wollt schon derbaischreiwen dass dKontraster een Tick mei propper keinten sinn (virunallem di liicht Roud-Téinung an den Wolekken irriteiert mech e bessi) mee fir een Filmresultat, wann et sou rauskomm ass: grandios!
Merci OK-Photography, un deser Foto as soss näischt gemach ewéi de Stës vum Scannen ewech gestempelt an d'gréist vun der Datei ugepast, se as net beschnidden, net verzerrt, einfach out of Cam an Scan. Beim Scanner as de knackpunkt, déi wou richteg gutt sin, sin net ze bezuelen an déi di ze bezuelen sin losen d'resultater ze wënschen iwwereg.
Jiddereen kennt jo bestemmt déi bekannten Landschaftsfoto vum Windows XP Desktop? Dat as zb och een Diapositiv an net wéi vermutlech jiddereen unhellt eng Digital oder Phantasie Foto déi an engem 3d Programm entstanen as.
hui! fir dass de "mol net d'Kontraster" duerno agestallt hues, emmer nach een TOP Resultat!! Kennen den Problem vum Scanner (hunn selwer een fir Dia'en ze scannen....an dei sinn och net emmer top....)
Senn immens frou nach sou puristich Arbechten ze gesinn hai um Site, as rare ginn, allgemeng! :/
Stemmt, déi Doku hat ech virun enger Zaitschen eng Keier gesinn, ass wierklech interessant - den hat d'Gleck vum Liewen hehehe
Du wees jo dann wéi een korrekt beliichtenen Diapositiv ausgesäit, dest war mäin éischten Diafilm den ech beliicht hun an ech war erschloën vun dem resultat.
Du hues dach bestemmt nach eng Analog Kamera irgendwou stoen, probéier et einfach mol erem.