht ze metteg orienteierten composing (méi Baam riets, Auto liicht mei no lenks hätt ech warscheinlech gudd font) an, am meechten, den Mangel un Kontrast. Fir main Gout kanns de den s/w nach een gudd Steck mei kräfteg maachen - just oppassen dass den Capot an Fenster net zevill ausfriessen... closed_eye
trotzdem eng ganz zolitt Autofoto - iLike! smile
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 14:39
Merci Oli fir deng tips! : ) Ech kucken mol wat ech aus der Foto nach raushuelen kann : )
Metalbambi 18.12.2014 - 12:52
Ech ginn dem Oli an sengen Kritikpunkten Rescht, hätt awer aner Léisungen. smile Ech hätt den Sujet méi no lénks gesat an d'Foto dann vläicht mat en bëssen méi Wäitwénkel geholl, sou dat's de den selwechten Auschnett wéi hei an der Héicht hues, awer méi Plaz tëscht Model an Bam, méi Bam ob der rietser Säit an dat ganzt am 16:9. Vir den Kontrast fannen ech bei sou SW ëmmer cool wann een ab den Mëtten zimlech staark ofdäichtert an dann just den Schwaarzpunkt en Stéck rob zitt. Dat mécht dann sou eng Art klengen U lénks ënnen an den Curves.
OK-Photography 18.12.2014 - 13:06
(thumbsup) 16:9 gesait secher och gudd aus!
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 14:44
Dat kucken ech mer mol un! : )
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 14:43
Ah dat ass mol Konstruktiv Kritik,Merci! Wäert dat opschreiwen fir déi nächste kéier an ech kucken wat ech lo nach aus der Foto raushuelen kann. : )
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 15:45
Sou dir Hären, hunn d'Foto geännert, wat sot der dozou ? Ech weess just net op de Cadrage lo sou gutt ass, wat denkt dir ?
Metalbambi 18.12.2014 - 16:13
Beliichtung ass vill besser! Cadrage ass mengen ech virdrun besser gewiescht, lo kënnt den Auto nach méi an d'Mëtt.
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 16:33
Do sinn ech denger Meenung, et wierkt als op den Auto keng platz méi huet.
OK-Photography 18.12.2014 - 17:57
Bäääm fir dKontraster - ass een riesen Ennerscheed an direkt vill besser! closed_eye
mee jooh den Kadrage ass nach net optimal... closed_eye
-Un4Im3D- 18.12.2014 - 18:57
majo ; ) vläit gefält dir de Schnëtt bei dëser besser : ) BMW Z4 [2]

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 457 Gäscht online