Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Slieve League V2

Slieve League V2
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.12.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.12.2014
  • Gekuckt:
    44614
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    23 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    797 KB
  • Originaldatum:
    2013:07:27 21:27:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:
Stativ, Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=81492]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto aus Irland mee ganz nei verschafft. Zesummesetzung aus 4 Fotoen fir d'Luucht esou hinzekréien.

D'Plaz heescht Slieve League an bidd Klippe vu bis zu 600m Héicht.
ornitho 17.12.2014 - 19:00
Schéin dei doten, mais gesin an da rietser Partie vum Bild ( vun mir aus gekukt ) eng art Banding.. heuste hei lichter eropgezun ?
Johny 17.12.2014 - 19:09
Ass kee Banding, ass "ganz normale" Reflexioun an der Lëns well ech an d'Sonn geknipst hunn, an duerch d'Verschaffe gesäit een dann och dat besser smile
Jacques 18.12.2014 - 11:24
Egal wat et ass, et stéiert enorm an der Foto. An et huet een den Androck als géif se liicht no riets kippen.
OK-Photography 18.12.2014 - 12:33
herrlech Luucht & Faarwen! smile

Den Androck dass se kippt entsteet am Kapp - duerch den on-ausgeglachenen Sujet (hunn den Problem och bei puer vun mengen Fotoen, wann een lenks Mier an riets Land geknipst huet), huelen un den Horizont ass perfekt an der Woo... "it's in your head" cool

den Lensflare stiert mech net wierklech, hunn en am Ufank mol guernet font! wier awer natierlech mei flott gewiecht en hätt riets en Zwilling gehaat...

eng herrlech Landschaftsfoto - gefällt mer immens gudd!! smile
Jacques 18.12.2014 - 13:35
Ech mengen et leit net drun op d'Mier riets oder lenks ass, well wanns du d'Foto horizontal spiggels hues du den Androck dass se no der aanerer Seit kipptclosed_eye Dann ass et eichter eng optesch Täuschung. Den Lensflare stéiert guer net an der Foto, et sin déi lang Streifen déi vertikal duerch d'Bild gin op der rietser Sait, an et geseit aus wéi Kratzer. Dat kann een awer och gär hun, also eng a.d.gsmile
Edit: D'Foto liicht entrauschen dann sin déi Streifen ewesch an d'Foto geseit richtech gutt aus(Hun et probéiert).
Metalbambi 18.12.2014 - 14:38
Hei kënnt nach derbäi dat et virun dem rietsen Deel vum Mier reent an dofir den Horizont do ofsackt/verschwënnt.
OK-Photography 18.12.2014 - 14:39
ofreck bigsmile hunn mech eng Keier mat mengem Brell un den Ecran gepöscht, an tatsächlech, LO gesinn ech wats de mat "vertikal Straifen" mengs - fir mech ass daat Faarwrauschen mat vertikaler, faarweger Pixelung. Kent wuel vum ze starken Verschaffen, an weis du sees, kritt een mat Entrauschen an den Greff... smile
hat ech net gesinn *Brell nees riichtdreckt* - merci fir dPreziséiren.
Jacques 18.12.2014 - 14:42
Elo sin ech berouecht, ech hat schon geduercht ech géif déi kleng greng Männecher gesinclosed_eye
Johny 18.12.2014 - 15:35
Ech kucke mer dat de Weekend méi genee un, merci smile (Et ware 4 Fotoen mee haut géif ech d'Beliichtungen anescht maache fir déi eenzel beräicher a besserer Qualitéit ze hunn, da muss een net sou vill verschaffen an da kënnt och net esou séier rauschen dran)
ornitho 18.12.2014 - 20:49
Amfong wat doouwen gesot gouf hun Esh gemengt gehaat.. smile Wat awa net elo eng schlecht Foto draus mescht closed_eye
Johny 18.12.2014 - 21:39
Keng Angscht, ech weess wéi sou Saachen opzehuele sinn closed_eye Si Suguer frou dass ech mol rëm eng Kéier bei engem Upload gehollef krut amplaz nëmmen "wow, schéi Foto" smile
ornitho 18.12.2014 - 22:10
smile
ornitho 22.12.2014 - 01:23
Verdengt op alle Fall closed_eye
Johny 22.12.2014 - 01:30
Merci smile
Metalbambi 18.12.2014 - 12:43
Zimlech cool! Ech géif d'Gréngt vum Gras méi giel an méi däischter maachen, mee dat kann awer och un dem Ecran hei leien, weess net wéi präzis deen ass.
Wat den Ornitho mengt sinn sou vertikal Linnen déi een virun allem iwwer dem Mier zimlech gudd gesäit. Hues der do wahrscheinlech eng Art Rauschen am Flare mat der Téinung verstäerkt. Géif do mol einfach probéieren lokal deen Faarftoun ze entsättegen. Iwwer dem Gras an den Bierger fällt et souwisou net ob.
Johny 21.12.2014 - 20:59
Ech hu se bëssen anescht verschafft, lokal enträuscht op der Plaz mat de Sträifen. Et gesäit ee se nach ganz bëssen mee denken ass scho vill besser sou. Zevill enträusche wëll ech dann och erëm net smile
Metalbambi 21.12.2014 - 21:58
Jup, lo ass d'Faarfrauschen schonn mol fort, dat mëscht vill aus!
gogo 23.12.2014 - 00:15
Gratulatioun, flott Foto, mier gefaalen di Fuerwen ganz gudd, sin ganz douce, wierken am virgrond schon baal onecht mam stark rosa toun, awer flott!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 450 Gäscht online