E Bild ouni Message, ouni Gefill, ouni Dokumenatiounswäert, ouni Stëmmung, ouni Faarf, net sou richteg konkret, net sou richteg abstarkt ... just mat e puer Flächen a Formen am SW... mécht dat nach Sënn?
War natierlech e bësse provokant gemengt.
Di reng Freed un de Formen, Strukturen, Linnen mécht wuel Sënn.
Merci och nach fir de Fav. an däin typografeschen Asaz beim Schreiwe vun dem Kommentar!
Merci gtaddei1, fir däi Kommentar!
Bei der drëtter ass de Kanaldeckel riicht, dofir d'Zebrasträife kromm. Ëmgedréit hat ech och probéiert, dat hunn ech awer manner gutt fonnt. Oder ass soss nach eppes kromm?
Merci gtaddei1.
Ech sinn elo dach iwwerrascht iwwert de Vote vun dëser Woch, ech hätt net geduecht datt ech mat dëser "Banalitéit" Zousproch fanne géif.