Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

inspiration

 
inspiration
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2014
  • Gekuckt:
    25174
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    52 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    952x639
  • Späicherplaz:
    283 KB
  • Originaldatum:
    2014:07:06 14:52:13
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79423]
Kommentar vum Fotograf:
Esou am MUDAM gesinn.

De Kapp vum Mann hunn ech onkenntlech gemaach.
Domat wëll ech hei d'Fro opwerfen, op ech dës Foto am Original hei weisen dierf.
D'Bild ass am MUDAM, also engem öffentleche Gebai gemaach ginn. De Mann huet mech fotograféiere gesinn, allerdéngs hunn ech hien net explizit em Erlabnis gefrot.
Freeë mech iwwert eng Rechts-Opklärung. Merci.
MsJarryman 16.07.2014 - 14:09
Mir gefällt deng Foto wéi se ass, eben well's Du dem Mann seng Privatsphäre respektéiers closed_eye
jorsch 18.07.2014 - 08:33
Merci MsJarryman.
Ech hunn eng Hemmung d'Leit an d'Gesiicht ze fotograféieren, offen oder verdeckt, hei am Land mee och am Ausland. Emfannen dat als aggressiv. ( Ausser wann ech den Accord vun de Leit hunn, mee dann ass d'Spontanéitéit futsch. )
A Street-Fotografie mat nëmme Récker ass och net flott... also: zurück zur Natur! smile
pixelman 17.07.2014 - 10:59
D'Perséinlechkeetsrechter sin op denger absolut gelongener Foto garantéiert, och ouni onkenntlechmaachen vum Gesiit.

Erklärung: de Personnage ass net den Haaptsujet vum Bild. Hien steet éischter zoufälleg doo, an ass och nach vun der Seit droppkomm.

jorsch 18.07.2014 - 08:37
Merci pixelman fir deng Erklärungen.
Ech wousst net dat d'Ausleeë vun de Perséinlechkeetsrechter och vun der Interpretatioun vum Bild ofhänkt.

Freeë mech awer och datt d'Bild der gefält!
gogo 17.07.2014 - 23:16
Flott Foto, waat di Saach mat de Rechter ugeet kann ech der net soën, fannen awer gudd dass de dëch domadder auserneensetze wëlls, falls de mei gewuer gëss kanns de et ons jo matdeelen smile
jorsch 18.07.2014 - 08:41
Merci gogo fir däi Kommentar.
Ech hunn elo schonns mat e puer Kollege geschwat an déi konnte mer och keng kloer Ausssoen zum Thema Perséinlechkeetsrechter bei der Street-Fotografie ginn.
Wat dierf een, wat net, wou sinn d'Grenzen, wat riskéiert een?
Am Fong wier et interessant den Thema emol mat engem Jurist ze beschwätzen.
Gaga 18.07.2014 - 09:48
Hei ges de e bessen doriwer gewuer, wann och am Endeffekt ememr erem gëllt, et kann een nie genau soen ween mei Recht huet.
Am schlemsten Fall emmer t'Foto zereckzeien, wann eng Reklamatioun kennt, oder et geht hart op hart firun t'Geriicht.

http://youtu.be/BRvwcHFfb74

http://youtu.be/o0GzATiXKBI
jorsch 18.07.2014 - 11:56
Villmool merci Gaga.
Di zwee Videoen si ganz interessant, zemol wou se och nach zwou verschidden Approchen zum Problem weisen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 471 Gäscht online